Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert
International Kultur Neiegkeeten

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert

Fir de President vun de Piraten, Sven Clement, kann een

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“
International Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

Dee laange grénge Samschdeg
International Kultur Neiegkeeten

Dee laange grénge Samschdeg

Et war wuel kee Stress, mee dofir war e gutt

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

Wéi gëschter annoncéiert ginn ass, wäert d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech vum 14. bis 18. Oktober 2020 stattfannen. Dës Decisioun huet d’BBG (Börsenverein des Deutschen Buchhandels Beteiligungsgesellschaft) decidéiert, nodeems d’Gesondheets- an Hygièneskonzept wuel iwwerzeegt huet. Eleng am leschte Joer hunn iwwer 302.000 Visiteuren déi bekanntst Buchmesse vun Hessen besicht.

Déi 72. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse wäert dobäi an digitaler an physescher Weis an de Foireshalen, dezentral vun der Stad Frankfurt, organiséiert ginn. Den Direkter vun der rieseger Bicherfoire Juergen Boos betount, datt et besonnesch an dësem Joer wichteg wier, d’Buchmesse duerchzeféieren.

Buchmesse 2020

„Mat der Presenz um Foiresterrain, Bicherevents op der Plaz a virtuell schafe mir Ëffentlechkeet fir d’Auteuren, fir d’Branche, fir eis Themen. D’Frankfurter Buchmesse 2020 ass coronabedéngt eng Sonnereditioun – e Programm op der Plaz, kombinéiert mat zukunftsweisenden digitale Formaten. Mir soen dem Ministerpresident vum Land Hessen, dem Volker Bouffier, dem Wirtschaftsminister Tarek Al-Wazir, dem Finanzminister Michael Boddenberg, sou wéi dem Buergermeeschter vun der Stad Frankfurt am Main, dem Peter Feldmann, Merci fir hir grouss Ënnerstëtzung.“

Fir datt d’Bicherfoire iwwerhaapt stattfannen dierf, hunn d’Organisateuren een detailléiert Gesondheets- an Hygièneskonzept missen ausschaffen a presentéieren, fir esou zu all Ament d’Sécherheet vun de Visiteuren, den Aussteller a Mataarbechter ze garantéieren. D’Ordnungsamt an d’Santé vun der Stad Frankfurt konnten iwwerzeegt ginn, d’Gesamtsituatioun muss awer am A behalen an d’Konzept dorunner ugepasst ginn.

Um Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse 2019 © Shari Pleimelding/moien.lu

Den aktuelle Standpunkt

D’Frankfurter Buchmesse soll vum 14. bis 18. Oktober 2020 stattfannen, woubäi wéi soss och 3 Deeg fir de Fachpublikum an de Weekend fir Privatpersoune geduecht sinn. Déi genee Unzuel u Visiteuren, déi eragelooss ginn, wäert am Oktober decidéiert ginn. Aktuell schwätzt een awer vun 20.000 Visiteuren, déi gläichzäiteg um Site dierfe sinn. Registréiere muss ee sech am viraus.

Geplangt ass, datt 6 Halen (3.0, 3.1, 4.0, 4.1, 6.0 a 6.1) genotzt solle ginn, d’Stänn ginn op ee Minimum vun 8 Quadratmeter vergréissert an och d’Gäng ginn ëm 1,5 Meter méi breet gemaach, sou datt méi Kommunikatiounsfläch gebuede ka ginn. D’Bühne gi gréisstendeels duerch digital Offeren ersat. De Kaf vu Bicher ass nees um Samschdeg a Sonndeg méiglech.

Méi genee Detailer gouf et an der Pressekonferenz haut de Mëtteg.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Sécherheet a Gesondheet hunn iewescht Prioritéit

„D’Frankfurter Buchmesse ass een Deel vun der DNA vun dëser Stad an och eng Ikon an der Messewirtschaft. Mir freeën eis immens doriwwer, datt sech d’Branche fir eng Buchmesse 2020 entscheet huet an domat ee ganz positiivt wirtschaftlecht Signal sent“, sou den Uwe Behm, Direkter vun der Messe Frankfurt.

D’Sécherheet a Gesondheet vun alle Bedeelegten géif natierlech am Virdergrond stoen an esou géif een d’Ufuerderungen un déi aktuell Erkenntnisser zur sanitärer Kris upassen. Genee Detailer zum Programm kommen awer eréischt Enn Juni eraus.

Buchmesse 2020

Just een Drëttel un Aussteller an 20.000 Visiteuren

D’Technik mécht et méiglech, datt eng Pressekonferenz op Zoom konnt ageriicht ginn, fir esou d’Froe vun der Press zum Bäibehale vun der FBM 2020 ze beäntweren. Mat dobäi waren de Juergen Boos, Direkter vun der Bicherfoire, d’Karin Schmidt-Friderichs vum Verlag Hermann Schmidt, den Alexander Skipis vun der BBG an d’Moderatorin Kathrin Grün.

Beim Gespréich koum eraus, datt nom aktuelle Stand bis zu 20.000 Visiteuren gläichzäiteg um Site dierfe sinn. Dës Zuel kann awer zu all Ament ugepasst ginn. Fir d’Visiteure gëllt, datt eng limitéiert Zuel un Dages-Ticketen iwwert d’Internetsäit ugebuede ginn. Dobäi heescht et, datt keng Selektioun gemaach gëtt, mee den Éischte vir ass.

Just een Drëttel vun den Aussteller wäerte kommen kënnen/dierfen, dat och bedéngt duerch d’Moossnamen zur Ausrees am Ausland. Esou gesäit et fir d’Gaaschtland Kanada aus, wéi wann wéineg bis guer keng Editeure komme kënnen, an een hei op déi digital Plattform zeréckgräife wäert.

E Virdeel vun de relativ neie Foireshalen ass, datt d’Belëftung ugepasst ka ginn. Hei gouf och nach emol bestätegt, datt d’Gäng an d’Stänn vergréissert ginn, verschidden Evenementer awer an den ëffentleche Raum an d’Stad Frankfurt am Main verluecht ginn.

Et huet een drop opmierksam gemaach, datt d’Bedierfnis grouss ass, sech mam Buch auserneen ze setzen an un ëffentlechen Evenementer deelzehuelen. D’Frankfurter Buchmesse 2020 kéint weeweisend als Perspektiv op Normalitéit fir d’Gesellschaft déngen. D’Konzept ass flexibel, et sinn nach gutt 4 Méint bis zur Bicherfoire an awer muss ee grad an onsécheren Zäiten dat Positiivt am Bléck hunn.

© Shari Pleimelding/moien.lu

D’Zoustëmmung an de participative Geescht aus dem europäesche Raum ass grouss. Schliisslech huet d’Frankfurter Buchmesse als gréisst Foire vun hirer Aart, een immense Wäert fir den intellektuellen Austausch a setzt ee siichtbare Beitrag fir d’Buchbranche.

Zu gudder Lescht sollt ënnerstrach ginn, datt d’Messe dësem Evenement all Moyenen zur Verfügung stellt an een sou och op aner Halen zeréckgräife kann. Sollt et zu enger zweeter Well vu Covid-19 kommen, wäert déi physesch Versioun ofgesot a sech eleng op déi digital Plattform konzentréiert ginn. Dobäi geet et net ëm de wirtschaftlechen Aspekt – datt et zu immensen Defiziter kënnt ass gewosst – mee et wëll een den intellektuellen a kulturelle Beräich fërderen.

Déi ganz Konferenz fannt Dir nach emol hei:

Ähnlech Sujeten Alexander Skipis, BBG, Bicherfoire, Buch, Frankfurt am Main, Frankfurter Buchmesse 2020, Gesondheet, Juergen Boos, Karin Schmidt-Friderichs, Keng Ofso, Konzept, Literatur, Santé, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel