Search

You may also like

Am Frankräich ass scho Wanter
Kultur Neiegkeeten

Am Frankräich ass scho Wanter

300.000 Menage ouni Stroum, iwwert dausend Camionen an honnerten Autoe

Tierkei: Nom Geriichtsuerteel verdeedegt de Patron vu Cumhuriyet d’Pressefräiheet
Kultur Neiegkeeten

Tierkei: Nom Geriichtsuerteel verdeedegt de Patron vu Cumhuriyet d’Pressefräiheet

Grad emol fräie Fouss gesat, no 500 Deeg an Haft,

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli
Kultur Neiegkeeten

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt un dësem Weekend direkt 2 kombinéiert

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand

Enn Mee gouf ugekënnegt, datt d’Editioun 2020 vun der Frankfurter Buchmesse stattfanne wäert. Vum 14. bis den 18. Oktober wäert déi riseg Bicherfoire am reduzéierte physesche Kader, wéi och an digitaler Weis organiséiert ginn. E Lëtzebuerger Stand wäert et allerdéngs net ginn.

De Kulturministère huet haut de Moien matgedeelt, datt een zesumme mat de Responsabele vu Reading Luxembourg an der Federatioun vun den Editeuren decidéiert huet, net un der Frankfurter Buchmesse deelzehuelen. D’Gesondheet vun alle Bedeelegte steet och an der Kultur am Virdergrond, wouduerch ee wahrscheinlech aktuell léiwer op Nummer sécher goe wëll.

Ganz op Bicher, Geschichten an d’Erliefnis ronderëm d’Literatur wëll een awer och net verzichten. Dofir wäert Reading Luxembourg vun der digitaler Offer vun der Bicherfoire profitéieren. Genee Detailer sollen an den nächste Woche matgedeelt ginn. An der virtueller Welt kënnen esou d’Lëtzebuerger Wierker presentéiert ginn.

An dësem Kader gëtt och dru geschafft, d’Visibilitéit vun de Lëtzebuerger Bicher, Editiounen an Auteuren ervirzehiewen.

Related topics Bicher, Doheem, Frankfurter Buchmesse 2020, Geschichten, Kulturministère, Lëtzebuerger Stand, Literatur, Ofso, Reading Luxembourg
Next post Previous post