Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier
D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August
D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August
De President vum Europarot, Donald Tusk, straalt Optimismus aus a
Wéi d’Ministesch um Stand bei der Frankfurter Buchmesse erkläert huet, géif een iwwert de Programm vu Reading Luxembourg zur internationaler Visibilitéit vum Groussherzogtum als literarescht Land bäidroen. „Déi ëmfaassend Panoplie un exzellente Wierker, déi zu Lëtzebuerg entstane sinn, verdéngen et unerkannt an am Ausland verbreet ze ginn. Andeems mir ab 2020 eis Presenz bei weideren internationale Foiren, wéi dem Salon du Livre oder dem Marché de la Poesie zu Paräis, weiderentwéckelen, verstäerke mir eis Efforte fir eise literaresche Räichtum mam Rescht vun der Welt ze deelen.“
© MCULT
Zu Frankfurt ass den nationale Bichersecteur mat engem Stand vu 64 m² present. Dës Fläch ass opgedeelt an een Espace Business fir d’Promotioun vun den Editeuren, priméierte Bicher an Iwwersetzungen, sou wéi ee Beräich ReadingLX fir d’Presentatioun vun de Lëtzebuerger Bicher, eiser Kultur a Literatur.
Vum 16 bis den 20. Oktober 2019 sinn 170 Titele vun 9 Editeuren um Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse ze fannen: Black Fountain Press, Capybarabooks, Editions Gérard Klopp, Editions Guy Binsfeld, Editions Phi, Editions Saint-Paul, Hydre Editions, Kremart Editions an Op der Lay. Nach bis e Sonndeg soll hei eng Plattform vum Kenneléieren, dem Echange, der Presentatioun an engem kulturelle Programm gebuede ginn.
Zënter 2018, duerch eng Kollaboratioun tëscht dem Kulturministère an der ALAC, koordinéiert Reading Luxembourg d’Presenz vu Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse a fërdert esou den Export vun den nationale Wierker, themateschen Atelieren an d’Rees vun der Press op dëst Evenement.