Search

You may also like

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss
Neiegkeeten

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Op enger ganzer Säit am Quotidien huet sech de Matbegrënner

D’Kand beim Numm nennen
Neiegkeeten

D’Kand beim Numm nennen

Falls et an de vergaangene Méint net offensichtlech genuch gewiescht wier, huet

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink an déi 45-fach däitsch Meeschterin Sabrina Mockenhaupt vu pjuractive an der Gesamtwäertung déi véiert Platz erkämpfen. Bei der Mixed-Team-Wäertung ass souguer eng 1. Platz eraus gesprongen. pjuractive huet d’Staffel ëm déi zwee Sportler ënnerstëtzt an domat och déi Däitsch Stëftung vun der Organtransplantatioun (DSO).

Zesumme mat zwee weidere bekannte Leefer, Jannik Arbogast a Maya Rehberg, huet d’Team ronderëm den Elmar Sprink zu Frankfurt fir déi genannten Organisatioun deel geholl. Ënnert dem Numm „DSO Team Schnell mit Herz“ hu si bei der Staffel net nëmmen eng super Platz beluecht, mee och gläichzäiteg op d’Thema Organtransplantatioun opmierksam gemaach, wat besonnesch dem Elmar Sprink um Häerz läit.

Marathon

© pjuractive

„Ech si frou hei mat esou gudde Leefer deelhuelen ze kennen an doriwwer hinaus nach d’Thema Transplantatioun an de Fokus ze réckelen. Ouni mäin Spenderhäerz kéint ech hei net matlafen“, sou de Sportler. Nieft „Schnell mit Herz“ sinn nach fënnef weider Teams fir déi däitsch Stëftung gelaaf. D’Organisatioun koordinéiert d’Organspend an Däitschland a setzt sech fir esou vill wéi méiglech Transplantatiounen an.

Wieder Informatiounen zu pjuractive ginn et ënnert www.pjuractive.com.

Related topics Elmar Sprink, Frankfurter Marathon, Marathon, Organspend, pjuractive, Sabrina Mockenhaupt
Next post Previous post