Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Rees ënnert engem grousse Schied
Neiegkeeten

Eng Rees ënnert engem grousse Schied

Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

money
D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider
Neiegkeeten

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen

Frankräich: Eng Äntwert op d‘Migratioun fannen

Mat iwwer 12.000 Logementer fir d‘Refugiéen an Asylante mécht Frankräich e reellen Effort. D‘Regierung huet um Mëttwoch gläichzäiteg mam „Plan Migrants“ ugekënnegt, deenen déi hir Demande refuséiert kruten, och zügeg d‘Wee Richtung Sortie ze weisen.

Mat der Kreatioun vum engem Posten als Delegéierte vum Ministère soll d‘Aarbecht dann och effizient gestalt ginn. „Mir sinn net op der Héicht vun dem wat, Frankräich muss sinn“, dat géintiwwer de Mënschen déi d‘Hëllef brauchen a verdéngt hunn, resuméiert de Premier Edouard Philippe d‘Situatioun. Hien huet den Aktiounsplang am Nomëtteg virgeluecht, den ab September vun engem Gesetzprojet soll begleet ginn.

Keng Zäit verléieren

De Sënn vun der Aktioun ass primär den Delai vun der Prozedur bei der Demande ze reduzéieren. Den Zäitraum vu 14 Méint op sechs Méint erofdrécken, wéi dat vum President gefuerdert ginn ass. Den Emmanuel Macron, dee Bedauert huet, datt den Dispositif vun alle Säiten iwwerfuerdert ass, besteet op enger Reform vum Asylrecht.

Méi schnell d‘Donnéeën ophuelen, d‘Leit zu de Gespréicher ruffen an d‘Dossieren un d‘OFPRA (Franséischen Office zum Schutz vun de Refugiéen a Staatelos) weiderleeden. Do sollt d‘Instruktioun da bannent zwee Méint ofgeschloss ginn, géint fënnef aktuell. Dat verlaangt eng Verstäerkung vum Personal, och bei der „Cour d‘Appel“ an de Prefekturen, wou d‘Prozedur ufänkt.

Wéi vill Geld dës Mesurë benéidege konnt de Premier net soen.

Wéi vill Geld dës Mesurë benéidege konnt de Premier net soen. Och de Budget fir de ganzen Aktiounsplang ass bis elo nach net virgeluecht ginn. Et wäert awer mussen ee gudde Batz Geld an de Grapp geholl ginn. Eleng bei de Wunnengen ass virgesinn, 2018 wéinstens 4.000 Logementer ze schafen. 2019 sollen et nach ëmmer 3.500 Eenheete sinn. Am ganze bedeit dat en Erhéijung vun 10% vum aktuelle Bestand. Et soll doriwwer eraus och en Effort gemaach ginn, fir de Refugiéen ze hëllefen autonom eng Wunneng ze fannen.

Plazen allerdéngs déi net direkt de ronn 550 Migranten, déi zur Zäit am Norde vu Paräis ënnerbruecht sinn. Eng Konsequenz vun der grousser Evakuatioun vum leschte Freideg. „Ech hu keen Zauberstaf“, sot den Edouard Philippe, mam Hiweis op de Fait, datt de Kredit op d‘Noutlogementer erhale bliwwen ass.

Chancëgläichheet

Am Bezuch op déi onbegleete Mannerjäreg, versprécht den Aktiounsplang spezifesch Mesuren ab der Rentrée 2017. Da muss och op d‘Integratioun gekuckt ginn. Eng vun de Prioritéite vum „Kandidat“ Macron déi virgesäit d‘Politik nei ze gestalten.

Et geet u sech drëms, de Refugiéë Chancëgläichheet ze garantéieren. An dësem Beräich wëll d‘Regierung den Akzent op d‘Formatioun setzen a progressiv d‘Stonne verduebelen an deene Franséisch geléiert gëtt. Aktuell sinn et 200 Stonnen, wat largement ze wéineg ass. Den interministeriellen Delegéierten zur Integratioun deen nach muss ernannt ginn. Een interministerielle Rot zu Integratioun soll sech an dësem Zesummenhang bis Enn 2017 zesummesetzen.

Verschidden Organisatioune sinn awer beonrouegt. Déi franséisch Regierung insistéiert op den Ënnerscheet tëscht Refugiée an Wirtschaftsmigrant. Et muss „ee Wäert drop leeën, datt déi Leit verstinn, datt et net méiglech ass all Mënsch deen aus wirtschaftlechen Ursaachen a Frankräich kënnt, opzehuelen“ esou de Premier.

Ausweisung, Hausarrest a Réckféierung

Esou sinn dann Aussoe mat staarkem Symbol-Charakter gefrot: Déi Leit, deenen hir Anträg ofgeleent gi maachen „automatesch den Objet vun enger Ausweisungsmesure“. Eng komplizéiert Ugeleeënheet, wann ee bedenkt, datt 2016 ronn 91.000 Auslänner an irregulärer Situatioun opgegraff, an der just 25.000 Ausgewise gi sinn.

An deem Sënn muss och verstane ginn, datt d‘Regierung wëlles huet de juristesche Kader vun der Sécherheetsgewahr ze änneren. Am Kloertext, soll d‘Zäit wou ee Mënsch kann agespaart, vun elo 45 Deeg, op eng länger Dauer ausgeluecht ginn.

Wat déi Migrante betrëfft, déi hir Fangerofdréck an engem aneren EU-Land hannerlooss hunn, wat u sech kompetent wier hir Asyl-Ufro ze beaarbechten, gëtt och duerchgegraff. Esou zum Beispill bei deenen, wou sech ëmmer méi zuelräich zu Paräis oder Calais mellen. Hei ginn zéng sonner Zentren an de Prefekturen ageriicht.

D‘Regierung wëll d‘Unzuel vun den Transferten an d‘Länner vun der éischter Arees erhéijen. Am Moment läit dee bei grad 10% wat esou net méi kann ugeholl ginn. Dofir ginn dann och verstäerkt Moyene fräigestallt. Esou notamment d‘Kreatioun vun 1.000 Logementer wou déi Leit déi ënner Hausarrest stinn, op hiren Transfert musse waarden.

Den Aktiounsplang bestätegt dann nach déi europäesch Engagementer, wéi d‘Reinstallatioun‚ vun de Refugiéen ab dem Transitland (Libyen, Tierkei…) an der Stäerkung vun der Agence FRONTEX. Och déi gemeinsam politesch Haltung géintiwwer dem Asyl oder den Aktioune géint Passeuer‘en vun der EU soll méi offensiv matgedroe ginn

mam Claire Gallen/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Immigratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel