Search

You may also like

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?
International Money Neiegkeeten

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Am Wahlprogramm vun der demokratescher Partei (DP) steet geschriwwen: „Fir

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)
International Money Neiegkeeten

En Treffen tëscht Jean Asselborn an Dr. Mark Speich (NRW)

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet gëschter den Dr

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht
International Money Neiegkeeten

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus

money

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en dann eventuell ze generaliséieren, dat ass de Wonsch vun aacht sozialisteschen Departement-Presidenten am Frankräich.

Si wëllen hire „Projet d’Experimentation“ an d’Parlament droen a verdeedegen hir Iddi an enger Chronik déi haut am „Journal du Dimanche“ verëffentlecht gëtt.

„Dat bedéngungslost Grondakommes erneiert eng universell Ambitioun, aus där d’minimal Aglidderungsakommes (RMI) 1988 entstanen ass: jidderengem e Grondakommes ze garantéieren“, esou d’Meenung vun den aacht Signataire vun der Chronik.

Et sinn dat de Jean-Luc Gleyze, (Gironde), André Viola (Aude), Henri Nayrou (Ariège), Philippe Martin (Gers), Mathieu Klein (Meurthe-et-Moselle), Georges Méric (Haute-Garonne), Jean-Luc Chenut (Ille-et-Vilaine) an de Stéphane Troussel (Seine-Saint-Denis).

Si beruffen sech op hir lokal Implantatioun a verlaangen dëse Konzept dierfen auszeprobéieren. Beim Grondakommes, an dann och nach bedéngungslos, do ginn d’Meenunge wäit ausenaner, den Debat kënnt awer reegelméisseg nees op.

An der Realitéit ausprobéieren

„Mir wëlle vun der Etüd am Laboratoire zum Test „in vivo“ iwwergoen, an deem d’Experiment an d’Parlament gedroe gëtt“, esou déi aacht Departement-Presidenten, Si erënneren och drun, datt de President vu Frankräich, den Emmanuel Macron beim Kongress vun de Buergermeeschter ugekënnegt hat, „d’Verfassung ze reforméiere fir d’Recht zum Versuch ze lackeren“.

D’Departement-Presidente wëllen „en zolitte Modell, wëssenschaftlech Kredibel, sozial gewot a finanziell duerch Mikro-Simulatioune gestëtzt“ ausschaffen dee vu „soziale Realitéiten“ ausgeet.

De Versuch um Terrain soll et erlaben, eng Evaluatioun vum bedéngungslose Grondakommes ze maachen “fir en unzepassen, iert de Prinzip generaliséiert kéint ginn“. Eng genau Virstellung, wéi si dat wëllen ëmsetzen, ass net preziséiert ginn.

Dat bedéngungslost Grondakommes ass net den „Doudegriewer vum Wäert vun der Aarbecht“, mee stellt ganz am Géigendeel, fir alleguerten déi wou duerch d’Netz vun allen ëffentleche Politike falen, eng Opportunitéit duer, sech nees an den Aarbechtsmaart ze integréieren.

D’Enn vun der Aarmut?

Si ënnersträichen d’Limitte vum Akommes vun der aktiver Solidaritéit (RSA) an d’Komplexitéit vum „soziale Minimum“ deen ouni Recours ass. Erënnert gëtt och, datt d’Aarmut am Frankräich ronn 9 Millioune Mënsche betrëfft.

D’Lescht Joer hat eng Informatiounsmissioun vum Senat virgeschloen, séier zu engem Versuch a „fräiwëllegen Territoiren“ ze kommen, a verschidde Modalitéite vun engem bedéngungslose Grondakommes auszeprobéieren.

Dëst „universaalt Grondakommes“ gëtt schonn op klengem Niveau oder als Projet a verschiddene Länner ausprobéiert. Hei beispillsweis Finnland, wou et dann och éischt positiv Réckmeldunge gëtt. Si war och ee vun de grousse Virschléi vum sozialistesche Presidentschaftskandidat Benoît Hamon.

Ufank November hat de Spriecher vun „Europe Ecologie-Les Verts“ (déi Gréng) Julien Bayou eng „Crowdfunding“ Operatioun ugekënnegt, fir dëst Akommes ze experimentéieren. Hei sollen duerch Auslousung Leit „gewielt“ ginn, déi vun dëse System ee Joer laang profitéiere sollen.

Utopie oder e Gesellschaftsmodell?

Op ee bedéngungslost Grondakommes och e Projet fir Lëtzebuerg ka sinn, doriwwer gëtt och bei eis vill an hefteg diskutéiert. Bei der „Initiativ bedingungslost Grondakommes Lëtzebuerg“ kann een eppes weider gewuer ginn.

Related topics Frankräich, Grondakommes
Next post Previous post