Search

You may also like

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?
International Neiegkeeten

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?

Nach ni ass op der Welt esouvill Geld an d‘Rëschtung

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International Neiegkeeten

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
International Neiegkeeten

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Frankräich: Feier an enger chemescher Fabrick

Schwaarze Reen an Äsche-Wolleke beonrouegen d‘Awunner nom Feier am Wierk vu Lubrizol

Et war ee „spektakuläert“ Feier, dat zu Rouen an der Fabrick vu Lubrizol (klasséiert „Seveso“) zu Rouen, an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ausgebrach ass. Wéi et heescht wier kee Mënsch heibäi verletzt ginn, d‘Awunner waren awer opgeruff sech „anzespären“ an d‘Fënsteren zouzeloossen. D‘Pompjeeë konnten d‘Feier zudeem séier ënner Kontroll bréngen.

„Et war erschreckend“, esou d‘Murielle (27) eng Awunnerin vu Rouen, déi dëst Industrie-Accident materlieft huet. „Et war géint hallwer dräi de Moien, wéi et zu enger fierchterlecher Explosioun komm ass. D‘Flamen déi een uschléissend gesinn huet, hu wäit an den Himmel eragereecht“, esou dës Mamm vun zwee klenge Kanner, déi zwee Kilometer vun der Fabrick ewech wunnt.

FabrickSäitens den Autoritéiten heescht et datt d‘Feier an enger vun den Hale vun dësem Industriestanduert – deen als „Risiko“ Standuert, klasséiert Seveso – ausgebrach ass. Si hunn d‘Awunner am direkten Anzuchsberäich vun der Fabrick opgeruff sech doheem „anzespären“ an d‘Fënsteren zouzeloossen. Déi schwaarz Äschewolleken hu sech och zimlech séier iwwert d‘Stad Rouen geluecht.

FabrickAn de sozialen Netzwierker hunn d‘Awunner Fotoen a Videoe vun hire Gaardemiwwel gepost, déi ënnert den Äsche begruewe sinn. Am Stadzentrum huet ee gëschter wéineg Leit begéint, an déi wou sech virun d‘Dier getraut hunn, oder hu missen, hu sech mat eegene Mëttel, virun allem mat Maske géint eng onsiichtbarer wéi net anzeschätzender Gefor geschützt. D‘Stëmmung war bedréckend…

FabrickGéint der Owend, huet d‘Prefektur vun der Seine-Maritime d‘Awunner vu Rouen an 12 ugrenzende Gemengen opgeruff doheem ze bleiwen. D‘Crèchen, d‘Schoulen an d‘Lycéeë bleiwen haut aus preventive Grënn zou. Besonnesch Moossname sinn fir d‘Altersheemer am betraffene Perimeter getraff ginn. Zum Ausmooss vun de méigleche Geforen hu sech d‘Autoritéiten net geäussert.

FabrickDe franséische Wiederkanal „La Chaîne Météo“ huet via Twitter Biller vun enger Päerdszuucht verbreet, déi och vum „schwaarze Reen“ heemgesicht ginn ass. Dësen Zuchtbetrib ass 35 Km vun der Fabrick „Lubrizol“ ewech. Och d‘Kollege vun „France3“ hu Biller aus der Regioun gewisen, déi engem weisen, wat do an d‘Luucht geblose ginn ass, dat kann näischt Gutts bedeiten.

FabrickEt ginn elo an der ganzer Regioun Loft- a Buedemanalyse gemaach. Bis déi ofgeschloss sinn, ass et de Landwirt an de Leit verbueden hir Fruucht an/oder Geméis eranzehuelen. D‘Bauere sollen awer hir Déieren ënnerdaach bréngen, an dës och näischt iesse loossen dat vum schwaarze Reen kéint verknascht gi sinn. D‘Privatleit sollte keen Uebst oder Geméis aus dem Gaart iessen.

mat indymedia/lil

Opmaachefoto: © Nicolas Delaunay (via Twitter)

Galerie: © Sapeurs Pompiers du 76

Related topics Ëmweltverschmotzung, Groussbrand, Lubrizol, Rouen, Seveso
Next post Previous post