Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mars di Bartolomeo Kritt d‘Joresversammlung vun der OSZE op Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De Mars di Bartolomeo Kritt d‘Joresversammlung vun der OSZE op Lëtzebuerg

Als President vun der lëtzebuergescher Delegatioun, huet de Chamberpresident Mars

angrytonguelove
Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche
International Neiegkeeten

Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche

Den éischte „Sprint-Meeting“ vun der FFSA um Circuit vu Lavilledieu,

coolsurprise
Wéi wäit bass de bereet ze goen ?
International Neiegkeeten

Wéi wäit bass de bereet ze goen ?

Et vergeet kaum en Dag wou sech der net zwee

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Nodeems en Donneschdeg am franséische Parlament d’Eisebunnsreform ugeholl ginn ass, mussen sech d’Acteuren un den Dësch setzen, an en nationale Kollektivvertrag fir de Secteur verhandelen. Eng éischt Sëtzung tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften ass fir haut virgesinn.

„Et ass keng Reunioun bei där verhandelt gëtt, mee eng Bestandsopnam gemaach, de Prozess nees opgeholl, sech iwwert Themen ausgetosch an Verhandlungskalenner festgeluecht gëtt“, heescht et säitens dem Transportministère.

Ëm wat et geet: de soziale Kader deen ab dem 1. Januar 2020 fir d’Salariéeë vun allen Entreprisen aus dem Eisebunnssecteur gülteg ass. Heivunner ausgeholl sinn, déi Membere vum SNCF-Personal, déi virun dësem Datum ënnert dem Statut vum „Cheminot“ agestallt goufen.

D’Ministesch gesäit sech net an der Verantwortung

D’Intersyndicale vun der SNCF, déi dës Sëtzung vun der Tripartite agefuerdert hat, wënscht sech, datt et déi éischt vun enger Serie Sëtzungen ass, bei deenen d’Regierung eng zentral Roll spillt a „staark“ Engagementer hëlt. Sollt dat net méiglech sinn, géif de Streik och nom Stéchdatum vum 28. Juni weidergefouert ginn.

Fir d’Transportministesch Elisabeth Borne, déi sech nom Vott vum Eisebunnsgesetz an enger staarker Positioun gesäit, soll d’Tripartite-Sëtzung vun dësem Freideg déi eenzeg sinn. Si warnt: „D’Regierung hëlt net als Verhandlungspartner un dëser Sëtzung deel, mee als Observateur, deen Uecht deet datt d’Gespréicher gutt verlafen“.

D’Ministesch empfänkt d’Patronatsorganisatioun UTP (Verband vum ëffentlechen Transport an Schinnentransport) an déi fënnef representativ Gewerkschaften: CGT-Cheminots, Unsa ferroviaire, SUD-Rail, CFDT-Cheminots an FO-Cheminots. „D’Regierung iwwerhëlt net d’Plaz vun de Sozialpartner“, betount um Donneschdegowend den Transportministère.

All, vun der Ministesch iwwert d’Patronat bis zu de Gewerkschaften hunn sech fir en „héichwäertegen“ Kollektivvertrag ausgeschwat. D’UTP hat sech dozou schonn Enn Mee bekannt, mee gläichzäiteg ze verstoe ginn, datt si de Kollektivvertrag net als Kopie vum Eisebunnerstatut gesäit. Si versprécht, e moderne soziale Kader, mat héijem Schutz fir d’Salariéeën.

Ouni zolidd Konzessioune rennt ee blannemännerches an eng Sakgaass

„Bei der Sëtzung si mir wahrscheinlech, géintiwwer de Gewerkschaften, gezwonge weider Engagementer anzegoen“, sot de Benoît Juéry, Direkter vum Departement fir sozial Ugeleeënheete bei der UTP. An dësem Kontext muss drop higewise ginn, datt déi éischt Verhandlungen zu dësem Kollektivvertrag schonn am Dezember 2013 ugelaf waren.

Elo bleiwen nach knapp 18 Méint fir den Text zum Kollektivvertrag ze formuléieren. Dat ass ee ganz „enke Kalenner“ bedaueren d’Gewerkschaften. Mee et huet dann awer och schonn Accorde ginn: notamment am Beräich vun der Formatioun oder der Organisatioun vun der Aarbecht. Dee leschten Accord läit schonn e Joer zréck.

Déi „grouss Dossieren“ mussen nach verhandelt ginn: d’Klassifikatioun an Paien, déi kolleltiv Garantien (d’Virsuerg) an d’Rechter vun de Gewerkschaften. Mee och eng ganz Rëtsch un neie Punkten, déi sech mat der Reform opgedoen hunn, musse verhandelt ginn.

Mat engem „konkreten Dispositif“ deen der ganzer Branche „Garantien“ zougesteet, muss „berouegt“, „op d’Problematik agaange ginn, notamment d’Suerg déi verschidde Salariéeë vun der SNCF am Bezuch op d’Entwécklung vun de Carrièren an de beruffleche Parcours hunn, fir de Fall, datt si – no der Erëffnung fir d’Konkurrenz – u privat Entreprisen transferéiert ginn“, esou de Juéry.

D’Gewerkschaften hu wéineg vertrauen an d’Regierung

D’Intersyndicale vun der SNCF, déi sech um Mëttwoch „geschlossen“ gewisen huet, warnt dann awer d’Regierung: „Wann si sech mat enger kontraproduktiver Tripartite-Sëtzung op en onverantwortlecht spillen op Zäit sollt aloossen, da gëtt de Streik weidergefouert“.

Fir d’CGT muss d’Sëtzung vun der Tripartite „den Ufank vu richtege Verhandlunge mat Folge sinn“. D’Unsa erwaart sech bei der Reunioun eng engagéiert Regierung, fir entspriechend Drock op d’Patronat ze maachen. D’CFDT huet sech virgeholl, sech géint de Sozialdumping ze stäipen.

Als Zeeche vum „gudde Wëllen“ huet d’CFDT och säin Opruff zum Streik partiell opgehuewen. Dat fir den 18. an 22. Juni, op de Linnen TER an RER, fir d’Schüler déi hiren Ofschlossexame musse maachen, net ze penaliséieren. „Mir beweise Verantwortung, an mir erwaarden dat selwecht vun deenen déi d’Verantwortung hunn dësen neie Sozialpakt fir d’Eisebunner ze verhandelen“.

mam Elisabeth Rolland/AFP

Foto: D’Elisabeth Borne, déi franséisch Transportministesch, huet hiert Gesetz zur Reform vun der Eisebunn am Parlament duerchgesat. De Streik ass domatter nach net eriwwer, mee elo gëtt emol e nationale Kollektivvertrag ausgehandelt. © Alain Jocard/AFP

Ähnlech Sujeten Eisebunnergewerkschaft, Elisabeth Borne, SNCF, Tripartite, UTP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    11

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    9

  • Crazy

    2

  • Love

    0