Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé
Fail Geek International Neiegkeeten

En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé

Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“
Fail Geek International Neiegkeeten

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“

Mat sengem Lidd „FCK LXB“ huet de Lëtzebuerger Rapper Turnup

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck
Fail Geek International Neiegkeeten

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

dislikegeek

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

Franséisch Dateschutzkommissioun verlaangt vu Google eng besser Informatioun iwwert den Ëmgang mat de perséinlechen Date vun de Benotzer

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem amerikaneschen Internetkonzern ënnert anerem e Mangel un Transparenz, an eng feelerhaft Informatioun vir. E Méindeg huet d‘CNIL informéiert, géint de Bedreiwer vun der gréisster Sichmaschinn an aneren online-Déngschter, eng Rekord-Amende vu 50 Milliounen Euro, géintiwwer Google verhaangen ze hunn.

An d‘Dateschützer am Frankräich sinn däitlech bei der Begrënnung: „Mir bestreiden net, datt Google den Notzer informéiert, iwwert dat wat mat sengen Date geschitt, wann hien d‘Déngschter vun der Entreprise notzt“, esou de Direkter vum Service Rechtschutz a Sanktioune bei der CNIL, Mathias Moulin „mee d‘Informatioune sinn op verschidden Dokumenter verdeelt, an et brauch deels bis zu fënnef Schrëtt fir eng Informatioun ze erhalen“.

Am Frankräich ass een unhand dëser Expertise zum Schluss komm, datt Google dem Notzer keng „kloer a verständlech“ Informatioun zoukomme léisst. Domatter ass d‘CNIL déi éischt europäesch Reguléierungsinstanz, déi engem „gewiichtege Géigner“ op der Basis vum GDPR (Europäesch Dateschutzdirektiv) e Protokoll ausgestallt huet.

Déi europäesch Direktiv zum Dateschutz ass de 25. Mee 2018 a Kraaft getrueden, an huet fir d‘Entreprisen eng ganz Rëtsch u Verflichtungen agefouert, deenen déi sech unzepassen haten. Google ass dat éischt grousst Affer, vun engem Gesetz mat Sanktiounscharakter. An et sollt een kengesfalls de Geck maachen, well hei kann am Extremfall d‘Strof bis zu 4% vum weltwäiten Ëmsaz bedroen. A 50 Millioune bezilt och Google net gären…

Et ass allerdéngs keng „eegen Initiativ“ vun der CNIL, dat et zur Bestrofung vu Google komme konnt. Och eng CNIL brauch e Kläger, an esou war et d‘Associatioun „La Quadrature du Net“ déi d‘Plainte géint Google agereecht huet. Dës Associatioun verlaangt elo vun der CNIL sech och zu anere „Google-Déngschter“ auszedrécken.

Am Viséier vun der CNIL stinn elo d‘Plattformen: YouTube, Gmail a Google Search. Et läit op der Hand, datt den Ëmgang mat de perséinlechen Daten hei genee esou frauduléis ass. Firwat sollt Google och ënnerschiddlech Reegele jee no Déngschtleeschtung aféieren? Et dierft allerdéngs net einfach sinn, sech dem GDPR ze ënnerwerfen, dee géint all liberal Prinzipie vum Turbo-Kapitalismus verstéisst, an eigentlech wëll Google och net op profitabel Donnéeë verzichten.

Ähnlech Sujeten CNIL, Datschutz, GDPR, Gesetzesverstouss, Google, La Quadrature du Net
Nächsten Artikel Virrechten Artikel