Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
Neiegkeeten

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
Neiegkeeten

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

cool
Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview
Neiegkeeten

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview

Krimie ginn et wéi Sand um Mier. Dowéinst muss een

Frankräich huet gewielt:

Frankräich huet gewielt:

an der zweeter Ronn: Le Pen versus Macron

Fir d’Observateuren vun der Presidentschaftscampagne déi den Hexagon a véier kloer Lager gedeelt huet ass d’Resultat vun der Wahl erwâardungsgeméiss ausgaangen. Eppes méi wéi 47 Millioune Wieler hunn sech um Sonndeg mat hiren Stëmmen zimlech knapps fir déi zwee Kandidaten entscheet déi dann elo de 7.Mee eng leschte Kéier géint eneen mussen untrieden.

Den offiziellen Zuelen no huet den Emmanuel Macron mat 24,01% vun de Votten déi éischt Ronn gewonnen, direkt verfollegt vum Marine Le Pen mat 21,30%. Déi zwee âner direkt Konkurrenten, den François Fillon (20,01%) an den Jean-Luc Mélanchon (19,58%) hunn awer ganz knapp verluer. Dëst verdäitlecht wéi ëmstridden d’Campagne gefouert ginn ass an wéi enk déi véier Lager sech och no dëser éischter Ronn géinteniwwer stinn.

Wat elo den zweeten Tour betrëfft, esou ass et ganz kloer dat et an éischter Plaz net méi drëms wäert goen fir ee Kandidat ze stëmmen, mée sech kloer géint d’Rietspopulistin vum Front National ze positionéieren. Schonn kuerz nom bekannt ginn vun de Resultater huet de Republikaner Fillon seng Wieler opgeruff den 7.Mee de Macron ze wielen. De Mélanchon huet sech sengersäits nach net positionéiert an et gëtt gemunkelt dat hien seng Unhänger zouer Abstentioun kéint opruffen.

Nach ass dat läscht Wuert net geschwat

Och wann éen sech dierft virstellen dat den Emmanuel Macron den nächsten President vun der „grande Nation“ misst ginn, esou sollt een am Réckbléck op d’Wahlen an den USA oder dem Referendum an Groussbritannien net virschnell urdeelen. D’Sondagen sinn also mat Virsiicht ze genéissen an et dierf een sécher sinn dat esou wuel d’Militanten vum Macron, wéi och déi vum Le Pen keng roueg Minutt wäerten hunn.

Sécherlech wäerten och d’Medien an dëser gliddeger Phase eng wichteg Roll spillen. Wann éen sech de Spektrum do ukuckt an gesäit wien do am Hannergrond d’Fiedem zitt, esou ass den Emmanuel Macron ganz kloer am Virdeel. Ëmsou méi verständlech dass beim Front National vill op déi néi Medien an ganz speziell op Facebook gesat gëtt fir besonnesch bei den Jonken (18 bis 27 Joer) ze Punkten. Dës jonk Leit gëllen och als Ankerpunkt wëll se sech majoritär an der éischter Ronn tëschent eben deenen zwee Extremer, Front National an der France Insoumise quasi paritéitesch verdeelt hunn.

Wéi gesäit et dann nom 7.Mee aus?

Während vill Leit an Europa sech besuergt ginn, wat den Ausgang vum der zweeter Ronn betrëfft, dat besonnesch wëll gären vun enger Wiel tëschent Pescht a Cholera riets geet, ass et awer op dëser Plaz néideg den Kontext kloer duerzeleeën.

Trotz „Presidialsysteem“ huet den President net d’Allmuecht. Egal wat béid Kandidaten an der Campagne versprach, gesot an ugedrot hunn, se sinn nëmmen esou staark wéi d’Assemblée Nationale et wäert zouloossen. Dës Assemblée, vergläichbar mat eiser Chamber, gëtt am Juni nei gewielt an gëllt traditionell als Géigegewiicht, wat et béiden Kandidaten net erliichtert hier Verspriechen och ëmzesetzen.

Am onwahrscheinleche Fall wou also d’Marine Le Pen sollt Presidentin ginn muss also kee fäerten dat et eppes wéi de „Frexit“ wäert ginn. Och den Euro kann d’Rietspopulistin net ofschafen. Dës Majoritéit kritt se an der Assemblée definitiv net zesummen. Gläichfalls dierft se et schwéier hunn déi versprache Mesuren géint „Iwwerfriemungëmzesetzen, obwuel d’Communautéit vun de Moslem sech misst op onroueg Zäiten astellen.

Méi sécher ass et dat den Emmanuel Macron als President aus der zweeter Ronn wäert ervirgoen. Allerdéngs kritt och deen et net liicht gemeet wëll et méi wéi sécher dierft sinn dat hien sech op eng „cohabitation“ (ee Genre grouss Koalitioun) muss aloossen. Ouni d’Republikaner an d’Sozialisten geet et also net, woumadder och hien muss Waasser an de Wäin schëdden. Allerdéngs wäert sech bei him dat sougenannten Lounvollèk, also d’Aarbechter, op schlecht Zäiten mussen astellen.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0