Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL
International Neiegkeeten

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL

Leschten Donneschdeg huet de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
International Neiegkeeten

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!
International Neiegkeeten

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Esou lues gëtt et nees méi kal an däischter dobaussen.

Frankräich: Eng „gréng“ Finall fir d‘Kommunalwahlen

Frankräich: Eng „gréng“ Finall fir d‘Kommunalwahlen

A 5.000 Gemengen am Frankräich huet et um Sonndeg déi zweet Ronn vun de Kommunalwahle ginn, an all d‘Groussstied ware mat derbäi. Zur Wahl opgeruff waren eng 16 Millioune Bierger, déi haten awer net sonnerlech Loscht. Nëmme 4 vun 10 Wahlberechtegten hunn hir Stëmm ofginn.

Eis franséisch Nopere schéngen en zolitte Problem mat der Demokratie ze hunn, woubäi och déi „grouss Politik“ de Leit wéineg bis guer näischt unzebidden huet. Wärend een am President senger Partei „La Republique en Marche“ (LREM) näischt zur Wahlbedeelegung soe wollt, huet d‘Cheffin vum „Rassemblement National“ (RN) Marine Le Pen, dësen Desintressi als Problem beschriwwen.

FrankräichZum Verglach: 2014 huet d‘Wahlbedeelegung nach bei gudden 62% geleeën. Elo versichen dann d‘Experten – déi dat esou net erwaart haten – Erklärungen ze fannen. Esou gëtt ugefouert, datt déi zweet Ronn vun de Kommunalwahle jo eigentlech fir Enn Mäerz virgesi war, wat jo dunn awer duerch d‘Covid19-Pandemie verhënnert gouf. Sengerzäit war Rieds alles ze widderhuelen.

Aus dësem Grond, a méiglecherweis och aus Angscht sech mam Virus ze infizéieren, wiere vill Leit net hirem demokratesche Recht nokomm. Da kann een esou net gëlle loossen, well d‘Recht per Bréifwahl seng Stëmm ofzegi war entspriechend erweidert ginn. Et ass villméi esou, datt d‘Leit sech net méi mat der Politik identifizéiert kréien. Mee et gëtt dann awer eng grouss Surprise…

Déi politesch Distanzéierung

Wéi et ze erwaarde war, huet d‘Anne Hidalgo (PS) mat hirer lénker Allianz haushéich géint déi vu LREM opgestallte Kandidatin Rachida Dati gewonnen. Mee dem Emmanuel Macron seng Leit hu net eleng an der franséischer Haaptstad op ganze Linn versot, an déi groussspuereg ugekënnegt Iwwerraschung ass och an der Provënz ausbliwwen. Eenzeg de Premierminister konnt Punkten.

FrankräichDen Edouard Philippe huet zu Le Havre mat 59% vun de Stëmmen d‘Wahl als Buergermeeschter fir sech entscheet, an ass entspriechend mat sech an der Welt zefridden. Mee och hei hunn et grad emol 42,2% vun de Wahlberechtegte fir noutwenneg gehalen, hir Stëmm ofzeginn. Seng Victoire dierft dem Emmanuel Macron nach eppes Kappzerbrieches maachen. Kënnt et elo zu Verännerungen?

No de Wahlen, esou hat et de President annoncéiert, soll iwwert déi (nei) politesch Ausriichtung entscheet ginn, an et stellt sech dann och d‘Fro, ob säi „biergerlech riets“ gelagerte Premierminister nach bei der ze erwaardender Regierungsëmbildung mat vun der Partie ass. Deen huet sech an der Kris gutt behaapt kritt an ass laut rezente Sondagen, wäitaus méi beléift wéi den President.

D‘Ekologiste kruten hie Leit motivéiert

Wann d‘Regierungspartei keent vun de gesaten Ziler erreeche konnt an och d‘Populiste kee Virdeel aus der massiver Abstentioun erziel konnten, esou gëtt et do awer eng Ausnam. De Mouvement „Europe Ecologie – Les Verts“ (EELV), dee schonn am éischten Tour (15. Mäerz) eng ganz gutt Figur gemaach hat, huet seng Wieler mobiliséiert kritt. Si gewannen eng Rei wichteg Groussstied.

FrankräichEsou huet sech EELV zu Besançon, Lyon a Stroossbuerg méi wéi däitlech duerchgesat kritt. Bis heihinner hat EELV just mat Grenoble eng Groussstad fir sech gewanne kënnen. D‘Spriecherin vun den Ekologisten, Eva Sas, stellt dann awer fest, datt och wann ee ganz zefridden ass, datt een esou ee gutt Resultat erzile konnt, de Kontext duerch déi héich Abstentioun net zefriddestellend ass.

Mee et ass erwisen, datt an de 25 gréisste Stied am Land, déi gréng Themen d‘Wieler interesséiert hunn. Trotz, oder vläicht grad wéinst der gerénger Bedeelegung, konnt EELV iwwerall nei Rekorder opstellen. Et kann een esouguer behaapten, datt d‘Ekologisten hire Wieler-Sockel gefestegt an virun allem motivéiert kritt huet, sech un des Kommunalwahlen ze bedeelegen. Si sinn d‘Gewënner…

Wéi gesäit a Loutrengen aus?

Fir eis Lëtzebuerger lount et sech natierlech eppes méi genau op Nanzeg, Metz an Thionville ze blécken. Si si wichteg Acteuren an der Groussregioun an och hei huet et en zweeten Tour gebraucht, fir d‘Kontrahenten ze departagéieren. Leider war och am Loutrengen d‘Wahlbedeelegung éischter „schlecht“. Déi „riets“ Héichbuerg Nanzeg geet un d‘Sozialisten iwwer. Hei huet sech de Mathieu Klein (PS) mat 54,5% géintiwwer dem Laurent Henart (45,5%) duerchgesat kritt. (Part. 42%)

FrankräichZu Metz ass de Kandidat vum Verbond „Ecologistes & Gauches“ (PS, PCF an EELV) Xavier Bouvet (44,2%), dem LREM-Kandidat François Grosdidier (45,1%) nëmme knapp ënnerleeë gewiescht. Dat allerdéngs bei enger Wahlbedeelegung vu grad emol 32,3%. Dat waren nach emol gutt 10% manner Wieler wéi zu Nanzeg. Béi esouvill Verännerung, wéi huet Thionville gewielt?

Och zu Thionville, wou den aktuelle Buergermeeschter Pierre Cuny sech an de leschte Jore mat enger gudder Politik fir d‘Awunner vu senger Stad, wéi och groussem Asaz fir d‘Groussregioun, konnt ervirhiewen, huet den Taux vun der Abstentioun bei 64,6% geleeën. Trotzdeem huet sech den engagéierte Politiker géintiwwer senge Kontrahenten, Patrick Luxembourger a Bertrand Mertz duerchsetzen. Hien ass domadder deen eenzegen, dee säi Mandat kloer behaapte konnt.

mat indymedia/par

Ähnlech Sujeten 2. Tour, Europe Ecologie Les Verts, Frankräich, Kommunalwahlen, Victoire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel