Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
International Neiegkeeten

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

What the Fakt – Haut scho Sushi gerullt?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut scho Sushi gerullt?

Et kéint een deelweis denken, et wier eng Erfindung vun

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier
International Neiegkeeten

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier

Alles ronderëm de Coronavirus Covid19 evoluéiert séier. Esou séier, datt

Frankräich wëll nees d‘Kontroll iwwert d‘Migratioun kréien (Analys)

Nëmmen eng Verschäerfung vun der Asylpolitik oder scho fëschen um rietse Rand?

Frankräich wëll nees d‘Kontroll iwwert d‘Migratioun kréien (Analys)

„Mir wëllen nees d‘Kontroll iwwert eis Migratiounspolitik zréckkréien“ sot de franséische Premier Edouard Philippe bei der Virstellung vun den 20 Moossnahmen an der Asyl- a Migratiounspolitik. Déi nei Regele wieren ugesiichts de globale Verännerungen noutwenneg.

Frankräich wier keng Insel an et ass am Interessi vum Land derzou bäizedroen, datt Ongläichheete reduzéiert ginn. Dofir soll elo d‘Entwécklungshëllef a verschiddene Länner erhéicht ginn. Firwat elo dëse Sënneswandel? Géintiwwer villen aneren EU-Länner, an deenen d‘Zuel vun den Asyl-Demandeure réckleefeg sinn, erliewen eis Noperen eng Zounam an notéieren en abusiivt Verhalen.

2018 huet Frankräich ronn 123.000 Demandeure registréiert. Ee vun de gréisste Problemer deen do erkannt ginn ass, vill „Demandeure“ wëllen eigentlech keen Asyl, mee medezinesch versuergt ginn. De franséische Premierminister schwätzt vun „Medezin-Touristen“, an et géifen haaptsächlech Leit aus Georgien an Albanien „dëse Wee aschloen“. Deem soll elo e Reedel virgeluecht ginn.

Mat verschäerfte Kontrollen eleng geet et awer net duer an dofir ass déif an den Tirang gegraff ginn. Ofgewisenen Demandeuren oder Mënschen „ouni Pabeieren“ gëtt esou de Versécherungsschutz (couverture universelle) gekierzt. Wann ee Versteesdemech dofir huet, datt sech géint Abuse muss gewiert ginn, esou sollt een awer och déi entspriechend Zuele virleeën, an déi gëtt et leider net.

Aus Expertekreesser heescht et, datt d‘Zuel vun deene Leit déi een als Medezin-Touriste bezeechent ëm 5.000 Läit. Eng Minoritéit, déi eng wéi elo agefouert Moossnam net wierklech rechtfäerdegt soe Wëssenschaftler an Analyste vun der IFRI (Franséischt Institut fir International Relatiounen), déi do och e Problem erkennen. Migranten déi en Dokter brauche géifen dann d‘Urgencen opsichen…

Zouwanderung anescht organiséieren

Mee och ganz generell – also net nëmme bezunn op d‘Asyl-Demandeuren – geet Frankräich nei Weeër. Esou och bei den Zouwanderungsquote fir Mënschen aus net-EU Länner. Eigentlech wollt den Emmanuel Macron dat net an hat sech 2017 nach géint esou eng Mesure gestäipt. Elo awer schéngt de Wiessel vollzunn, a grad wéi de Nicolas Sarkozy, wëll och hien elo Grondlage schafen.

Ënnert dem Slogan „immigration choisie“ (gewielten Awanderung) soll zukünfteg méi geziilt no brauchbare Mënsche gesicht ginn. Et geet dobäi ganz erkläert net ëm Hierkonft, mee ëm dat wat d‘Leit vu Qualifikatiounen noweise kënnen. Migranten als „Ressource“ géint de Mangel vun entspriechende Fachaarbechter? An dat bei zimlech stabille Chômagezuelen? Kléngt onlogesch…

Frankräich huet, dat sinn déi plakeg Zuelen, eng 33.000 Aarbechtsplazen déi op e qualifizéierte Salarié waarden. Dat besonnesch am Bausecteur, der Automobilindustrie an der Restauratioun. Elo muss een hei liicht relativiséieren, well datt wat hei als „Mangel-Beruffer“ ervirgehuewe gëtt, bezitt sech op een am Joer 2008 erstallte Rapport. Hei soll et och zu enger neier Evaluatioun kommen.

D‘Aarbechtsministesch Muriel Pénicaud huet an dësem Kontext erkläert, datt et zukünfteg all Joer soll zur enger Expertise kommen, déi sech de sougenannte „Mangel-Beruffer“ unhëlt. Nëmmen esou ka Migratioun an Zukunft funktionéieren, heescht et bei eisen Noperen. Wéi realistesch dëse Gedanken ass a wéi et sech ëmsetze léist ass zur Stonn net ersiichtlech, an Kritik gëtt et och schonn.

Lénksversifft Guttmënschen?

Wien sech elo erwaart, datt et Kritik un dëser Migratiounspolitik nëmmen aus dem lénke politesche Lager gëtt, dee wäert ee mussen enttäuschen. Natierlech steet d‘Opreegung bei de Parteien aus dem lénke Spektrum méi am mediale Fokus, mee och bei de Konservative stéisst dëse „Programm“ net op Géigeléift. An d‘Kritiker gesinn hannert deem Ganzen och éischter eng politesch Motivatioun.

Esou géif et heibäi och drëms goen Afloss op d‘Kommunalwahlen ze huelen, a Stëmme vum rietse Bord zréckzegewannen, heescht et vun der IFRI, déi dat zolidd Argumentéiert. „Statt sech enger neier Migratiounspolitik unzehuelen, beschränkt sech d‘Regierung hei op Rhetorik. Iwwert esou Moossname gëtt jo och schonn zanter 30 Joer geschwat a gestridden“, behaapt de Mathieu Tardis.

Am Kontext vum „Asyl“ si mindestens 20 Gesetzer erlooss ginn an ze behaapten do géif nach een duerchblécken, wier gewot. Eigentlech besteet déi éischt Erausfuerderung an der franséischer Asyl- a Migratiounspolitik doranner, dee ganze System emol „liesbar“ a „verständlech“ ze maachen. Sech hei op Randproblemer an Abusen ze konzentréieren, ass kontraproduktiv an net Ziilféierend.

Richteg wier et – esou de Fazit vun der IFRI – alles op den Dësch ze leeën an mat eppes Ofstand nei ze betruechten. Moossname mussen sech u Realitéiten orientéieren an dierfen net d‘Konsequenz vu Sondagen oder Wahle sinn. Et dierf een sech also op weider op zimlech hëtzeg Debatte freeën, egal ob an der Assemblée oder am Kontext vun de franséische Kommunalwahlen.

mat indymedia/par

Foto: Eric Niquist / Pixabay

Ähnlech Sujeten Asyl, Frankräich, IFRI, Migratioun, Migratiounspolitik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel