Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zwee grénger an Erklärungsnout
International Neiegkeeten

Zwee grénger an Erklärungsnout

No der Sëtzung vun der Sécherheetskommissioun ass d‘Lag net besser

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)
International Neiegkeeten

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag um Beetebuerger Kräiz an zwou

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Zanter dem 16. September 2019 gëtt et an der Minettemetropol

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart

De franséische Premierminister huet gëschter eng lues Reprise ab dem 11. Mee ugekënnegt

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart

An enger laanger Sëtzung huet de franséische Premierminister Edouard Philippe gëschter an der Assemblée senge Landsleit eng virsiichteg Ouverture an Aussicht gestallt. Dat net ouni d‘Warnung auszeginn, datt et nom 11. Mee net wäert zur gewënschter Normalitéit kommen, an ee gutt drun doe géif, sech op ee Liewe mam Coronavirus Covid19 anzestellen. An dat warscheinlech fir länger…

Frankräich

Mee esou wéi sech d‘Regierung et virstellt, sollt dat soziaalt Liewen nees stattfannen. De Plang ass graff an et kann ee beschtefalls vun enger éischter Phas schwätzen. Déi awer soll déi drastesch Moossnamen ënnert deene d‘Leit gelidden hunn, staark erliichteren. Esou soll et ab dem 11. Mee nees méiglech sinn sech „fräi“ ze beweegen, wann och wuel nach mat eppes Restriktiounen.

De Fräiraum erweidert sech op eng Beweegungsfräiheet déi op den Ëmkrees vun 100 Kilometer ab dem Wunnuert, awer ouni Passéierschäin, begrenzt. Sport dreiwen ass dann och nees onageschränkt méiglech. Aus renger Virsiicht bleiwen awer d‘Stränn weiderhi fir jidderee gespaart, an och fir d‘Gastronomie muss sech nach gedëllegen. Dat bis mindestens den 1. Juli.

Frankräich

Fir de Rescht ass sech drop verstännegt ginn, datt all d‘Geschäfter – ënner strengen Oplagen – nees hir Aktivitéiten dierfen ophalen. Et dierf sech och nees mat bis zu 10 Leit versammelt ginn. An den ëffentlechen Transportmëttel (Bus, Bunn, Tram, Metro) gëllt Maskeflicht, mee interessanterweis, bleift d‘Gesiichtsmask fir de Besuch vun de Geschäfter – fir den Ament – eng Recommandatioun.

Endlech nees Schoul

Och bei eisen Noperen ass d‘Reprise vun der Schoul e grousse Sujet, dee fir vill Diskussioun gesuergt huet. De Premierminister huet gëschter erkläert, datt ee Retour an d‘Schoul dem staatleche Bildungsoptrag an dem Grondsaz vun der Gerechtegkeet entsprécht. Et géif dann och primär drëms goen, deene Schüler eng Chance unzebidden, fir déi „Home-Schooling“ keng Optioun ass.

FrankräichEntgéint eisem System, wëllen d‘Fransousen awer mat de Butzen ufänken. Esou solle fir unzefänke Crèchen a Grondschoulen hir Dieren opmaachen. Dat dann awer op fräiwëlleger Basis an och wéi soss iwwerall prekoniséiert, mat Alternancen. D‘Gréisst vun de Klassen ass op 15 Schüler festgeluecht ginn an d‘Enseignante musse Gesiichtsmasken zur Verfügung gestallt kréien.

Beim Secondaire, wëllen eis Noperen dezentral virgoen. Dat heescht datt dës Schüler/Studenten ab dem 18. Mee an deenen Departementer, wou d‘Infektiounszuele weiderhin niddreg sinn, nees sollten hir Institutiounen dierfen opsichen. Och hei natierlech op fräiwëlleger Basis. Méi generell, esou de Premierminister, muss ee vill Decisiounen un d‘Regiounen an d‘Gemengen upassen.

FrankräichDat wier dem Fait geschëlt, datt de Virus ganz ënnerschiddlech zirkuléiert, firwat d‘Exitstrategie déi verschidden Differenze berécksiichtege muss. D‘Buergermeeschter an d‘Präfekte sinn dofir ugehale ginn, déi national Richtlinnen un déi jeeweileg lokal Situatioun unzepassen. Sënn an Zweck vun dëser Virgoensweis ass et, net gezwongen ze ginn, nees d‘Mesurë mussen ze verschäerfen.

mat indymedia/par

Foto: De franséische Premierminister Edouard Philippe huet Erliichterungen ab dem 11. Mee an Aussiicht gestallt. Et wier awer en éischte virsiichtege Schratt, an et kann zu regionale Verwerfunge kommen. © Vincent Ledoux (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Edouard Philippe, Exitstrategie, Frankräich, Reprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel