Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“
International Neiegkeeten

Protest vun de „Giele Gileten“ am Frankräich: „War et dat wäert?“

Ronn 283.000 „giel Gileten“ hunn e Samschdeg uechter ganz Frankräich

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
International Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
International Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele fir Länner déi d‘Grondprinzipie vun der Unioun net respektéieren“, huet e Mëttwoch de franséischen Ausseminister Gewarnt. Eng eescht gemengte Warnung 9 Méint virun den Europawahlen.

„Mir sinn net bereet fir dëst Europa ze bezuelen. Dat muss ee kloer an däitlech soen“, esou de Jean-Yves Le Drian. Mat dëser Ausso virun de franséischen Ambassadeuren zu Paräis, si ganz kloer Polen a Ungarn direkt ugeschwat ginn. Deenen hir ultrakonservativ Politik stellt eis Wäerter a Fro.

„All Memberland ass fräi sech seng Dirigenten ze ginn déi et wëll, mee eis Visioun vun der EU, als éischte Krees vun Allianzen a Wäerter, ass net kompatibel mat Regierungen, déi hir fundamental Prinzipien net respektéieren, an sech och net der gemeinschaftlecher Solidaritéit verflicht fillen“.

„Am Fong hunn dës Länner eng ‚Benotzungsapproche‘ vun der Unioun, an där si sech nëmmen eraushuele wat si interesséiert. Hei an éischter Linn d‘Repartitioun vun de Subventiounen“, esou de Jean-Yves Le Drian.

Migratioun

Bei der Migratiounsfro, an méi konkret hiren Accueil, wënscht sech de franséischen Ausseminister, datt virum Sommet vu Salzburg (Éisträich), mat Däitschland eng gemeinsam Positioun ausgeschafft gëtt. Déi lescht Wochen hunn opgrond de Tëschefäll am Mëttelmier, de Sujet nees aktualiséiert.

An tëscht Bréissel an Italien gëtt et dowéinst och Sträit. E wërft dem anere vir, beim Accueil vun de Migranten „onsolidaresch“ ze sinn. D‘Situatioun huet kierzlech en neien Héichpunkt erreecht, wéi Roum domatter gedreet huet, seng finanziell Bedeelegung un der EU ze „iwwerdenken“.

„Mir wëlle virum Sommet vu Salzburg zu enger däitsch-franséischer ‚Positioun‘ kommen, fir dëse Sujet net de Populisten ze iwwerloossen, an well mir wëssen, datt déi däitsch-franséisch Relatioun de Motor vum europäeschen Opschwong ass“, betount de Jean-Yves Le Drian.

mat AFP

Foto: De franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian (Mëtt vum Bild) zesumme mat de franséischen Ambassadeuren. Si hate wéi all Joer zur politescher Rentrée, hir Konferenz zu Paräis. © Thibault Camus/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Frankräich, Jean-Yves Le Drian, Migratioun, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel