Search

You may also like

An nach e Sozialplang am Bankesecteur
International Neiegkeeten

An nach e Sozialplang am Bankesecteur

Aus dem gemeinsame Communiqué vun LCGB an OGBL ass ze

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet
International Neiegkeeten

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino

Oh dubidu ech wier sou gär wei duhuhu – esou

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?

E Grupp vu Perséinlechkeeten, dorënner reliéis Würdenträger, ex-Politiker, Affekoten an Affer, huet en Appell lancéiert, mat deem si eng onofhängeg parlamentaresch Enquête iwwert de sexuelle Mëssbrauch an de Kierch fuerderen, fir datt d‘Land endlech säi Retard an dësem Dossier ophëlt.

„Nieft de juristesche Prozeduren, déi et sollen erlaben d‘Verstéiss an individuell Delikter ze sanktionéieren (…) huet eenzeg eng parlamentaresch Kommissioun de Pouvoir, Liicht an déi Vergaangenheet ze bréngen, an esou ze verhënneren, datt et sech widderhëlt“, erklären d‘Auteure vun dësem Appell hire Schratt.

Esou eng Kommissioun kéint verlaangen, datt d‘Archive vun den Diözese mussen opgemaach ginn, fir datt d‘Justiz zu allen Informatiounen Zougang erhält, an u Fakte kënnt déi hir virenthale goufen.

Ënnert de Signataire vun dësem Appell sinn esou bekannt Affekote wéi de Jean-Pierre Mignard an de William Bourdon, d‘Grënner vun der Associatioun „La Parole Liberée“, François Devaux an Alexandre Dussot-Hezez, oder déi fréier Gesondheetsministesch Roselyne Bachelot-Narquin.

Déi fréier Familljeministesch an aktuell Senatrice Laurence Rossignol, den Deputéierte vu „La Republique en Marche“ (LRM) Jacques Maire an de Paschtouer Vignon – dee rezent eng Petitioun an d‘Wee gleet huet, mat där hien d‘Demissioun vum Kardinol Barbarin fuerdert – ënnerstëtzen dësen Appell.

D‘Begeeschterung hält sech a Grenzen

Den Äerzbëschof vu Paräis, Aupetit, ass net dergéint: „Firwat net, natierlech!“ sot de Kierchemann géintiwwer der Zeitung „Le Parisien“. „Wann d‘Situatioun sech esou duerstellt, datt een Hëllef brauch fir d‘Envergure vum Problem ze ermëttelen, gesinn ech do kee Widdersproch zur Laïzitéit“.

Elo ass et net fir d‘Éischt datt et esou eng Fuerderung gëtt. Mee si ware bis ewell ni duerchgesat ginn. „Et kann ee sech wonneren, bis zu wellechem Punkt Frankräich Retard huet. Dat am Verglach zu deem wat an Tëschenzäit an anere Länner, wéi Australien oder den USA gemaach ginn ass“, betount d‘Laurence Rossignol géintiwwer der AFP.

„Ech hoffe staark, datt enges Daags e richteg komplette Rapport virläit. Dat mat der Hëllef vun externe Persounen, déi eng méi wëssenschaftlech Visioun vum Ganzen erméiglecht“, hat den Äerzbëschof vu Reims, Eric de Moulins-Beaufort, rezent der Zeitung „Le Monde“ gesot. Den Appell huet hien awer net ënnerschriwwen. Hie plaidéiert fir eng „epidemiologesch Etüd“.

D‘Veronique Margron, Presidentin vun der Konferenz vun de Reliéise vu Frankräich – déi den Appell och net ënnerschriwwen huet – wënscht sech eng „Investigatioun“ déi vu Wëssenschaftler gefouert gëtt. Hiert Resultat wier „wëssenschaftlech incontestabel“.

An de François Devaux, President vun „La Parole Liberée“ ënnersträicht: „A Frankräich gëtt et keng statistesch Donnéeën zur Pedophilie, dat am wäitste Sënn. Esou laang wéi et net méiglech ass d‘Ausmooss vun der Plo ze erfaassen, kann een dorop keng anstänneg Äntwert ginn“.

En enorme bürokrateschen Opwand

„All déi Länner, wou en ‚Inventaire‘ gemaach hunn, konnten hir Missioun nëmmen erfëllen, well si op d‘Hëllef vun Instanze konnten zréckgräifen, déi onofhängeg vun der Kiercheninstanz waren“, bemierkt d‘Directrice vun der Redaktioun „Témoignage Chrétien“. Dat ass beispillsweis de Fall vun der kinneklecher Enquêtëkommissioun an Australien, der Ryan-Kommissioun an Irland, oder nach dem „Grand-Jury“ vum Staat Pennsylvanien an den USA.

An Däitschland, huet eng Enquête duerch en onofhängegen Universitéit-Konsortium, deem eenzeg déi Ënnerlagen zougänglech waren déi d‘Kierch och „fräi“ ginn huet, erwisen, datt et tëscht 1946 an 2014, zu mindestens 3.677 Fäll vu sexuellem Mëssbrauch oder Gewalt komm ass. 1.670 Membere vum Klerus sollen dës Dote vollbruecht hunn.

Fir d‘Auteure vum Appell, ass et de verflichtende Charakter, dee vun enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun ausgeet, deen der Demarche den néidege Réckhalt gëtt. Hei kann ee sech der Convocatioun net entzéien, muss een ënner Eed aussoen, a wien sech net un d‘Reegelen hält, muss mat juristesche Konsequenze rechnen.

Hir Petitioun, déi op htpp://pedophilieeglise.wesign.it agesi ka ginn, muss de Fraktiounspresidenten an der Assemblée an dem Senat virgeluecht ginn. D‘Laurence Rossignol hält fest: „D‘Parlament muss sech mat dëser Demande befaassen. Ech ginn awer ze bedenken, datt eng parlamentaresch Kommissioun kee Geriicht ass“.

Fir vill Mënsche gëtt et allerdéngs héich Zäit, datt sech an dësem Dossier eppes beweegt. „D‘Kierch ass e bürokratescht Monster a vermëttelt den Androck, datt si et net versteet d‘Saachen unzepaken. D‘Katholike stéieren sech dorunner, datt een hinne mat Proposen äntwert, déi sech op ‚en Dag faaschten a Bouss‘ reduzéiere loossen“, erkläert de Jean-Louis Schlegel, Soziolog.

Wéi et um Enn am Frankräich ausgesäit, ka mat Sécherheet kee soen. D‘Affer vu sexuellem Mëssbrauch duerch d‘Kierch ze ermëttelen, wann d‘Enquête net vun der Justiz duerchgefouert gëtt, gestalt sech schwiereg. An engem Entretien mat der Zeitung „La Provence“, huet de Bëschof Georges Pontier, President vun der franséischer Bëschofskonferenz, gemengt: „Ech ginn dovunner aus, datt 1% vun de Paschtéier sech pedophil Verstéiss geleescht hunn“.

mam Karine Perret/AFP

Related topics Enquête, Frankräich, Kierch, Pedophilie
Next post Previous post