Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
agra girl dating Neiegkeeten

https://moien.lu/how-to-cope-with-your-ex-dating-someone-new/

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

conservative dating
agra girl dating Neiegkeeten

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Enn Februar huet d’Regierung, am Kader vun den europäesche Klimaschutzzieler

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht
agra girl dating Neiegkeeten

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert.

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet vun 90 op 80 Km/H erofgesat ginn ass, geblëtzt gi sinn, huet sech am Juli verduebelt. Dat geet aus dem, vum interministeriellen Delegéierte fir Verkéierssécherheet verschéckte Communiqué ervir.

Op de Land- a Niewestroosse bei eise franséischen Noperen, sinn am ganzen eng hallef Millioun Gefierer „an d‘Fal“ gaangen. Am gläichen Zäitraum 2017, waren et der nëmmen 248.107. „Mat der Aféierung vun der kontroverséierter Reglementatioun den 1. Juli, hat een dann och mat enger Zounam vun den Delikter gerechent“, heescht et säitens dem Emmanuel Barbe.

„Et kann een ouni grouss ze zécken, dës Hausse dem Iwwergang zu den 80 Km/H zouschreiwen“, esou den Emmanuel Barbe, deen dann nach grousse Wäert drop leet ze preziséieren, datt nëmmen 62% vun den ausgeléiste Blëtzer och eng Geldstrof no sech zéien.

Interessanten Detail

De Mann vun der Verkéierssécherheet erkläert, datt d‘Zuel vun de Gefierer aus dem Ausland déi geblëtzt gi sinn 2,4 mol méi héich ass wéi nach 2017. Bei de Gefier mat engem franséischen Nummereschëld huet sech d‘Zuel leedeglech verduebelt. „D‘Auslänner si méi schlecht informéiert wéi d‘Fransousen“, esou den Emmanuel Barbe.

Säit der Ukënnegung vun der Mesure, déi ëmmerhi 40% vum Stroossereseau betrëfft, sinn sämtlech Organisatioune vun Automobilisten a Biker, mee och Parlamentarier a Buergermeeschter aus alle politesche Lager op d‘Barrikade gaangen, fir dergéint ze protestéieren. Gehollef huet et net.

Fir manner Doudeger op de Stroossen

Déi lescht Woch hat de Riichter vum Staatsrot, d‘Suspensioun vum Dekret mat deem d‘Vitesse vun 90 op 80 Km/H erofgesat ginn ass, zréckgewisen. Motiv: d‘Konditiounen déi eng Drénglechkeet géife justifiéiere sinn net ginn. Eng 50 Deputéiert haten hei eng Revisioun gefuerdert.

D‘Héchstgeschwindegkeet ëm 10 Km/H erofzesetzen, géif derzou bäidroe 400 Mënscheliewen am Joer ze verschounen. Esou wëll Frankräich d‘Zuel vun de Verkéiersaffer nohalteg reduzéieren. Déi hat 2013 e begréissenswäerten „Déifpunkt“ erreecht, mee dunn 2014 an 2016 nees immens zougeholl. 2017 sinn 3.684 Mënschen op franséisch Stroosse verstuerwen, 76.840 goufe Verletzt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Blëtzer, Frankräich, Stroossen, Verkéier, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel