Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grondsätz fir eng optimal Liewensqualitéit am Alter
International Neiegkeeten

Grondsätz fir eng optimal Liewensqualitéit am Alter

Ulässlech zum Internationalen Dag vun den eelere Leit um 1.

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten
International Neiegkeeten

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten

Fir den Ament muss (bal) all Mënsch deen a Groussbritannien

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet
International Neiegkeeten

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet

Datt de President vun der Gewerkschaft vum Personal vun Arméi

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen

D‘Oppositioun huet 41.000 Amendementer virgeluecht – Ufank Mäerz soll awer ofgestëmmt ginn

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen

D‘Fransousen an hire Rentesystem mat iwwer 40 ënnerschiddleche Keesen: Mat der Reform wëll d‘Regierung dat vereinfachen. Esou eppes geet leider och mat Aboussen anhier an dofir gëtt zanter Woche gestreikt oder sech soss géint de Projet opgeleent. D‘Oppositioun huet sech virgeholl et der Regierung an der Assemblée mindestens esou schwéier ze maache wéi d‘Leit op de Stroossen.

An den Optakt huet den Erwaardungen entsprach. D‘Berodungen zum Gesetzestext hunn deraart animéiert ugefaangen, datt de President vun der Nationalversammlung, Richard Ferrand schonn no dräi Minutten huet missen agräifen. Déi lénk Deputéiert waren eppes „ongehalen“ an hunn deem neie Gesondheetsminister Olivier Véran stänneg an d‘Wuert gegraff. En onméigleche Beholl…

Fir de President vun der Nationalversammlung gouf et néideg anzegräifen: „Wann ech gelift, fänkt net domadder un. Dir huet nach Stonnen, Deeg an Nuechte fir iech am Numm vun der Demokratie unzespäizen. Här Minister kuckt einfach riicht aus a maacht weider“, esou d‘Interventioun zum Ufank vum Debat, an deem d‘Fronte kloer sinn. Mee léisst sech d‘Rentereform nach stoppen?

RentereformWäit iwwer d‘Hallschent vun den Ännerungsanträg kommen aus dem lénksgeriichte politesche Lager, dat dem franséische President Emmanuel Macron seng Reformpläng duerchkräize wëll. Eleng d‘Fraktioun vun „La France Insoumise“ (LFI) huet 23.000 Amendementer agereecht, d‘Kommunisten (PCF) hirersäits nach emol eng 13.000. Zil ass et d‘Reform ganz auszesetzen.

Aus der presidentieller Fraktioun vu „La Republique en Marche“ (LREM) huet et – trotz dem President sengem Appell zur Geschlossenheet – och eng 600 Ännerungsanträg ginn. Fir den Emmanuel Macron ass et eng grouss „politesch Schluecht“ déi hie gewanne wëll. An esou schlecht gesäit et net aus: LREM an déi alliéiert Liberal hunn an der Assemblée déi absolut Majoritéit.

Zwou Woche „Gestreits“ an eng Noutléisung

De Richard Ferrand huet den Zäitraum fir den Debat op honnert Stonnen an dräi Woche fixéiert, fir déi onmoosseg Zuel vun Ännerungsanträg behandelen ze kënnen. D‘Fraktiounspresidenten hunn dat allerdéngs zréckgewisen an esou bleift et beim Berodungszäitraum vun zwou Wochen. Et ass der Regierung wichteg, déi éischt Liesung virun de Kommunalwahlen am Mäerz ofzeschléissen.

Zil ass et d‘Reform nach virun der Summerpaus duerchgesat ze kréien, wat ugesiichts de villen Dausend Amendementer zum onwahrscheinlech ass. Eng Sitautioun déi onbefriddegend ass an d‘Regierung an Zochzwang brénge kéint. Déi kéint de Verfassungsartikel 49.3 (dat erlaabt et der Regierung e Gesetz ze verfügen, ouni Debat am Parlament) opruffen an d‘Reform duerchsetzen.

RentereformEen u sech legitimt Mëttel, dat awer sécherlech net derzou bäidroe kann, de soziale Fridden nees hierzestellen. Wann et dann och duerchaus verständlech ass, datt den Emmanuel Macron mat der Vereenheetlechung vun de Rentesystemer de Milliardendefizit ofbaue wëll, esou wieren sech d‘Gewerkschafte géint déi massiv Aboussen déi deem unhänglech sinn, besonnesch fir d‘Rentner.

Zum Optakt vum Debat, hunn d‘Mataarbechter vun der Paräisser Metro nees d‘Aarbecht néier geluecht, firwat um Méindeg nëmme gutt d‘Hallschent vun de Linnen gefuer sinn. Bis zum 20. Januar hat et ee sechs Woche laange Streik ginn, deen de Paräisser Noverkéier an den ëffentlechen Transport am Frankräich blockéiert huet. Dunn ass de Streikenden de Goss ausgaangen…

mat indymedia/par

Foto: Während an der Assemblée den Debat zur Rentereform lancéiert gouf, hunn d‘Manifestante vrun der Dier hiren Desaccord zum Ausdrock bruecht. © Adrien Quatennens

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Gewerkschaften, La France Insoumise, PCF, Rentereform, Richard Ferrand, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel