Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an
International Neiegkeeten WTF

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an

Nach bis 9 Auer de Mueren, fiert a ganz Däitschland

De kuerze Sommet vu Stockholm
International Neiegkeeten WTF

De kuerze Sommet vu Stockholm

Um Sommet vu Stockholm, sollten sech Nordkorea an d‘USA no

money
Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!
International Neiegkeeten WTF

Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert per Pressematdeelung op de Budget fir

surprise

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an de Keller. D‘Vakanz ass awer fir den Emmanuel Macron eriwwer. Hien huet dann och haut am Elysée eng éischt Reunioun mat senger ganzer Regierungsequippe.

Schonn en Donneschdeg dierft déi politesch Rentrée fir déi erwaarte Spannunge suergen, da nämlech ginn déi ëmstridden Ordonnancen, mat deenen d‘Aarbechtsrecht reforméiert gëtt, virgestallt.

„D‘Entrée an d‘Atmosphär ass fir Jupiter beschwéierlech“, bemierkt den Olivier Faure (PS), President vum Grupp „Nouvelle Gauche“ an der Assemblée. De Staatschef muss op e neits eng gehéierlech Baisse vu senger Popularitéit astiechen. Laut dem Sondage vun der Ifop, deen am „Journal du Dimanche“ verëffentlecht ginn ass, wieren nach 40% „zefridden“. Dat sinn 22 Punkte manner am Bulletin säit der Wal.

„Et gëtt eng Schwieregkeet. Mee et dierf ee net nëmmen op d‘Sondage kucke fir ze regéieren. Et huet der ginn, déi dat gemaach hunn, an se hunn sech fatzeg op d‘Nues geluecht“, intervenéiert de Spriecher vun der Regierung, Christophe Castaner op BFMTV.

Keng Léisung ouni Problem

„D‘Fransouse mengen dat mir net schnell genuch viru kommen. Et war eis net méiglech dem Ganzen e Sënn, eng Erklärung a Pedagogik ze ginn. Zudeem hate mir de Mount Juli, dee ganz budgetäre war“ seet sengersäits de Staatssekretär fir d‘Relatioune mam Parlament a bezitt sech op d‘Polemik iwwert d‘subsidéiert Aarbecht an der Baisse vum Wunngeld.

Och ass et méiglech, datt sech de President zu de Rentrée perséinlech zu Wuert mellt. „Hie verbitt sech näischt“ esou säi Spriecher.

Zanter senger Wal huet sech de Macron allerdéngs wéineg op der franséischer Zeen gewisen. Woubäi hien net laang gebraucht hat, an dat aus dem Ausland, op d‘Warnunge vum François Hollande ze reagéieren. Deen hat beim Besuch vum Filmfestival zu Angoulême dem President geroden „de Fransouse keng onnéideg Affer ofzeverlaangen“.

Op d‘Ausso vum Hollande hunn sech och nach weider „wichteg“ Leit zu Wuert gemellt. Esou de François Bayrou, de vergängleche Justizminister deen der Meenung ass datt „de Bierger keng kloer Richtung gesäit“ déi d‘Regierung geholl hätt. Oder den Alain Juppé, deen de Budget 2018 a Fro stellt. E Budget dee vu sengem fréiere Schützling, dem Premierminister Edouard Philippe orchestréiert gouf.

„Den Alain Juppé an de François Hollande sollten sech ee bëssen Zäit huele fir sech op de Bilan vun der eegener Aarbecht ze konzentréieren. (…) Et ass sécher legitim, datt si ugesicht der Erfarung eng Meenung hunn. Mee ech denken, datt si eng Politik vun der Vergaangenheet duerstellen“ äntwert um Sonndeg de Christophe Castaner.

De Mélenchon ass d‘Oppositioun

Wann een dann awer dem Sondage wëll gleewen, dann ass et de Jean-Luc Mélenchon, dee laut Ifop/JDD vum Sonndeg als d‘Inkarnatioun vun der Oppositioun unzegesinn ass. Deen hat sech bei der Clôture vun der Summerakademie vun de „France Insoumise“ zu Marseille och net zréckgehalen.

„D‘Well vum Degagisme déi iwwert d‘Land gerullt ass, wäert nees opkommen“ verséchert de Leader vun der neo-sozialistescher Lénker. Hie fäert dann och net de Macron als President „vun de Räiche fir déi Räich“ duerzestellen, a rifft Frankräich op, sech den 23. September zu Paräis géint d‘Ordonnancen opzestellen.

Ordonnancen déi offiziell en Donneschdeg solle virgestallt ginn, iert se un d‘Sozialpartner weidergeleet ginn. Déi siegéieren a paritéitesche consultativen Instanzen. Verëffentlechung am „Journal Officiel“ soll ëm de 25. September stattfannen.

Laut dem Elysée stinn um haidege Méindeg dräi grouss Themen op der Dagesuerdnung vun der Regierung: déi strukturell Reformen déi schonn ageleet sinn, d‘budgetär Auswiel fir d‘Kapassitéit un Investissement vu Frankräich, an net ze vergiessen, d‘Iwwerpréiwe vun de Fënnefjorespläng vun all Ministère.

Op Internationalem Niveau, no enger Rees duerch der europäeschen Oste mat der Fro zum Entsendegesetz, dat zu enger Ausenanersetzung mat der polnescher Premierministesch gefouert huet, steet e weideren internationale Rendez-vous um Programm.

Haut de Mëtteg organiséiert den Emmanuel Macron eng Entrevue tëschent den europäesche Staatscheffen (Däitschland, Italien a Spuenien) an den afrikanesche Leader (Tschad, Niger a Libyen) fir am Dossier vun der Migratioun virun ze kommen. Am Uschloss sollt de franséische President déi grouss Linne vu senger Aussepolitik bei der Konferenz vun de Botschafter virleeën.

mam Baptiste Pace/AFP

Foto: En eeschte Bléck vum President Emmanuel Macron. Kritt e seng Reformen ëm- a virun allen duerchgesat? D‘Sondage sinn him am Moment net favorabel an d‘Oppositioun ugefouert vum Jean-Luc Mélenchon dierft alles versichen him d‘Liewe schwéier ze maachen. (© Bertrand Guay/AFP)

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Jean-Luc Mélenchon, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel