Search

You may also like

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“
International Neiegkeeten

Massive Gebrauch vun Antibiotik: „Et gëtt Zäit Alarm ze schloen“

„Héich Zäit Alarm ze schloen! Wann Antibiotiquë bei Mënschen an

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken
International Neiegkeeten

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn
International Neiegkeeten

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster,

Frankräich gedenkt dem Samuel Paty

Frankräich gedenkt dem Samuel Paty

Nom schänterleche Mord un engem Enseignant, huet de President Emmanuel Macron, am Kontext vun der Trauerfeier, am groussen Haff vun der Sorbonne, seng Landsleit zur Verdeedegung vun der Fräiheet opgeruff: „Mir wäerten net op Karikaturen an Zeechnunge verzichten“, esou de Staatschef mat Bezuch op Mohammed-Karikaturen, déi an de Zeitungen erschéngen.

„De 47 järegen Enseignant war d‘Affer vun enger déidlecher Verschwierung vun: Dommheet, Ligen an Haass op anerer ginn“, esou de franséische President. Hien huet d‘Feiglingen, déi dem Proff säin Numm u Barbaren ausgeliwwert hunn. „Mir maache weider Här Schoulmeeschter“, esou den Emmanuel Macron, deen dem Enseignant op eng ganz perséinlech Aart a Weis „Äddi“ gesot huet.

„Mir hunn all an eisem Häerz d‘Erënnerung un ee Proff verankert, deen eise Liewenswee verännert huet. Dir wësst schonn, dëse Schoulmeeschter deen engem d‘Liesen an d‘Schreiwen, d‘Rechnen an d‘Vertrauen an eis selwer bäibruecht huet. Dëse Proff, deen net nëmmen ënnerriicht huet, mee ons ee Wee, e Buch, an e Moment vum Nodenken erëffent huet. De Samuel Paty war ee vun deenen“.

SamuelBesser kann een et net soen, an et gëtt jo och ëmmer behaapt, datt d‘Wourecht aus dem Mond vun de Kanner kënnt © François Taddei

E Solidaritéitsmessage och aus Lëtzebuerg

D‘Doudelued mam Läichnam vum Enseignant ass ënnert de Kläng vum U2 Klassiker „One“ an den Haff vun der traditiounsräicher Universitéit gedroe ginn. Alles wat Rang an Numm hat, hat sech der Zeremonie ugeschloss. Och aus dem Ausland huet et vill „Ënnerstëtzung“ a Message vu Solidaritéit ginn. Och vun der Universitéit Lëtzebuerg, huet et ee Message fir d‘Kolleegen am Frankräich ginn.

„D‘Geschichtsproffe vun der Universitéit Lëtzebuerg an d‘Associatioun vun de Lëtzebuerger Geschichtsproffen (ALEH) sinn entsat iwwert d‘Ermordung vun hirem franséische Kolleg Samuel Paty, Geschichtsproff am Kolléisch zu Conflans-Sainte-Honorine. Dësen Akt weist, wéi wichteg eng kritesch an opgekläerten Erzéiung fir jonk Mënschen ass, eng Erzéiung d‘Toleranz an de Respekt fërdert – Wäerter déi sech an den Ziler vum Geschichtsunterrecht erëmspigelen, esou wéi an den Humanwëssenschaften am Allgemengen.

SamuelCampagne vun der Stad Beziers. De Buergermeeschter Robert Ménard, ass selwer Journalist a Matbegrënner vun der ONG Reporter ouni Grenzen (RSF) © Ville de Beziers

An der Dot huet den Ugrëff op d‘Bildung eng grouss symbolesch Bedeitung. An dësem Sënn ass et wichteg, all Grondschoul- a Secondaire-Enseignante Respekt ze weisen, déi an der Ausbildung vun der Reflexioun an Opgeschlossenheet täteg sinn an aus dësem Grond och als éischt vun Intoleranz bedreet sinn. Fir d‘Enseignanten an hirer Aarbecht ze ermonteren, lueden déi genannten Auteure d‘Entscheedungsträger op, d‘Plaz vun de Geeschteswëssenschaften am Geescht vun dëser Missioun ze woren“.

Siwe Persoune musse viru Geriicht

Gewosst ass an der tëscht elo och, datt d‘Staatsanwaltschaft ee Verfare géint siwe Persounen ageleet huet. Am Fokus stinn hei ee militanten a bekannten Islamist, wéi och de Papp vun engem Schüler aus der Klass vum Enseignant Samuel Paty. Si sollen de 47 järege Proff an de sozialen Netzwierker zur Zilscheif gemaach hunn. D‘Opfuerderung sech ëm de Mann ze këmmeren, onmëssverständlech.

SamuelDatt esou eng Dot natierlech och nees zu enger gewësser Islamophobie féiert, a vun de Medien am Frankräich duerchaus och provokativ ausgeschluecht gëtt, sollt een net als „Normal“ bewäerten, grad oder besonnesch dann, wann d‘Message erkennbar populistesch ass.

Net manner schëlleg, dräi „Frënn“ vum Täter. Hinne werft de Procureur vir dem Auteur vun der Dot gehollef ze hunn op d‘Plaz ze kommen an déi sollen esouguer d‘Waff, also d‘Messer besuergt hunn, mat deem de Mord vollbruecht ginn ass. An da sinn do nach déi zwee Schüler, déi géint eng kleng Geldzomm (350 Euro) dem Täter d‘Affer solle gewisen hunn. Et sollt elo „duerchgegraff“ ginn…

A wéi engem Ausmooss dat an engem Rechtsstaat schlussendlech ëmzesetzen ass, wéi d‘Uklo an d‘Defense d‘Schold an d‘Onschold wëllen auserneenhalen? Wéi soll eng Jury, déi onweigerlech medial beaflosst ass, garantéiere kënnen, datt déi Beschëllegt ee méi gerecht Urteel erhalen, wei et dem Schoulmeeschter Samuel Paty vergënnt war? Fir Äntwerten ass hei nach vill ze fréi…

mat indymedia/par

Foto: © Ville de Conflans-Sainte-Honorine

Related topics Attentat, Conflans Saint-Honorine, Emmanuel Macron, Frankräich, islameschen Terror, Mohammed-Karikaturen, Samuel Paty, Sorbonne
Next post Previous post