Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Klimawandel: Kappzerbrieches a Wallounien
International Money Neiegkeeten Stories

Klimawandel: Kappzerbrieches a Wallounien

Nach besteet kee Grond zur Panik, mee d‘Suergefale loossen sech

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!
International Money Neiegkeeten Stories

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!

Zënter 2009 gëtt den europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk
International Money Neiegkeeten Stories

De Prix Servais 2020 fir dem Francis Kirps säi Wierk

D’Fondation Servais huet dem Francis Kirps fir säi Buch „Die

money

Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!

Eng vun de Follege vun der Coronaviruskris wierkt sech op d‘Wäilies bei eisen Noperen aus

Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!

Eigentlech ass den 2020er Joergang immens villverspriechend. Prall a séiss hänken d‘Drauwen un de Riewen. Ob Chardonnnay, Meunier oder Pinot… eigentlech misst alle Wënzer ee breet Grinsen am Gesiicht ofgemoolt sinn, mee leider sinn déi net a Feierlaun. Si fäerten ee groussen Deel vun de Friichte musse „leien“ ze loossen.

D‘Vereenegung vun de Schampesproduzenten huet matgedeelt, datt den Ëmsaz ëm 1,7 Milliarden Euro agebrach ass. Datt ass ee Minus vu mindestens 30% géintiwwer 2019. De Grond fir dësen ni erliefte Verloscht: wéinst dem Coronavirus Covid19 sinn d‘Hochzäiten an d‘Receptioune massiv ofgesot ginn; Luxushoteller, d‘Gastronomie an d‘Nuetsclibb ware laang zou an esou ass wesentlech manner Schampes gedronk ginn, wéi dat an der Reegel de Fall ass.

Et ergëtt sech dann och, datt d‘Lagerbestänn net de gewinnte „Roulement“ kannt hunn, a fir nei Bestänn keng Kapassitéite bereetgestallt kënne ginn. Woubäi een hei och muss drop hiweisen, datt weder d‘Produzenten nach d‘Händler loscht hunn, dësen héichwäertegen „Iwwerschoss“ verbëllegt op de Maart ze geheien. Dat féiert elo derzou, datt d‘Kontingenter drastesch reduzéiert ginn, fir de Marché net och nach a Gefor ze bréngen. Fir d‘Wënzer éischter schlecht Nouvellen…

Säit 1945 ginn d‘Kontingenter vun den Interesseverbänn festgeluecht, fir de Risk vu schlechte Liesen an grousse Präisschwankungen ze miniméieren. Mee eng gutt Woch virun der klimabedéngt fréizäiteg virgezunne Wäilies, ginn sech Wënzer a Produzenten/Händler einfach net eens. Och dat eng Première. De Maxime Toubart, President vum Wënzerverband SGV (hei ginn eng 20.000 Wënzer vertrueden) ass alarméiert an erkläert wourëms et geet.

Et ass séier gerechent

„Fir datt ee Wënzer op seng Käschte kënnt, muss dëse mindestens 9 Tonnen Ertrag pro Hektar un de Mann bréngen. Produzenten an Handel sinn dëst Joer – bedéngt duerch déi héich Lagerbestänn – net bereet méi wéi 6 bis 7 Tonne pro Hektar ofzehuelen. Méi fir d‘Drauwen ze bezuelen, an esou en Ausgläich ze schafen, wëllen déi awer och net“, esou de Maxime Toubart, deen eppes vun der Aart a Weis enttäuscht ass, wéi et seng laangjäreg Partner uginn.

Mat engem Präis pro Kilo tëscht 6,50 an 8 Euro fir déi „Grand-Cru“ Drauwen, muss ee Wënzer dee seng Produktioun u grouss Marke verkeeft, awer eng Mindestmeng pro Hektar verkafe kënnen. Et gëtt wuel och nach Wënzer déi selwer Schampes a klenge Quantitéite produzéieren, an esou eppes besser gestallt sinn. Si hunn och nach eppes Plaz an hire Keller, an awer ass d‘Vente un déi grouss Haiser och fir si eng existenziell Grondlag.

Bei den Traditiounshaiser déi bis zu 75% vun hirer Produktioun an d‘Ausland verkafen, ass dës Situatioun och éischter „beschwéierlech“ mee wesentlech manner dramatesch. Si kënnen sech et leeschten d‘Kris an hire Kräidekeller aus galloréimeschen Zäiten auszesëtzen. De Clovis Taittinger, Patron vun der prestigiéiser Mark mam selwechten Numm, ass wäit ewech vun de Suergen déi d‘Wënzer an hire President zur Stonn bedrécken.

Solidaritéit kascht just Geld

„Mir hunn dat grousst Gléck iwwert en onverdierflecht Produkt ze verfügen, dat zudeem och nach besser gëtt, wat et méi laang an de Keller gelagert gëtt“, esou de Clovis Taittinger deen sech éischter erfreet wéi besuergt weist. Verständlech, wa gewosst ass, datt bei Taittinger wäit iwwer 20 Millioune Joergangsfläsche vum feinste Schampes lageren. An hie ginn d‘Suerge vun de Wënzer näischt un. Déi loossen sech liicht ersetzen…

Mee och Taittinger mécht eng Kris duerch, och wann dës sech kaum wann iwwerhaapt op de private Konte vun der „Famill“ dierft erëmspigelen. Wann d‘Nofro an d‘Gette geet an ze vill Schampes um Maart ass, wierkt sech dat negativ op de Präis aus, a gudde Schampes… dat kënnen och anerer. Ob a wéi vill vu sengen 250 Mataarbechter hie bereet ass ze afferen, huet de Clovis Taittinger elo net verroden, dofir awer datt hien sech net wäert op ee Präiskampf aloossen.

2019 goufen 300 Millioune Fläsche produzéiert. Ugebaut ginn d‘Drauwe fir de Schampes an dräi Regiounen: Grand-Est, Hauts-de-France an Île de France. D‘Fläch bedréit 34.300 Hektar an dat si ronn 4% vun der gesamter Wäibaufläch, déi fir 20% vum Ëmsaz an der Branche verantwortlech sinn. Et gëtt 369 Schampes-Marken, 140 Kooperativen an iwwer 20.000 Wënzer. 52% vun der Produktioun geet an den Export. 2019 goufe 5 Milliarden Euro Ëmsaz gemaach.

mat indymedia/par

Foto: Gutt datt sech de Schampes hält, jo esouguer mat de Jore besser gëtt. Do mussen sech déi prestigiéis Marken net esou wierklech Suerge maachen, ob deen een oder anere Wënzer wéinst der Kris de Kapp hänke léisst. © Mael Balland / unsplash

Ähnlech Sujeten Frankräich, Iwwerproduktioun, Schampes, Wäilies, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel