Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee moudesche Grondstee mam Hugo Boss!
dating when pregnant Neiegkeeten

radiometric dating archaeology definition

Wat als kleng Kleederfabrik zur Zäit tëscht der Weimarer Republik

https://moien.lu/sumit-vats-dating/
dating when pregnant Neiegkeeten

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?

Et vergësst een et gären, mee am Fong fënnt een

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?
dating when pregnant Neiegkeeten

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?

Et gëtt där Deeg, do mengs de du häss scho

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

„Déi „giel Gileten“ hunn sech virgeholl d‘Stroossen zouzesetzen

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich opgeruff, dëse Samschdeg am ganze Land d‘Stroossen, d‘Kräizungen a strategesch Verkéierspunkten ze blockéieren. Heibäi geet ëm eng ni do gewieschte Bierger-Mobiliséierung, géint d‘Erhéije vun de Bensin- an Dieselpräisser.

Eng Initiative déi an de sozialen Netzwierker opkomm ass, an der Regierung Kappzerbrieches bereet. Wäerten déi giel Gileten d‘Stroossen anhuelen? Ginn d‘Tankstellen, d‘Supermarchéeën oder esouguer d‘Peage blockéiert? D‘Banken an den ëffentlechen Transport boykottéiert? Huet een Accès zu de Stied, zu de grousse Verkéiersachsen? Froen op déi et grad eng Äntwert gëtt…

Sënn an Zweck vum Mouvement: d‘Land paralyséieren andeems all Ausgabe „verhënnert“ ginn. Esou zumindest de Plang vun de giele Gileten. Ugefaangen huet dat ganzt mat Membere vun der Zivilgesellschaft, déi sech géint d‘Deierecht un der Pompel gewiert hunn.

D‘Leit hunn es genuch

Et war séier kloer, datt Bensin an Diesel net dem Fransous seng eenzeg Suerg sinn, an de Kader vun de Revendicatioune gouf erweidert. Zum 1 Januar 2019, sollen d‘Taxen op den Diesel ëm 6,5 Eurocent de Liter, déi op de Bensin ëm 2,9 Eurocent gehéicht ginn.

„D‘Leit hunn es bis iwwert d‘Oueren“ – wéi et en Donneschdeg de Kevin Dujardin „e Gallier vu Calais“ erkläert huet – „et ass en onpoliteschen, net gewerkschaftleche Mouvement (…) Sollte Politiker kommen, ginn se boykottéiert. Kommen der mat Fändele vun der Gewerkschaft? Ginn se op der Plaz verbrannt“.

Jacline Mouraud, Priscillia Ludosky, Tristan Lozach oder Thierry Marre: déi perfekt Onbekannt. Viru kuerzem hu si sech der Schlaagkraaft vun de sozialen Netzwierker ermächtegt, an déi „Onzefridden“ federéiert. An hir „Wett“ schéngt opzegoen. Laut engem Sondage Odoxa, deen dës Woch fir France Info an de Figaro realiséiert gouf, ënnerstëtze 75% vun de Fransousen dëse Mouvement, a 15% wëllen sech un der Aktioun bedeelegen.

600 Stied si betraff

Vun dësem biergerlech spontane „Mouvement“ veronséchert, bei deem et quasi onméiglech ass virauszegesi wéi en Ausmooss an Impakt hie kann hunn, hat d‘Regierung um Mëttwoch versicht, d‘Mobiliséierung mat „Mesuren“ opzehalen.

Bei der d‘Karbon-Tax – notamment de Sprit – gëtt et keen zréck méi. De Premierminister Edouard Philippe, huet virgeschloen eng „Konversioun-Prime“ anzeféieren (da kéint bis zu 4.000 Euro goen) fir d‘Menage mat klengem Akommes, oder Leit déi ganz vill fueren. De „Scheck Energie“ eng Zoulag fir d‘Ausgabe bei Stroum a Gas, soll och reforméiert ginn.

Genotzt huet et näischt. Et ginn sech gutt 1.500 punktuell Aktiounen erwaart, vun deenen der, esou d‘Autoritéiten, nëmmen eng honnert deklaréiert gi sinn. Laut deem wat ee weess – oder unhëlt – sinn d‘Regiounen: Nord-Pas-de-Calais an d‘Elsass, am stäerkste mobiliséiert ginn. D‘Police geet dovunner aus, datt hei bis zu 600 Stied vum Mouvement betraff sinn.

Déi do „Uewen“ verstinn et nees net

„Dat wat schwéier ass, dat ass datt een hei keng gewerkschaftlech Organisatioun – déi et gewinnt ass Manifestatiounen ze organiséieren – géinteniwwer stoen huet“, sot den Inneminister Christophe Castaner, dee besuergt ass iwwert den Encadrement vun dësem „wëlle“ Mouvement.

En héije Beamte vu Beauvau erkläert sengersäits: „Et ass e Paradox. Mir hunn d‘Informatioune well alles an de sozialen Netzwierker steet, mee mir hu keng Ahnung dovunner, wéi vill Leit sech am Endeffekt dem Mouvement wäerten uschléissen. An dem Premierminister ass e Freideg keng besser agefall, de Leit ze soen, datt „ee kee Land blockéiere kann“. Dat wier net acceptabel… Dofir dierf hien elo de Samschdeg a sengem Büro verbréngen an den Oflaf „iwwerwaachen“.

Zu Beauvau gëtt ee sech méi zouversiichtlech: „mir wäerten d‘Risike vun de Blockagen an der Infiltratioun am A behalen. Mir ginn dësen Dag mat Beduecht a Konzentratioun un“, esou de Laurent Nunez, Staatssekretär am Inneministère. An d‘Exekutive huet net opgehale virun de politesche Séilefänger ze warnen.

Wou ass déi politesch Plus-value?

De President vun „Les Republicains“, Laurent Wauqiez, de Leader vun der „France Insoumise“, Jean-Luc Mélenchon, an de President vun „Debout la France“, Nicolas Dupont-Aignan, stellen sech op d‘Säit vun der Kregéilerten, grad wéi och Vetrieder vum populistesche „Rassemblement National“, mee dës Kéier ouni d‘Presidentin, Marine Le Pen.

Op der géinteniwwer leiender Säit: déi lénk an d‘Ekologisten. Si hunn dat wat een „den Aarsch tëscht zwee Still hunn“ nennt. Hir politesch Grenze gi strapazéiert, well se mat där enger Hand d‘Kafkraaft vun der Bierger erhale wëllen, mat där anerer Hand eng ekologesch Transitioun op d‘Been stelle wëllen. Si sinn et, déi op dësem „Aktiounsdag“ dat meescht ze verléieren hunn.

Fënnef Joer no de „roude Mutzen“ (Bonnets Rouges), déi deemools bannent Wochen d‘Ecotax, eng ekologesch Steier op d‘Camionen, zu Graf gedroen hunn, schéngt et elo op e neits zu engem Kampf tëscht dem Vollek a senger Regierung ze kommen. Op et dann och mat der Aktioun vun dësem Samschdeg gedoen ass? Laut Experten hänkt dat vun der Bedeelegung of.

mam Marie Giffart/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, giel Gileten, Mouvement, Protest, Zivilgesellschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel