Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen
International Neiegkeeten

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?
International Neiegkeeten

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen.

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken
International Neiegkeeten

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Et war ze erwaarden: D‘Librairie Alinea war beim Stater Gemengerot

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

De „schwaarze Block“ versaut de Gewerkschaften de 1. Mee

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte Verhaftungen… Dës Manifestatioun zum 1. Mee haten sech d‘Gewerkschaften anescht erhofft, mee déi radikal Elementer vum Mouvement vun de giele Gileten, haten en aneren Zeenario virgesinn.

Laut dem Inneministère hunn a ganz Frankräich 151.000 Mënschen un de Manifestatiounen zum 1. Mee deelgeholl. Säitens der CGT (eng vun de bedeitendste franséische Gewerkschaften) ass rieds vun 310.000 Manifestanten. Nach ëmmer bezunn op d‘Zuelen déi den Inneministère virgeluecht huet, sollen sech eleng zu Paräis 40.000 Gewerkschaftler a giel Gilete versammelt hunn.

Gewalt

ee nodeem wiem ee nolauschtert, huet et gëschter zu Paräis 16.000 (Police), 40.000 (Inneministére) oder 120.000 (Cabinet Affluence) ginn. © Vincent Castella

Et sollt an der franséischer Haaptstad och zimlech fréi mam Gestreits lassgoen. Bei der Opstellung vum Cortège bei der Gar vu Montparnasse hunn déi „giel Gileten“ sech massiv un der Spëtzt positionéiert, ënnert hinnen d‘Klatzkäpp aus dem sougenannte „schwaarze Block“, déi vun Ufank un d‘Manifestatioun „gestéiert“ hunn. Dëser Perturbatioun huet sech Police entgéintgestallt…

De gewollte Chaos

Vu chaoteschen Zeenen ass rieds. Dat ganzt wier esou ausgeaart, datt d‘CGT-Security genéidegt war de Gewerkschaftsleader, Philippe Martinez, huet missen „evakuéieren“. Deen huet eppes méi Spéit seng Siicht duergestallt: „D‘CRS si massiv géint d‘CGT virgaangen. Ech kann also elo aus eegener Erfarung, d‘Changementer déi mam neie Präfekt komm sinn, beuerteelen“.

Gewalt

Deem begéint d‘Prefektur vun der Police op Twitter: „d‘CGT war zu kengem Ament d‘Zil vun de Polizisten a Gendaarmen, déi hir Missioun géintiwwer de gewaltbereete Casseure mat determinéiert erfëllt hunn“. Fir d‘Gewerkschaft vun de Beamten (FSU), wou e Militant verletzt gouf, war den 1. Mee do um Enn. D‘giel Gileten an de schwaarzer Block, hätten sech hiren Dag zu eege gemaach.

Wann et net anescht geet

Bei den Zesummestéiss ass et entspriechend haart zougaangen, an et ginn op Säite vun der Police 14 liicht blesséiert Beamte gemellt. An de Reie vun de Manifestante solle 24 Persoune verletzt gi sinn. Zu Paräis ware 7.400 Polizisten a Gendaarmen am Asaz. Nach iert et lass gaangen ass, haten déi 9.016 Persoune „kontrolléiert“ an 165 goufen der interpelléiert (esou de Stand um 13.15 Auer).

Gewalt

Ugesiichts der Tatsaach, datt déijéineg ënnert de Manifestanten déi et op „Rapp a Klapp“ ukomme loossen, bei de Zerstéierung wéineg bis guer net wieleresch sinn, huet sech gëschter och en drolegt gebueden. Esou ass de Restaurant „La Rotonde“ – nodeems vun de Giele Gileten, Mëtt Mäerz, de Fouquet‘s a Brand gestach gi war – vun engem impressionnante Dispositif „verdeedegt“ ginn.

Verbarrikadéiert Geschäfter a verängschtegt Touristen

Wéinst der amtlech annoncéierter „Apokalyps“ ware vill Geschäftsleit opgefuerdert ginn de Buttek zouzeloossen. De Metro war deels gespaart an och aner ëffentlech Transportmëttel, konnten nëmmen ageschränkt zirkuléieren. Den Touriste war dann och am allgemenge gerode ginn, sech vun de Manifestatiounen ewech ze halen. Déi wirtschaftlech Konsequenze sinn nach net beziffert ginn.

Gewalt

Also de Porsche um Passage vum Cortège ze parken, ass vläicht net déi beschten Iddi gewiescht. © BadCompany (via Twitter)

Dofir – an dat ass dann déi eigentlech gutt Nouvelle – war et an de Regioune wäitleefeg friddlech. Lyon, Bordeaux a Marseille haten sech op eng muskléiert Manifestatioun virbereet, a waren net enttäuscht, datt alles ouni Iwwergrëff ofgelaf ass. Déi puer Kregéiler ware séier ënner Kontroll bruecht ginn, firwat et – ausser zu Paräis – zumindest nach e bëssi no 1. Mee ausgesinn huet.

mat indymedia/par

Frankräich: den 1. Mee aus der Siicht vun de Kollege vu FranceInfo

Foto: Wou et keng Klatzkäpp gouf, ass d‘Maniff roueg verlaf. © Maximilien

Ähnlech Sujeten 1. Mee, Apokalyps, Black Block, CGT, CRS, Frankräich, FSU, Gewerksachften, giel Gileten, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel