Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“
Erkläert Stories Videos

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“

E Samschdeg 21. September organiséiert d‘ALA (Association Luxembourg Alzheimer) vun

dislike
Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Erkläert Stories Videos

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Et suergt vir hëtzeg Diskussiounen um Netz, mee wat sinn d'Fakten?

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi och Franséisch geschwat ginn. Betraff sinn d’Kanner tëscht zwielef Méint a véier Joer.

D’Haaptargument vum zoustännege Minister Claude Meisch ass, datt et grad an deem Alter einfach ass, sech verschidde Sproochen unzëeegnen. Zanter engem gudde Joer leeft e Pilotprojet an aacht Crèchen, wou genee dat ausprobéiert gëtt, wat an alle Betreiungsstrukture soll Realitéit ginn. An zanter der leschter Rentrée huet sech och d’Chamber mam entspriechende Gesetzprojet beschäftegt.

Och wann an der Ëffentlechkeet haaptsächlech iwwert d’Franséischt diskutéiert gëtt, sollen all d’Mammesprooche vun de Kanner opgewäert ginn. Vum pädogeschen Aspekt ofgesinn, soll d’Kannerbetreiung insgesamt däitlech méi bëlleg ginn: op d’mannst 20 Stonnen d’Woch solle gratis ginn. Kritik un dësem Projet gëtt et net nëmme vun den Oppositiounsparteien.

De Staatsrot z.B. mécht drop opmierksam, datt d’Elteren, déi léiwer op eng Dagesmamm ewéi op eng Crèche zeréckgräifen, vun der Reform ausgeschloss ginn. Do dernieft wier et an der Praxis praktesch onméiglech d’Mammesprooche vun alle Kanner opzewäerten. Ugangs des Joers huet e Schoulmeeschter eng Petitioun géint dëse Projet agereecht. Hien ass der Meenung, d’Kanner sollen an de Crèche just Lëtzebuergesch léieren. Mam Franséische wieren se iwwerfuerdert a Lëtzebuergesch wier, fir déi Kleng, dann net méi déi gemeinsam Kommunikatiounssprooch.

Enn Mee gouf des Petitioun, nodeems genuch Ënnerschrëfte konnte gesammelt ginn, an der Chamber diskutéiert. Eigentlech war des Petitioun och géint en aneren, ähnleche Projet vum Edukatiounsminister geriicht: d’Aféiere vum Franséischen am Cycle 1. Dee Gesetzprojet ass allerdéngs den Dag no dem ëffentlechen Debat an der Chamber ugeholl ginn. D’Oppositiounsparteien hunn aus diverse Grënn géint de Gesetzestext gestemmt.

Konkret heescht dat: d’Kanner, déi an de Precoce oder an d’Spillschoul ginn, kréien an Zukunft déi franséisch Sprooch op eng spilleresch Aart a Weis nobruecht. Et soll virun allem wäert op dat Mëndlecht geluecht ginn, esou datt sech näischt drun ännert, datt se eréischt e puer Joer méi spéit mam Schrëftleche konfrontéiert ginn. Och bei der Alphabetiséierungssprooch bleift alles beim Alen: hir éischt Wierder wäerten déi kleng Schüler op Däitsch schreiwen. Wéi sech dat Ganzt op déi schoulesch Leeschtung an déi d’Astellung vun de Schüler der franséischer Sprooch géigeniwwer auswierke wäert, gi mer wuel eréischt an enger Rei Jore gewuer.

Ähnlech Sujeten Erkläert, Video
Nächsten Artikel Virrechten Artikel