Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!
International Money dating billingham

sweet dating quotes

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

tu conexion con los servidores de matchmaking no es estable
International Money dating billingham

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!
International Money dating billingham

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!

Wat den Eenzelhandel ugeet, ginn et fir Lëtzebuerg keng gutt

money

Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington

Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington

Zu Paräis soll de Senat haut en Digitalsteier-Gesetz beschléissen an dat veriergert den US-President. Den Donald Trump huet seng Servicer ugewisen ze préiwen, wat fir Auswierkungen dat franséischt Gesetz géintiwwer US-Entreprisen huet.

Den amerikaneschen Handelsbeoptragte Robert Lighthizer huet erkläert, datt sech zu Washington schlecht Stëmmung breet mécht. Esou soll den Donald Trump ugeuerdent hunn, d‘Gesetz ze analyséiere fir kënne festzestellen, ob et den US-Handel behënnert oder méiglecherweis aschränkt. Diskriminéierend oder onerdréiglech Steiere géife Géigemoossname mat sech bréngen.

Digitalsteier

Elo wäert dëst vu Washington am Virfeld veruerteelt Gesetz awer kommen. Déi national Assemblée hat d‘Gesetz schonn d‘lescht Woch a leschter Liesung ugeholl, an haut soll et da vum Senat ugeholl ginn. Mat dëser Steier wier Frankräich dat éischt Land an der EU, dat déi international agéierend „Internetrisen“ mat 3% ob hirem Ëmsaz a Frankräich taxéiere géif. E Beispill?

Fir de franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire ass d‘Besteierung vun de GAFA (Google, Apple, Facebook an Amazon) eng Fro vu Steiergerechtegkeet. Eng Steiergerechtegkeet déi Bréissel net hikritt, firwat elo op nationalem Niveau „Neel mat Käpp“ misste gemaach ginn. Et gëtt wéi et ausgesäit an der EU Länner, déi op esou „Steiere verzichte“ kënnen, an d‘USA wëllen se net.

Digitalsteier

Vill EU-Länner verweigeren d‘Digitalsteier, firwat am Mäerz op en Neits kee Konsens fonnt ginn ass. Si fuerderen eng weltwäit ofgestëmmte Besteierung vun den Internetentreprisen an erkennen net den Notze vun enger Steier déi op EU-Niveau géif agefouert ginn. Bréissel huet allerdéngs scho gemengt, datt de Sujet nees op den Dësch kënnt, wa bis 2020 keng Fortschrëtter gemaach goufen

Aus Washington koum schonn d‘Warnung. Sollt ee feststellen, datt et keng gutt Operatioun fir déi „betraffe Konzerner“ ass, géif et zur Aféierung vun neien Douanestaxen op franséisch Wuere kommen. De Steven Mnuchin hat beim G20-Sommet vun de Finanzminister zu Fukuoka däitlech gemaach, datt wann et zu enger weltwäit gülteger Digitalsteier kënnt, da leeën d‘USA dat fest.

mat indymedia/was/par

Ähnlech Sujeten Bruno Le Maire, Digitalsteier, Donald Trump, Frankräich, GAFA, Robert Lighthizer, Steven Mnuchin, USTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel