Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?
Neiegkeeten

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

Et ass ewell 56 Joer hir, datt de britesche Regisseur

Theresa May ënner Drock
Neiegkeeten

Theresa May ënner Drock

Kënnegt haut déi konservativ Premierministesch Theresa May  hir Demissioun un?

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Sonndeg
Neiegkeeten

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Sonndeg

Um Sonndeg Moien ass, zesumme mat der Inneministesch Taina Bofferding,

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

Aus enger Etüd vum nationale statisteschen Institut geet ervir datt d‘Grenzgänger aus der Belsch an Däitschland besser bezuelt ginn

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

An der leschter vum STATEC verëffentlechter Etüd geet ervir, datt déi franséisch Grenzgänger zu Lëtzebuerg iwwert d‘Joer manner Geld verdéngen, wéi dat de Fall fir déi Belsch (+10.500 Euro) oder Däitsch (+8.300 Euro) Frontalieren de Fall ass. D‘Berechnung bezitt sech op d‘Joresakommes ouni d‘Cotisatiounen an d‘Sozialkeesen déi zu Laaschte vum Patron ginn.

Dat wier zolidd ongerecht, firwat de STATEC och séier erkläert wiem oder wat dat geschëlt ass. Et hätt domatter ze dinn, datt et verschidde Spezialiséierunge géif ginn déi esouwuel Lännerspezifesch wéi Secteur gebonne sinn. Eis franséisch Nopere wieren deemno méi present an de sougenannten Niddreglounsecteuren, wéi beispillsweis an der Gastronomie an/oder dem Eenzelhandel.

Laut STATEC wieren déi franséisch Grenzgänger och méi jonk, stinn also quasi um Ufank vun hirer berufflecher Carrière. Vun den 192.070 Frontaliere stellen d‘Fransousen d‘Majoritéit (52%). Eis Noperen aus der Belsch (24%) an Däitschland (24%) deelen sech de Rescht ënnert enaner op. Hei gëtt och notéiert, datt den Taux vun de Grenzgänger aus de genannte Länner stabil bleift.

Interessant nach d‘Remark, datt 1.501 Residenten als Grenzgänger an engem vun de genannte Länner sengem Beruff nogeet. Eigentlech wieren et de plakegen Zuelen no ze beuerteelen, därer awer 12.783. Dat huet domatter ze dinn, datt alles wat bei den europäeschen oder internationalen Institutioune beschäftegt ass, de Statut vum „travailleur frontalier“ ugespéngelt kritt.

Ähnlech Sujeten Diskriminatioun, Frontalieren, Grenzgänger, Joresgehalt, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel