Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: D‘Offensiv op Idlib huet ugefaangen
International Neiegkeeten

Syrien: D‘Offensiv op Idlib huet ugefaangen

Déi russesch Loftwaff an déi regimetrei Truppe vum Baschar al-Assad

What the Fakt – den Internationale Fraendag
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris
International Neiegkeeten

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris

Trotz der grousser Opmierksamkeet op déi aktuell Pandemie huet d’Klimakris

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Russland ass wéinst der Ukrain vum Sommet ausgeschloss, mee ouni de Vladimir geet et och net

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Well de Vladimir Putin net méi um groussen Dësch vun der G7-Famill wëllkomm ass, een awer elo och keng „Weltpolitik“ ouni de russesche President maache kann, huet den Emmanuel Macron en diplomatescht Konschtstéck higeluecht, an de Kreml-Chef zu Brégançon empfaangen.

Nom Empfang gëschter Owend, huet sech de franséische President fir besser Bezéiungen tëscht der EU a Russland ausgeschwat, an säi russeschen Homolog nach emol zu Gespréicher iwwer den Konflikt an der Ukrain gedrängt. E Konflikt dee jo och de Grond ass, firwat Moskau net méi vun de G7 ageluede gëtt. Dem Emmanuel Macron géif et entgéint kommen, mat de Russen e Sommet am sougenannten „Normandie-Format“ ofzehalen.

Zanter datt d‘Ukrain mam Wolodymyr Selenski en „neie“ President huet, hätt sech d‘Situatioun am Land maassgeeblech verännert, firwat esou e Sommet duerchaus Sënn géif maachen, esou den Emmanuel Macron. Dat gesäit de Mann aus Moskau ähnlech: „Mir mussen dat bespriechen. Et gëtt hei esou Muenches dat e virsiichtegen Optimismus zouléisst“, esou de Vladimir Putin. An och Moskau fënnt dat „Normandie-Format“ gutt.

Zilorientéiert oder guer net

Fir de russesche President steet awer och fest, datt esou ee Sommet nëmmen dann och Sënn mécht, wann et realistesch Aussiichten op konkret Resultater gëtt. „Menger Meenung no gëtt et keng Alternativ zum Normandie-Format. Dofir wäerte mir dat ënnerstëtzen“, seet de Vladimir Putin. Mee liicht gëtt dat net. Zanter 2014 versicht d‘EU – also eigentlech nëmme Frankräich an Däitschland – tëscht Kiew an de prorussesche Separatisten ze vermëttelen.

G7Dës „Quadripartite“ ass Normandie-Format genannt ginn, well sech domatter op den Uert vum éischten Treffe bezu gëtt. Dee leschte Sommet gouf 2016 zu Berlin. Politesch huet sech zanterhier an der Ukrain villes gedoen, an et besteet mat Wolodymyr Selenski tatsächlech eng Chance, dee säit fënnef Joer unhalende Konflikt tëscht de prorussesche Separatisten an der ukrainescher Arméi, elo op en Enn ze bréngen. D‘Krim awer, déi bleift russesch…

Wëll Moskau nees an de Schouss vun der G7-Famill?

Interessant un der Entrevue am Fort de Brégançon, de Fait datt de franséische President sech zu engem Plaidoyer fir eng „nei Architektur vun der Sécherheet an dem Vertrauen tëscht Russland an der EU“ hiräisse gelooss huet. Woubäi et fir Europa scho wichteg wier, nees zu engem Vertrauen zréckzefannen, mat deem déi bestoend Mëssverständnesser, déi sech an de leschte Joren opgetiermt hunn, dann och endlech gekläert kéinte ginn.

G7

Bei senger Arrivée um Fluchhafe vu Marseille, ass de russesche President vun den Aarbechter aus alle Wénkelen opgeholl ginn. Seng leit huet eis hei ee flotte Moment festgehalen. © Kreml

De Vladimir Putin huet sech dann och oppe gewisen, fir nees an de Schouss vun der G7-Famill zréckzekommen. Géint eng „Mataarbecht“ hätt hie prinzipiell näischt, mee wann de Präis dofir d‘Krim sollt sinn, da sollen déi sougenannt „Industrienatiounen“ ënnert sech bleiwen. Zudeem ass dee Punkt längst net méi verhandelbar. Zumindest net méi, zanter den Donald Trump Israel d‘Annexioun vun de Golanhéichten zougestanen huet.

Et geet och ëm Weltfridden a Handelspolitik

Datt sech Moskau mat der Annexioun vun der Krim an dem dorausser resultéierenden Ausschloss aus dem elitäre G7-Club, ëmmer méi vum Westen distanzéiert huet ass novollzéibar. Esou datt sech d‘Russe politesch a militäresch China zougewennt huet. Och net onerhieflech: de Vladimir Putin leent déi vun de G7 gefërdert „liberal Demokratie“ ausdrécklech of. Zudeem ass den aktuell op de Kreml ausgeüübten Drock kontraproduktiv.

G7Mee de Leader vum G7 ass bewosst, datt et esou ganz ouni Russland och net geet. Sécher ass et keen einfache Member, mee ouni Moskau kann et an de sëlleche Konflikter (Ukrain, Syrien a Libyen) keng nohalteg Léisung ginn. An esouguer an der Kausa „Iran“ ass een op d‘Kooperatioun mat de Russen ugewisen. Esou geet Weltpolitik: et muss een och mat deene schwätzen, déi een net esou gutt leide kann. Et geet ëm Fridden an Handel…

mat indymedia/par/mow

Foto: D‘Entrevue tëscht dem franséische President an dem russesche President Vladimir Putin zu Fort de Brégançon ass wäit méi wéi nëmmen e symboleschen Akt. Moskau gëtt gebraucht fir Konflikter ze léise mee misst an der Kausa „Ukrain“ op d‘Industrielänner zougoen. Dat geet awer nëmme wann d‘Krim aus den Diskussiounen erausgehale gëtt. © Elysée

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Fort de Brégançon, G7-Biarritz, Ukrain, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel