Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht
International Neiegkeeten

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht

Déi duerch d‘Bestriewe vun Onofhängegkeet ausgeléiste politesch Kris, deplacéiert sech

dislike
Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“
International Neiegkeeten

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Um Donneschdeg huet Lëtzebuerg sech iwwert eng manifest „concurrence déloyale“

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist

Laut Anti-Terror-Procureur wier den Ugräifer an der Paräisser Prefektur e Salafist gewiescht

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist

De Mickael Harpon schéngt net méi als „presuméierten Täter“ gehandelt ze ginn an aus dem, wéi ufangs behaapt „onopfällege“ Beamten, gëtt elo en Unhänger vum Salafismus – enger radikaler Form vum Islam – an e méiglechen Terrorist gemaach. Erschreckend heibäi, hien huet selwer an der Abteilung zur Bekämpfung vum Terrorismus geschafft. Et stellen sech elo vill Froen…

No der Attack an der Prefektur op der Île de la Cité am 4. Arrondissement, wou de Mickael Harpon véier Mënsche mat engem Kichemesser ofgestach huet, iert hie vun engem Polizist „neutraliséiert“ konnt ginn, war een Ufangs vum engem „internen Dissens“ ausgaangen dee beim Beamten zu engem sougenannte „Blackout“ gefouert hätt. An engem éischten Ament konnt sech keen en terroristeschen Hannergrond virstellen, de Mann war schliisslech ee laangjärege Mataarbechter.

Bei den Ermëttlungen hunn sech d‘Enquêteuren op d‘Sich no engem Motiv fir dës Dot gemaach a si sollte séier feststellen, datt et sech bei dëser Dot net ëm en interne Sträit mat schreckleche Folgen handelt. De Procureur Jean-François Ricard huet e Samschdeg bestätegt, datt een elo vun engem terroristesch motivéierten Uschlag muss ausgoen. De Beamte soll zudeem scho virun 10 Joer zum Islam konvertéiert sinn a hätt Kontakter zur radikaler Salafistebeweegung ënnerhalen.

D‘Virzeeche goufen iwwersinn

Aus den Ermëttlunge gëtt ervir, datt de Mickael Harpon „bestëmmten Doten déi am Numm vun dëser Relioun vollbruecht goufen“, soll zougestëmmt hunn. Ënnert anerem hätt sech de Beamten, deen zanter 2003 als Informatiker beim Renseignement an der Anti-Terror Eenheet vun der Police geschafft huet, iwwert den Uschlag op d‘Satirezeitung Charlie Hebdo mat 12 affer, gefreet.

Esou eng Dot – déi vu „Bannen“ eraus gefouert gouf – werft vill Froen op an de Premierminister Edouard Philippe huet ugekënnegt, datt et elo zu enger akribescher Iwwerpréiwung vun alle Mataarbecht vun de Sécherheetsdéngschter kënnt. Et bréicht Moossnamen déi et erméiglechen eng Radikaliséierung an de Reie vun der Police zäitno opzedecken. Dofir sinn zwou „Missiounen“ zur Opklärung – eng an der Prefektur, déi aner bei de Geheimdéngschter – ugeuerdent ginn.

Gewosst ass elo, datt de Mann virun der Dot iwwer 30 reliéis Message mat senger Fra gedeelt huet, an engem dovunner huet den Täter de Kaf vum Messer genannt. Seng Fra hat doropshi geäntwert, datt just Gott iwwert hie riichte kann. Si sëtzt zur Zäit nach ëmmer an Untersuchungshaft. Datt de Beamten, deen och soll de Wonsch ausgedréckt hunn, seng Kontakter zu Fraen anzeschränken, a seng Bekleedungsgewunneschte verännert huet, net „opgefall“ ass, werft weider Froen op.

Frankräich an de radikalen Islam

Datt dës Dot a Frankräich fir Entsetze suergt an och an de sozialen Netzwierker allgéigewäerteg ass verwonnert dann och net. Zanter Joren hunn eis franséisch Noperen en zolitte Problem mam Terror, dee wuel „islamesch motivéiert“ awer virun allem vu „franséische Bierger“ bedriwwe gëtt. Esou si bis ewell iwwer 250 Affer duerch „islamesch“ Terroristen ze bekloen.

Zur Erënnerung: virun en puer Méint hat e jonke Fransous vu 24 Joer zu Lyon e Sprengsaz virun enger Bäckerei deponéiert, an iwwert eng Dose Mënsche blesséiert. Och d‘Attack op Charlie Hebdo an de Massaker am Bataclan ass Islamiste mat franséischer Nationalitéit zouzeschreiwen.

Mat der Dot déi elo vun engem Beamten, deen zu allem Iwwerfloss och nach am Service zur Feststellung an Iwwerwaachung vu méiglechen „Attentäter“ geschafft huet, vollbruecht gouf, geréit de ganze Sécherheetsapparat an d‘Schleideren. Wéi et soll weidergoen a wat et fir all déi Beamte bedeit déi e moslemeschen „Hannergrond“ hunn, dat mussen déi nächst Woche beäntwerten.

mat indymedia/par

Foto: © Police Nationale/Préfecture de Paris

Ähnlech Sujeten Islam, Messerattack, Mickael Harpon, Paräis, Prefektur, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel