Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David
International Money Neiegkeeten

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?
International Money Neiegkeeten

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

Palestinenserpresident zitt de Stecker
International Money Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

money

De franséische Premierminister gräift déif an d‘Täsch

100 Milliarden Zousätzlech fir d‘Konjunktur nees ze beliewen, mee geet dat duer?

De franséische Premierminister gräift déif an d‘Täsch

Bei eise franséischen Nopere goufen zanter Ufank vun der Covid19-Pandemie Hëllefsprogrammer fir iwwer 450 Milliarden annoncéiert. Dobäi geet et fir de Gros ëm Kreditter fir Entreprisen, a déi sämtlech Subventioune fir krisegeplote Secteure, dorënner den Automobil-, Loftfaart- a béis ugeschloenen Tourismussecteur. Elo wëll de Premierminister Jean Castex nach eppes dropleeën.

Esou huet d‘Regierung um Donneschdeg en Investitiounsprogramm an Héicht vun 100 Milliarden Euro, déi direkt zur Beliewung vun der Konjunktur sollen agesat ginn. D‘Wirtschaft soll méi nohalteg/ekologesch opgestallt an d‘Entreprisen international méi konkurrenzfäeg gemaach ginn. Et soll verstäerkt an déi wirtschaftlech benodeelegt Regioune wéi och an d‘Aarbecht investéiert ginn.

PremierministerKléngt bekannt? Ass et och, well ausser dem sozialen a regionalem Ausgläich, ass et méi oder wéineger genee dat, wat den Emmanuel Macron 2017 a sengem Wahlprogramm stoen hat. An datt dat alles elo nach emol „opgerullt“ gëtt, huet der sanitärer Kris ze dinn, mee soll och eng Äntwert op d‘Protestbeweegung vun de „giele Gileten“ an de Mëssstänn am Gesondheetssystem sinn.

Si hunn et matkritt

Mat dësem Grëff an d‘Staatskeess signaliséieren de President a seng Regierung, datt si elo endlech matkritt hunn, datt déi franséisch Peripherie nees de sozialen a wirtschaftlechen Uschloss fanne muss. Regionalpolitik ass deemno nieft Investitiounen a Klimapolitik, eng vun de grousse Baustelle mat där déi franséisch Wirtschaft op internationalem Niveau nees soll méi konkurrenzfäeg ginn.

Wichteg an dësem Kontext: d‘Aus- a Weiderbildung vun der jonke Mënschen ënnert 25 Joer. Déi meescht vun hinne kommen aktuell nei op den Aarbechtsmaart a dierften d‘Wirtschaftskris, déi mindestens esou reell a bedreelech wéi déi sanitär Kris ass, am häertsten ze spiere kréien. Fir dësen ze hëllefen sech um Aarbechtsmaart ze behaapten, soll et Subside fir Entreprise ginn déi se astellen.

PremierministerGrouss Kappzerbrieches hu se sech net misse maachen, d‘Rezepter: Investitioun an Infrastruktur, Subventioune fir Innovatiounen, Steiererliichterunge fir d‘Wirtschaft… dat alles hunn och dem Emmanuel Macron seng Virgänger schonn a Konjunkturpäck agepaakt. Richteg weder de Nicolas Sarkozy nach de François Hollande, hunn datt an esou engem groussem Ëmfang och duerchgesat.

Europa hëlleft jo och

De Premierminister Jean Castex, deen dëse Konjunkturprogramm a senge grousse Linne gëschter virgestallt huet, stellt kloer, datt dëse Konjunkturpak véier mol esou grouss ass, wéi dee mat deem déi virecht Regierunge Frankräich aus der Wirtschaftskris féiere wollten. Dat bescht, esou de Profi a Verwaltungsfroen, déi genannten 100 Milliarden Euro géifen d‘Staatskeess minimal belaaschten.

Eng Zouversiicht déi dem Fait geschëlt ass, datt eis Nopere jo och ronn 40 Milliarden Euro aus dem Coronaviruskriseprogramm vun der Unioun erhalen. Dëse Finanzprogramm war zu Bréissel jo och mat der aktiver Bedeelegung vun de Fransousen opgestallt ginn, och wann dat üblecht Gestreits net ausbliwwe war. 40 Milliarde ginn iwwer Scholde finanzéiert, déi mëttelfristeg sollen ofgedroe ginn.

PremierministerGutt dofir misst déi franséisch Wirtschaft emol nees ulafen. De Jean Castex ass optimistesch a geet dovunner aus, datt dat schon 2022 de Fall wäert sinn. Eng Ausso allerdéngs déi näischt mam Bléck an d‘Kristallkugel ze dinn huet, mee kloer politesch motivéiert ass: am Fréijoer 2022 mussen eis Noperen en neie President wielen oder deen aktuellen am Amt bestätegen. Eng fro vun Timing…

mat indymedia/par

Foto: De Premierminister Jean Castex (hei bei enger Reunioun mat de Präfekte vun der Regiounen) ass bestänneg am vollen Asaz, wat d‘Oppositioun eppes veriergert mee och erstaunt. Et geet stramm virun, dat awer mat vill Virsiicht, well seng Prioritéit ass déi ëffentlech Gesondheetssécherheet. © Ministère de l‘Intérieur

Ähnlech Sujeten Frankräich, Jean Castex, Konjunkturpak, Premierminister, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel