De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich
Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich
Déi eng freeë sech, déi aner manner: t’ass Schoulrentrée. Ab
Iwwer 20 Joer Tournee-Erfarung a méi wéi eng Millioun Fans
Wärend der Zeremonie, déi dëst Joer méi kleng ausfale misst, stoung virun allem den Engagement vum Fleegepersonal an dem Militär am Virdergrond. An dësem Kader koum et och zum Echange tëscht der Gesondheetsministesch an hiren Homologen Jens Spahn (Däitschland), Rudi Anschober (Éisträich), Alain Berset (Schwäiz), wéi och mam WHO-Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus.
Beim gemeinsame Mëttegiessen gouf iwwert déi generell Situatioun, wéi och iwwert d’Lag an de jeeweilege Länner diskutéiert. Donieft goung et ëm de weidere Verlaf, d’Preparatioune fir den Hierscht an d’Léieren, déi een aus der Pandemie gezunn huet.
„Mir hunn et fäerdeg bruecht déi éischt Courbe relativ déif ze halen, dank dem Engagement an der remarkabeler Solidaritéit vun den Dokteren, Professionellen an der Santé, Benevollen an eise Bierger. Haut konzentréiere sech all eis Beméiungen op de Monitoring vun der Evolutioun vun der Situatioun an op d’Preparatioun fir eng eventuell zweet Well“, sou d’Paulette Lenert.
Ma, duerch d’Hausse vun Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg huet d’Gesondheetsministesch och nach emol déi ambitiéis a groussflächeg Teststrategie am Groussherzogtum erkläert. De Large Scale Testing mécht et nämlech méiglech, vill asymptomatesch Persounen ze fannen, an och hir Kontakter zeréckverfollegen ze kënnen. „Zil vun dësen Demarchen ass et d’Infekiounsketten ze briechen an d’Kapassitéite vum Gesondheetssystem ze schützen“, ënnersträicht d’Paulette Lenert.
Vu que datt d’Grenzgränger 46 % vun eiser Aarbechtskraaft ausmaachen, ginn och si bei den Tester vu Lëtzebuerg abezunn. Ee Grond méi, wisou sech d’Situatioun bei eis vun anere Länner ënnerscheet an et och en erhéichten Taux un Neiinfektioune gëtt.
Um europäeschen Niveau louch Lëtzebuerg beim Monitoring vun den Doudesfäll wärend der zougespëtzter Phas ënnert dem Niveau vun enger substantieller Erhéijung.