Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn
International Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Eng Rei Busarrêten musse verréckelt ginn

D‘Stad Lëtzebuerg deelt mat, dat am Kader vun de Chantieren

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder
International Neiegkeeten

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder

Bréissel huet um Mëttwoch seng Offensive géint Banquieren, Affekoten an

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!
International Neiegkeeten

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

D‘Schweden hunn e Mëttwoch eng elektrifizéiert Strooss ageweiht, déi mat

D‘Fransouse wëlle Weltraum-Sträitmuecht opstellen

No den USA an der NATO wëll och den Emmanuel Macron fir e Krich am Weltraum gerëscht sinn

D‘Fransouse wëlle Weltraum-Sträitmuecht opstellen

Um Virowend zum 14. Juli, huet de franséische President Emmanuel Macron, bei sengem Treffe mat héijen Offizéier, den Opbau vun enger Weltraum-Sträitmuecht ugekënnegt. „Fir d‘Entwécklung an d‘Verstäerkung vun eise Kapassitéiten a Méiglechkeeten am Weltraum sécherzestellen, gëtt am September e Raumfaartkommando an eiser Loftwaff geschafen“, esou de franséische President.

Fir den Emmanuel Macron schéngt et erwisen, datt de Weltraum zu engem neie „Konfliktberäich“ gëtt, firwat hien eng „Ännerung vun der Militärdoktrin“ geneemegt huet, déi et Frankräich zukünfteg soll erlaben, sech am an aus dem Weltraum eraus ze verdeedegen. Fir den Ausbau vun der Loftwaff zur Weltraum-Sträitmuecht, sinn entspriechend Investitiounen annoncéiert ginn.

D‘Ukënnegung vum Emmanuel Macron um Virowend zum franséischen Nationalfeierdag, schreift sech an de Kontext vum dësjäregen Thema vun de Feierlechkeeten an: déi europäesch Verdeedegung a schléisst sech der, vun der NATO am Juni beschlosse Weltraum-Strategie, un. Am Verdeedegungsbündnis ass een iwwerzeegt, datt sech Kricher zukünfteg am Weltraum entscheeden.

Wiem de Weltraum gehéiert…

Schonn am Dezember 2018 haten d‘Amerikaner ugekënnegt sech méi dem Weltraum zouzewennen. Den Donald Trump huet d‘Schafung vum „United States Space Command“ ugeuerdent. Hei sollen zukünfteg all d‘Weltraumaktivitéiten zesummegefouert a koordinéiert ginn. D‘USSF (United States Space Force) soll déi sechst US-Arméi ginn. Et gëtt deemno Uspréch op de Weltraum

Bei esouvill „Interessi“ ass et verständlech, datt och China, Indien a Russland hir Systemer wäerten „ausbauen“ a sech op bewaffent Ausenanersetzungen am Weltraum virbereeden. Grond fir dat ganzt Krichsgeflüster: Satellitte sinn d‘Aen an d‘Ouere vun de Strategen um Buedem. Si erméigleche Kommunikatioun an Navigatioun, a kënnen alles gesinn. Also muss opgerëscht ginn.

Mee de Weltraum ass net „genuch“. Och de Mound ass nees fir vill Natiounen interessant ginn, a schonn e Méindeg wëllen d‘Inder sech dem Äerdtrabant unhuelen. D‘Missioun „Chandrayaan 2“ soll e Gefier mam Numm „Vikram“ (den Daperen) um Mound ofsetzen, mat deem déi vun der Äerd ofgewannte Säit erfuerscht soll ginn. D‘Missioun huet als primäert Zil Waasser ze fannen.

mat indymedia/par

Illustratioun: Gerhard Bögner/Pixabay

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, NATO, Stärekrich, USA, USSF, Weltraum, Weltraum-Sträitmuecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel