Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Eeër am Paté vun Zwan!
International Meenung Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Eeër am Paté vun Zwan!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Paté vun der

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert
International Meenung Neiegkeeten

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert

De President vun der Tierkei, Recep Tayyip Erdogan, en ausgewisenen

22. international AIDS-Konferenz wierkt op Gesellschaft an
International Meenung Neiegkeeten

22. international AIDS-Konferenz wierkt op Gesellschaft an

Um haidegen Dënschdeg gëtt zu Amsterdam op der internationaler AIDS-Konferenz

Fransousen enthalen sech bei de Kommunalwahlen (Gaaschtkommentar)

Frankräich ass am Coronaféiwer, déi sanitär Kris hëlt italienesch Zich un an awer sollt gewielt ginn

Fransousen enthalen sech bei de Kommunalwahlen (Gaaschtkommentar)

Alles wat net „systemrelevant“ ass, also d‘Gastronomie, den Eenzelhandel (ausser Liewensmëttel an Apdikten) d‘Kulturhaiser an d‘Sportinfrastrukturen, huet de Premierminister Edouard Philippe zou gemaach. Un de Kommunalwahlen e Sonndeg, gouf trotzdeem festgehalen…

Während d‘Oppositioun bis zum leschten Ament gefuerdert huet, den éischten Tour vun de Kommunalwahlen ze verleeën, war Matignon der Usiicht, datt all Moossnamen ergraff goufen, fir dësen Urnegang ënner „bal ganz normale Konditiounen“ duerchzeféieren. Et misst een sech just un déi gängeg a mëttlerweil wäit verbreete Mesuren halen. Ofstand, keng Hänn reechen asw.

FransousenElo hunn d‘Fransouse wuel mat grousser Opmierksamkeet all déi vill Recommandatiounen zur Kenntnis geholl, et sinn awer de Coronavirus Covid19, a ganz besonnesch déi nei Erkenntnisser, wéi och déi erschreckend rapid steigend Zuelen, déi hinnen den Ament méi present sinn. 8 vun 10 Posts an de sozialen Netzwierker behandelt just dëse Sujet, d‘Kommunalwahle sinn net direkt en Thema.

Aus engem Sondage vun der Kristallkugelfirma Ipsos-Sopra Steria geet awer och ervir, datt de Fransous generell säi politescht Interessi verluer huet. Esou hu 40% vun den Abstentionisten uginn, duerch déi sanitär Kris decouragéiert ginn ze sinn. 33% hunn hir Abstentioun mam Argument „Dat verännert mäin Alldag souwisou net“ motivéiert a 24% fanne kee wierdege Kandidat fir hir Stëmm.

FransousenVergiesse mir net déi „rose Bierger“, déi eis nach vum Mouvement vun de „Giele Gileten“ hir bekannt sinn: 17% hu uginn sech vun de Kommunalwahlen ze enthale fir hir Onzefriddenheet mam Macron-Regime ze demonstréieren, 16% wollten esou hire „generellen Degoût“ vun der politescher Klass zum Ausdrock bréngen. Et kéint ee soen, dës Wahle stoungen net ënnert engem gudde Stär…

Wat d‘Resultater ugeet, esou fannen déi Virwëtzeg all d‘Detailer um Internetsite vum franséischen Inneministère. Fir déi ënnert de Fransousen déi dem Virus d‘Stir gebueden hunn an hirer Flicht als Bierger nokomm sinn, waren 83% der Meenung, datt déi lokal Erausfuerderungen ausschlaggebend sinn, fir de Recht beaflossen och déi nationalpolitesch Decisiounen d‘Kommunalwahlen.

FransousenOp kommunalem Plang stinn d‘Prioritéite vun de Wieler fest: d‘Sécherheet (37%), déi Ëffentlech Servicer an d‘Proximitéit (36%). Mee och den Ëmweltschutz an d‘Kultur stoungen um Programm. Wat den éischten Tour betrëfft, esou geet et elo emol drëms d‘Punkten ze zielen an sech fir déi 2. Ronn opzestellen, woubäi, ugesiichts der zolitter Kris déi d‘Land elo am Grëff huet stellen sech Froen…

Kann de Premierminister, och wann dat vun de Parteie géif anescht gefuerdert ginn, um zweeten Tour vun de Kommunalwahle festhalen? Laut de bestoende Gesetzer, muss déi 2. Ronn 14 Deeg nom 1. Tour ofgehale ginn. D‘Chancen datt dës éischt Ronn, bei enger Ofso vun der zweeter, och muss widderholl gi si grouss, wat d‘Verweigerung déi éischt ofzesoen zum Polit-Skandal mécht.

Fransousen

D‘Cheffin vun der rietsnationalistescher Partei „Rassemblement National“ (fréier: Front National) Marine Le Pen war wielen, fir 60% vun hiren Unhänger, esou zumindest de Sondage, ass sech un d‘Recommandatioune vun de Gesondheetsdéngschter gehale ginn. Si sinn doheem bliwwen. © RN

Vum Murielle Langevin / IM-Paris

Aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: En Androck vun engem Wahlbüro a Frankräich um Sonndeg kuerz viru Mëtteg. © Yassine

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Frankräich, Kommunalwahlen, Sanitär Kris, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel