Search

You may also like

Fir eng koherent Reform vun de Formatioune vun alle Gesondheetsberuffer
Meenung

Fir eng koherent Reform vun de Formatioune vun alle Gesondheetsberuffer

Zanter ee puer Méint huet sech en ëffentlechen Debat breet

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie
Meenung

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie

A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen

money
Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…
Meenung

Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…

Dem Boris „King of the World“ Johnson säi Slogan am

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Am Oktober gi mer emol an d‘Gemengewahlen an de Bierger géif gutt drun doen sech domadder och ausenaner ze setzen. D‘Programmer sinn net nëmmen esou ënnerschiddlech wéi d‘Parteien, se differenzéieren sech och naturgeméiss vu Gemeng zu Gemeng.

Mee Lëtzebuerg wier eben net Lëtzebuerg, wann net scho virun de Gemengewahlen och d‘Chamberwahle vun 2018 an d‘Gespréich bruecht géifen. Elo kéint een dat natierlech dem „Summerlach“ unhänken. Méiglech wier esouguer unzehuelen, et wéilt een vun den eigentlechen Themen am Gemengewalkampf oflenken. Fir mech ass béides falsch.

Richteg ass villméi d‘Feststellung, datt sech engersäits déi kleng Oppositiounsparteien d‘Fro stelle wien mat wiem d‘Geschécker vum Land wëlle leeden. Anersäits déi berechtegt Fro, op d‘Weiderféiere vun der Koalitioun méiglech ass. Dat ee gutt Joer virun de Walen an engem gutt gefëllte Sessiounsprogramm 2017/18.

Gutt dann, et dierf een der Meenung sinn, datt uechtert Land vill Leit mat deem wat eis Regierung bis ewell op den Dësch geluecht huet, net zefridde sinn. Et kann een interpretéieren, datt déi Blo bei de Chamberwahle Sëtzer sollte verléieren. Dorausser géif sech erginn, datt déi als „Gambia“ bezeechent Koalitioun kee Bestand méi hätt.

Dat ass dann awer déi Saach esou vereinfacht, datt et u sech keng wierklech Alternative géif ginn. D‘CSV dierft weider stäerkste Fraktioun bleiwen. Si wier also déijéineg, déi d‘Regierung kéint bilden, freet sech also mat wiem? An u fir sech bleiwen do reng rechneresch just d‘LSAP an d‘DP. E muss een also ee Joer virun de Walen, béide Parteie scho vill Opportunismus ënnerstellen, wëll keng vun den dräi Parteien hu sech bis ewell e Kaddo gemaach.

Elo kann een argumentéieren: „Pak schléit sech, Pak verdréit sech“. Dat ass dann awer ganz bëlleg a beweist wéineg Politikverständness. Dofir ass ee gutt beroden sech déi aktuell Koalitiounsregierung mat beduecht unzekucken, vläicht och emol déi geleeschten Aarbecht ze hannerfroen.

Et ass villes realiséiert ginn. Et muss ee sécherlech net alles gutt fannen, et dierf een awer och net alles zerrieden. Fakt ass jiddefalls, dat eng gesond Entente tëscht den dräi Parteie besteet. Och dat muss een net gutt fannen, ass awer esou. Wann een dann och nach weess, wat sech déi dräi alles virgeholl hunn, an wat och wierklech muss zum engem Ofschloss kommen, dann dierf een unhuelen, datt d‘Koalitioun d‘Ambitioun huet weiderzemaachen.

Op dat méiglech ass, entscheet zu gudder Läscht awer de Wieler. An deen ass de Moment awer wierklech besser beroden sech op d‘Gemengewahlen ze konzentréieren. Do ass et wou gëllt eng richteg an zukunftsweisend Entscheedung ze treffen. Loosse mer d‘Koalitioun dofir einfach nach hir Aarbecht maachen. Op mer hinnen duerno nach emol d‘Vertrauen ausschwätzen, sollte mer eis wéinstens bis zum Fréijoer 2018 ophalen.

Related topics Chamberwahlen 2018, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Politik
Next post Previous post