Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich
Kultur Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Et gëtt méi europäesch Politiker déi den Ament kee gutt

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !
Kultur Neiegkeeten

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !

Bei OGBL fänkt een un es deem ganze midd ze

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

Vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artistenop eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten änneren sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mir lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.

No ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019) ass dës neikabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 60erJore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.

A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbannen sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Alles am Bléck

D’Kulturfabrik invitéiert den 22. Januar 2020 op déi satiresch Chronik „Fréier wor alles“. D’Diere maachen um 19:30 Auer op. Ticketen ginn et am Virverkaf fir 10 € (+ Fraisen), respektiv 7 € (+Fraisen) am reduzéierte Präis. Un der Oweskeess kascht den Ticket 15 €, reduzéiert 12 €.

Ähnlech Sujeten Fréier wor alles, Humor, Ironie, Jhemp Hoscheit, Jules Arpetti, Kabaret, Kulturfabrik, satiresch Chronik, Smombie, virdigital Zäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel