Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
EU-Sommet: Spuenien keen (offiziellt) Thema
International can casual dating turn into a relationship

get responses online dating

Datt sech vum EU-Sommet (19-20. Oktober) net vill ze erwaarde

https://moien.lu/dating-for-7-months/
International can casual dating turn into a relationship

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!

Um kommende Samschdeg ass Är Hëllef gefrot. Den Natur- a

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
International can casual dating turn into a relationship

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

Fréiere President vu Frankräich am Alter vu 86 Joer verstuerwen

Fréiere President vu Frankräich am Alter vu 86 Joer verstuerwen

De konservative Politiker Jacques Chirac, deen zanter längerem Gediechtnesproblemer gelidden a sech kaum nach ëffentlech gewisen huet, ass gëschter am Krees vun der Famill am Alter vu 86 Joer verstuerwen. De President vun der franséischer Nationalversammlung, Richard Ferrand huet dat esou dem Parlament matgedeelt.

Seng politesch Carrière war jo och villfälteg: 18 Joer Buergermeeschter vu Paräis, verschiddentlech Ministermandater, zweemol Premierminister an 12 Joer Lang President vun der „Grande Nation“. An et gëtt der wéineg, déi wéi de Jacques Chirac, d‘Bild vum politesche Frankräich esou gepräägt hunn. Hie war als konservativen esou bei senge „Géigner“ zimlech populär a gouf respektéiert.

FrankräichHaart a Konsequent huet de Jacques Chirac seng „Muecht“ agesat. Hien huet sech net vun den USA gängele gelooss an ass och net blannemännerches mam George W. Bush an de Krich gaangen. Dofir huet hien als President vu Frankräich, d‘Matschold vum Kollaboratiounsregim um Verbrieche géint d‘Judden am zweete Weltkrich unerkannt. Hien huet sech Ansonste mat deene meeschte verstanen.

Zwee Flecke gëtt et am presidentielle Liewenslaf: esou seng Wal 2002, wou net hie vun de Bierger gewielt gi war, mee d‘Wieler (besonnesch déi lénk) d‘Wahl vum rietsradikale Jean-Marie Le Pen verhënnere wollten. Och den „Non“ beim Referendum zur EU-Verfassung 2005, kann een als en Déifpunkt vu sengem politesche Liewe betruechten. Och d‘Enn vun der „Carrière“ war net schéin.

FrankräichDen 1932 gebuerene Eliteschüler vun der ENA (Ecole Nationale de l‘Administration) huet als Zaldot am Algerien-Krich gekämpft a seng politesch Carrière ënnert dem Georges Pompidou ugefaangen. Hien ass deen eenzege President deen no senger Amtszäit zu zwee Joer feste Prisong veruerteelt gouf. Him war Verontreiung vun ëffentlechem Geld virgeworf an nogewise ginn.

Elo ass de Mann „Geschicht“ an vill Politiker weltwäit hunn nëmme „Guddes“ ze erzielen. Esou och de fréiere Lëtzebuerger Premierminister an ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Hien huet säi verstuerwene Frënd als de President vun der „la France d‘en bas“ bezeechent, dee vill fir den Zesummenhalt an Europa gemaach huet.

mat indymedia/par

Foto: Archives

Ähnlech Sujeten Frankräich, Jacques Chirac
Nächsten Artikel Virrechten Artikel