Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No der Ukrain, den Eclat wéinst der Syrien-Politik
International Neiegkeeten

No der Ukrain, den Eclat wéinst der Syrien-Politik

Beim treffen tëscht den Oppositiounsleader an dem Donald Trump ass

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal
International Neiegkeeten

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal

Et ass net verwonnerlech, datt sech ëmmer méi Länner hannert

Een neie Schäffen: Vereedegung vum Maurice Bauer
International Neiegkeeten

Een neie Schäffen: Vereedegung vum Maurice Bauer

Gëschter ass de Maurice Bauer (CSV) vun der Inneministesch Taina

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank

22 Finanzminister bestëmmen iwwert Wieder

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank

Am Kontext vum Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong (IWF) an der Weltbank hunn sech 22 (vun 189) Finanzminister zu enger „Klimakoalitioun“ Zesummegeschloss an och Ziler festgeluecht. Dorënner och den Ëmgang mam CO²-Ausstouss. Dee soll d‘Länner an Zukunft eng „deier ginn“.

Et ass schonn interessant datt e bessere Klimaschutz elo och d‘Finanzminister beschäftegt. An engem gemeinsamen Text hunn d‘Minister sech besonnesch op d‘Reduktioun vum CO²-Ausstouss verstännegt. Et ass net dat si nei technesch Léisunge fonnt hätten oder virschloe géifen, bei dësen Institutioune geet et ëm dat grousst Geld.

Fréijoers-Sommet

CO²-Emissioune sollen also an Zukunft d‘Länner richteg eppes kaschten, an ee Wee dohinner, wier d‘Kierzung vu Subventioune fir fossil Energien. Eng Grondlag déi och vu, Christine Lagarde, der Cheffin vum IWF esou ënnerstëtzt gëtt. Si notéiert datt 2015 fir fossil Brennstoffer, alles an allem 5,2 Billiounen US-Dollar u Subventioune gefloss sinn, an een dofir vill Schoulen hätt baue kënnen.

Engem Af Grimasse bäibruecht

Woubäi d‘Christine Lagarde den Äifer eppes bremst, an d‘Minister gewarnt huet uecht ze doen, datt déi d‘astelle vu Subventiounen net op zu Laaschte vum Salariat goen dierf. Domatter gëtt allerdéngs ugedeit, datt een d‘Quadratur vum Krees iergendwéi muss hikréien. A well dat net geet ass och nach virgeschloe ginn, d‘Ëmweltbäiträg ze erhéijen.

Fréijoers-Sommet

Eng weider Optioun: besser a virun allem méi effektiv Emissiounshandelsystemer aféieren. Et soll zukünfteg och de Faktor „Klimaschutz“ bei ëffentlechen Investitiounen an/oder de Staatsbudgete berécksiichtegt ginn. Subventioune soll et dann an Zukunft fir „privat Investitiounen“ an de Secteur vun den erneierbaren Energië ginn. Dat sinn allerdéngs déi selwecht wéi bei de fossillen Energien…

An dësem Veräi sinn ënnert anerem vertrueden: Chile, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Philippinnen, Schweden a Spuenien. D‘USA, déi iwwerzeegt sinn datt de Klimawandel eng Erfindung vun entweder de Chinesen oder Russen ass, maachen hei net mat. U sech bal egal, well ouni e generelle Paradigmewiessel gëtt et näischt.

mat indymedia/was

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Christine Lagarde, Fréijoers-Sommet, IWF, Klimakoalitioun, Weltbank, Weltwährungsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel