Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Bis un déi lescht Grenz
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Bis un déi lescht Grenz

Space, the final Frontier. Mat deene Wieder begleet de Patrick

Wou ass de Goss?
Kultur Neiegkeeten

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren
Kultur Neiegkeeten

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren

Um Mëttwoch hunn sech déi liberal Premierministeren an EU-Kommissären, op

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen

Nei Fréijoersliteratur vun Editions Schortgen

Passend zum waarme Fréijoer bréngt Editions Schortgen e Méindeg, den 20. Abrëll dräi nei Wierker eraus. Esou kann ee seng Fräizäit mat engem gudde Buch verbréngen!

De Fuuss an de Roude Léiw vum Thierry Hirsch (Reprint, 2. Oplo)

Den Auteur hëlt de Lieser mat op eng faszinant Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht a Lëtzebuerger Mythen, déi duerch eng zäitgeméiss Sprooch erëm lieweg ginn. An dësem Roman geet et ëm Intrigen, Verrot a Feigheet, mee och ëm Frëndschaft, Loyalitéit an Zivilcourage.

Dräi geheimnisvoll Draache sollen d’Lëtzebuerger Land virum Schwaarzen Adler retten. Dat decidéiert de Roude Léiw, deen allerdéngs net weess, wou sech dës Draache verstoppen. Si ze fannen – sou decidéiert de Roude Léiw weider – ass d’Aufgab vum Renert, zweete Mann am Staat, vum Lampert, dem Hues, a vum Lisa, engem jonke Meedchen.

  • Präis: 22,00 €
  • Säiten: 224
  • ISBN: 978-99959-36-90-7
  • Format: 20 x 14 cm
  • Softcover
Editions Schortgen

De Fuuss an de Roude Léiw vum Thierry Hirsch © Editions Schortgen

Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht vum Joseph Kayser

Den Arthur Schimberg ass Archivist an der Filial vun enger däitscher Bank. Wéi déi decidéiert, hire Site zu Lëtzebuerg zouzemaachen, muss hien all d’Dokumenter archivéieren, déi nach an de Këschten am Keller leien. Dobäi kënnt hien enger Rei Ongereimtheeten op d’Spuer.

Verschidde Geheimdéngschter ginn op hien ugesat, fir erauszefannen, wou dat Kapital elo ass, dat am Zweete Weltkrich verschwonnen ass. Grad an deem Moment léiert den Arthur d’Marie kennen, där hiert Schicksal op eng onerwaart Manéier mat de Machenschafte vun där Bank verbonnen ass.

Leider ass si stierweskrank, an den Arthur Schimberg muss schnell reagéieren, wann hien hir nach e leschten Déngscht wëll erweisen.

  • Präis: 16,50 €
  • Säiten: 132
  • ISBN: 978-99959-36-92-1
  • Format: 20,5 x 12,5 cm
  • Softcover
Editions Schortgen

Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht vum Joseph Kayser © Editions Schortgen

Er nannte mich Mile vum Renée Stoll

Mat Batterkeet an engem Fonken Humor kuckt d’Emilia, eng 93 järeg Lëtzebuergerin aus Schëffleng, op dat donkelst Joer vun hirem Liewen zeréck, dat hir Existenz fir ëmmer verännert huet.

Tëscht Juni 1944 an Abrëll 1945 war d’Fra mat italienescher Hierkonft, mat hirer ganzer Famill a verschidde Lager vun den Nazie verschleeft ginn, fir do schwéierst Aarbechten ze verriichten: 300 Deeg an Nuechten, an deenen d’Liewe vun der Sippe op de Kapp gestallt ginn ass an aus deene méi mat enger schwéierer Behënnerung entlooss ginn ass.

75 Joer méi spéit ass si prett fir hir Erfarungen ze erzielen. Hir emotional Geschicht fänkt dobäi kuerz nom éischte Weltkrich an Italien mam Bestietnis vun den Elteren Mathilde a César un. Androcksvoll beschreift si, wéi d’Famill tëscht de Kricher de Wee an de Groussherzogtum fonnt huet.

Déi schlëmm Erliefnisser am Laf vum leschte Krichsjoer hunn et schliisslech gepackt hir häerzhaft Liewensloscht ze dämmen, obwuel si bis haut ënnert uerge Spéitfolge leit. Ganz léisst sech d’Vergaangenheet net ofwimmelen, mee dem Milly säin onverwiesselbart Laachen ass bliwwen.

  • Präis: 18,50 €
  • Säiten: 248
  • ISBN: 978-99959-36-91-4
  • Format: 20,5 x 12,5 cm
  • Softcover
Editions Schortgen

Er nannte mich Mile vum Renée Stoll © Editions Schortgen

Ähnlech Sujeten Bicher, De Fuuss an de Roude Léiw, Editions Schortgen, Er nannte mich Mile, Fréijoer, Gleef net, Joseph Kayser, Literatur, René Stoll, Thierry Hirsch, wat d'Fréijoer der verspréch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel