Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
Crazy Stories

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

dislikesurprise
Frankräich: M6 keeft RTL
Crazy Stories

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“
Crazy Stories

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

tongue

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass

Wéi gestalt sech de fréikandleche Kontakt mat der Méisproochegkeet?

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass

D’plurilingual Erzéiung ass alles anescht, wéi e liichten Dossier. Kaum koum d‘lescht Joer de Message, datt elo och d’Franséischt sollt seng Plaz an der fréikandlecher Educatioun fannen, koumen och schonn d‘Reaktiounen. D‘Opreegung war grouss, och an de sozialen Netzwierker. Dat mécht et net onbedéngt mi einfach, de klore Bléck ze behalen. Nach méi komplex gëtt et, wann ee bedenkt, datt net nëmmen d’Franséischt, mee och d’Lëtzebuergescht an d‘Sprooch, déi d‘Kanner doheem schwätzen, hei eng Plaz solle kréien.

Et geet ënnert dem Stréch och dorëmmer, eng positiv Attitüd der Méisproochegkeet vis a vis ze vermëttelen.

Well am Praktesche kéint d’Situatioun net méi komplex ausgesinn, wéi se et scho mécht. D’Kanner hunn deelweis immens ënnerschiddlech Hannergrënn, wat dozou féiert, datt oft souwuel Lëtzebuergesch wéi och d’Franséisch nei Sprooche fir si duerstellen. Gläichzäiteg muss betount ginn, datt et net ëm Sproochenunterrecht geet, mee ëm Sproochefërderung. De Kontakt mat de Sprooche gëtt éischter spilleresch an domat kandgerecht opgebaut. Et geet ënnert dem Stréch och dorëmmer, eng positiv Attitüd der Méisproochegkeet vis a vis ze vermëttelen. An do huet Drock näischt ze sichen.

Den Interesse u Weiderbildung ass beim Personal grouss. D‘Offer deckt se bei wäitem net of!

Dëst waren d’Ugangsbemierkungen op der Tagung „L‘Education plurilingue dans l‘éducation formelle et non-formelle“ vun der Universitéit Lëtzebuerg. Si gouf organiséiert fir d‘Enseignanten an Educateur/trices, déi dat neit Gesetz implementéiere sollen. Méi wéi 150 Persoune ware komm, fir sech a Workshoppe weiderbilden ze loossen. De Fokus vun dëse Workshoppe war eben dës plurilingual Educatioun vu ganz klenge Kanner. D’Personal vun de Bildungsariichtungen kënnt aus ganz ënnerschiddleche Bildungshannergrënn. Dat betrëfft net nëmmen d‘Aart vun hiren Diplomer, mee och wou se studéiert oder geléiert hunn. Enseignanten kréie grad emol véier Stonne Weiderbildung, fir der neier Situatioun gerecht ze ginn. D‘Référent(e)s Pédagogiques dogéint der 30. All zousätzlech Offer ass do méi wéi wëllkomm, fir den neien Ufuerderunge gerecht ze ginn.

Op d’Fro hin, op mer da keng Virbiller hätten, muss d’Professorin Dr Claudine Kirsch vun der Universitéit Lëtzebuerg mat Neen äntweren. Zwar ginn et och an anere Länner geleeëntlech mi komplex Sproochsituatiounen. Mee meeschtens beschränkt sech dat nëmmen op zwou Sproochen. Zu Lëtzebuerg ass eleng d’Startsituatioun mat dräi verschiddene Sproochen eng komplett aner. Och d‘Zilsetzung ass méi komplex: Lëtzebuergesch soll ee léieren, sech mam Franséische familiariséieren an nach dobäi d‘Familljesprooch valoriséieren. Am Ausland gëtt sech op zwou Sproochen, oder op déi, déi doheem geschwat gëtt, konzentréiert.

Während de Konsens herrscht, datt Méisproochegkeet eng gutt Saach ass, esou herrscht nach laang keng Eenegkeet doriwwer, wéi een zur plurilingualer Ausbildung steet

Et verwonnert also net, datt den Undrang esou grouss ass. An och net, datt d’Diskussiounen deelweis esou hefteg gefouert gi sinn, wéi et de Fall war. Well während de Konsens herrscht, datt Méisproochegkeet eng gutt Saach ass, esou herrscht nach laang keng Eenegkeet doriwwer, wéi een zur plurilingualer Ausbildung steet. D’Ängschten, datt d’Kanner ze fréi iwwerfuerdert ginn, sinn do nëmmen een Aspekt. D‘Professorin Dr Claudine Kirsch mengt och, datt eleng de Fait, datt et och e politesche Manöver ass, dozou bäidréit, datt d’Stëmmung gereizt ass.

Déi Däitsch Sprooch gëtt gären an dëser Situatioun ausgeklammert

Déi aner grouss Fro, déi säitens der Universitéit Lëtzebuerg ëmmer nees an de Raum geworf gëtt, ass déi vum Däitschen. Dat Däitscht ass ëmmer nach d’Alphabetiséierungssprooch zu Lëtzebuerg. Mee dës Sprooch feelt an deem Konzept. Laut dem Claudine Kirsch gëtt gemengt, datt d’Lëtzebuergescht hei d’Bréck géing schloen, mee dorunner däerf een zweiwelen.

Lëtzebuerg leeft enger internationaler Entwécklung hannendrun a probéiert de Réckstand sou schnell wéi méiglech wett ze maachen.

Déi ganz Entwécklung war allerdéngs viraus ze gesinn. Lëtzebuerg leeft enger internationaler Entwécklung hannendrun a probéiert de Réckstand sou schnell wéi méiglech wett ze maachen. Et ass awer keng Klengegkeet, déi do geschitt: Wou Crèchen, Maison Relaisen a Precocen bis virun 15 Joer nach domat beschäftegt waren, einfach nëmmen op d’Kanner opzepassen, hunn se elo e Bildungsoptrag krut.

E Bildungsoptrag, deen definéiert an ausgefouert soll ginn. A wéi soll dëst geschéien? Kannergerecht ass et dann, wann de Sproochgebrauch an d’Aktivitéite mat afléisst. Wéi schonn erwäänt, geet et net dorëmmer, de Kanner e puer mol an der Woch 20 Minutte Franséisch Vokabele widder de Kapp ze geheien a fäerdeg ass et. Nee, do kommen aner Methoden, och mi spillerescher, zum Asaz.

Geschichten erziele spillt hei eng immens grouss Roll. Wann während dem iessen an an alldeegleche Situatiounen e staark kontextualiséierte Vokabulär an deene spezifesche Sproochen zum Asaz kënnt, ass dat bei de Geschichten eng ganz aner Saach. Mee och multimedial probéiert een, esou gutt, der neier Situatioun gerecht ze ginn: Apps, Videoen an ähnlech Mëttele sollen hëllefen, de Kontakt mat de Sproochen ze erliichteren.

Et kann awer iwwert eng Saach net ewech täuschen: D‘Situatioun ass a bleift komplex. Dorunner wäert sech, bei allen Diskussiounen, och an Zukunft näischt änneren. Mee wéi ee mat dëser Situatioun ëmgeet, befënnt sech aktuell an enger immenser Evolutioun.

Ähnlech Sujeten Däitsch, Franséisch, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Méisproochegkeet, Sproochesituatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    2

  • Love

    0