Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
Neiegkeeten

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger
Neiegkeeten

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger

Vum 26. Oktober bis de 25. November ginn d’Lëtzebuerger invitéiert

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie
Neiegkeeten

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie

Et war eng kuerz awer hefteg Veranstaltung déi den LCGB

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër anzeschloen, an och déi eng oder aner „gewoten“ Iddi muss hei erlaabt sinn. Rieds ass vun „déi lénk“, déi am Géigesaz vu villen anere Parteien, sech op hire Programm konzentréieren an, esou gutt wéi dat an engem Wahlkampf méiglech ass, der Polemik aus de Féiss ginn.

Esou ass et fir déi lénk „Zäit sech veränneren“, wéi dat geet, dat versichen si mat engem ganz kloren, awer och radikale Programm un de Bierger erunzedroen. Wéi se dat ze maache gedenken, ass och net vun der „Heck gepléckt“: e „rout“ Bichelchen enthält dat wichtegst aus dem Programm, an e Blietche gräift nach emol déi véier zentral Theme vum Wahlkampf op.

Déi lénk privilegiéieren d‘Informatioun. Gesichter op Plakater ass net hir Taass Kaffi, de Persoune-Kult net Bestanddeel vun hirer Ideologie. Si bezéien sech op hir Slogane, stellen sech dem Bierger och nëmmen als Equippe zur Verfügung. Wien „déi lénk“ als déi politesch Beweegung mat de beschten Argumenter gesäit, sollt si dann och als Partei wielen.

Wien hei aus Sympathie deen een oder anere Kandidat wielt, muss wëssen, datt si un hirem „Rotatiouns-System“ wäerte festhalen. Dat gewosst, sollt een sech awer hir ganz interessant Virschléi an de Beräicher Wunnen an Ëmwelt, Aarbecht a Soziales, méi genee ukucken. Sécher, villes kann een dem Beräich „Utopie“ undichten, mee dat wier dann awer ganz kuerz gegraff.

Bosseges gëtt et och: esou d‘Ofschafe vum Tanktourismus, Reduzéierung vun der Aarbechtszäit op 32 Stonne bei gläichzäiteger Erhéijung vum Mindestloun. Op europäeschem Niveau wëll déi lénk den Neoliberalismus verdrängen, d‘Steierharmonie erbäiféieren. Mee dat bescht um Programm, en ass fir d‘Éiwegkeet, also zumindest bis d‘Ziler erreecht gi sinn, geduecht.

Si sinn sech dann och duerchaus bewosst, datt si och no dëse Chamberwahle weider op der Oppositiounsbänk sëtze wäerten. Si gesinn sech awer zu Recht awer och als d‘Stëmm vum „Klenge Mann“, als déi Fraktioun, déi d‘Aarbecht vun der Regierung am A behält, an net zéckt sech zu den Ongerechtegkeeten auszedrécken. Si sinn dann och gutt ënnerwee, an sollten sech verbesseren.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi lénk, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel