Bluddeg Mineralien: Wéini kënnt e Lëtzebuerger Gesetz?
Et sinn nëmmen nach knapp 2 Méint, bis datt dat
Et sinn nëmmen nach knapp 2 Méint, bis datt dat
Den 23. Oktober 1958 ass d’Gebuertsstonn vun de Schlumpfen, deemools
Et ass schonn interessant, datt eng Natioun déi den internationale
Nodeems leschte Summer säin Album Freya Ridings erauskomm an direkt op Plaz 3 vun den Charts gelant ass, sinn déi eenzel Lidder schonn iwwer 100 Millioune Mol gestreamt ginn. Kee Wonner bei der eenzegaarteger an immens gefillsvoller Stëmm vun der britescher Sängerin. A Kombinatioun mam eleganten Optrieden an dem Fangerspëtzegefill um Piano entsteet een eemolegen Optrëtt.
All eenzelt Lidd vum Debut Album ass aus eegener Fieder, wouduerch d’Freya, nom Kate Bush sengem Running Up That Hill (2012), déi éischt weiblech Artistin gëtt, déi mat engem komplett selwer geschriwwene Wierk an d’Top 10 komme konnt. Thematiséiert gëtt d’Gefillswelt aus Zweiwel, Péng, Verletzlechkeet a Bedaueren.
Ganzer 13 Concerten si fir déi grouss Europatour verëffentlecht ginn, woubäi den Optakt den 27. Januar am Atelier zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Op wat waart Dir also nach? Tickete fannt Dir fir 30,70 € op www.atelier.lu.