Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)
Kultur Neiegkeeten

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)

Vill Mënschen hunn e gespléckte Verhältnis zu sougenannte Bezuelbarrièren am

Weltbank versprécht Milliarde fir de Klima
Kultur Neiegkeeten

Weltbank versprécht Milliarde fir de Klima

Um haidege Méindeg huet d‘Weltbank d‘Mobiliséierung vu ronn 200 Milliarden

D’Miss Lëtzebuerg 2019: Am Kampf ëm de Welttitel
Kultur Neiegkeeten

D’Miss Lëtzebuerg 2019: Am Kampf ëm de Welttitel

Mat zaarten 19 Joer kann d’Melanie Heynsbroeck den Titel als

Freya Ridings am Atelier: Wann duusst Liicht d’Gefillsdäischtert duerchbrécht

Freya Ridings am Atelier: Wann duusst Liicht d’Gefillsdäischtert duerchbrécht
© Shari Pleimelding/moien.lu

Kennt Dir d’Gefill, no engem ustrengenden Dag eng waarm Bidden anzeloossen, mam angenehm doftend Naass lues eng bannescht Entspanung ze schafen an dat gebuergent Gefill ze genéissen? Esou ähnlech kéint een et beschreiwen, wann déi britesch Singer-Songwriterin Freya Ridings virum Piano Plaz hëlt a wärend dem musizéieren ufänkt, de Publikum mat senger zerbriechlecher Stëmm anzehuelen. Gëschter Owend huet déi jonk Musekerin am Atelier gespillt an d’Wierker vu sengem jéngsten Album presentéiert.

Ier seng grouss Europatour zu Lëtzebuerg ufänke sollt, war et awer um britesch-iresche Sänger Jack Cullen, fir eleng an just equipéiert mat senger Gittar zur Introduktioun vun dësem musikaleschen Owend bäizedroen. Mat vill Wiermt, Sympathie an Éierlechkeet huet hie klanglech an thematesch den ideale Pendant zum Freya gebueden: Et goung ëm d’Léift!

Freya Ridings

Jack Cullen, britesch-iresche Singer Songwriter © Shari Pleimelding/moien.lu

Wou Léift ass, do kënne Sehnsucht, onerwidert Gefiller an de Wéi vun enger Trennung net wäit fort sinn. Als immens talentéiert, onofhängeg a staark Fra gëllt d’Freya Ridings als zäitgenëssesch Kinnigin vun de Balladen. No senger Ausbildung un der renomméierter London School for Performing Arts & Technology, wou och scho Sängerinne wéi d’Adele oder d’Leona Lewis studéiert hunn, ass dës Damm schnell vum Geheimtipp zum Absolute Muss erugewuess.

Eréischt virun 2 Joer hate mir d’Freya Ridings zu Köln an engem klenge Café am Keller spillen héieren. Eleng mam Keyboard, senger wonnerbarer Stëmm a senger eleganter Ausstralung huet hatt virun enger Hand voll Leit gespillt. Mëttlerweil fëllt d’Britin ganz Halen, wat wuel Hits wéi „Castles“ oder och „Lost without you“ ze verdanken ass.

Freya Ridings

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat sengem Debüt-Studioalbum, deen iwwregens selwecht heescht, wéi d’Sängerin, spillt hat ganzer 13 Concerten an Europa. Den Atelier zu Hollerech hat déi grouss Éier den Optakt zu dëser opreegender Tour ze maachen. Ma dat wollten sech d’Lëtzebuerger net entgoe loossen an esou war de Concertssall strubbelvoll mat Fans vun allen Alterskategorien.

Virun allem d’Kombinatioun aus Piano, Cello an der dusser Stëmm huet fir eng absolut magesch Atmosphär gesuergt. A bei den Texter muss ee sech dach tatsächlech froen „Wéi kann enger Fra, wéi dem Freya nëmmen esou d’Häerz briechen?“ D’Fans hunn et gespuert, matgefillt an all Toun opgesuckelt.

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Castles, Cello, Concert, Den Atelier, Freya Ridings, Jack Cullen, Léift, Liebeskummer, Lost Without You, Musék, Piano, Trennung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel