Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll
International Kultur Neiegkeeten

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll

Alles, vun der Regierung iwwert d‘Medie bis hinn zu de

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss
International Kultur Neiegkeeten

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee
International Kultur Neiegkeeten

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee

De Landwirtschaftsministère informéiert de Public, datt Päck mat Som um

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)

Nodeems de George Floyd ermuert ginn ass, ass Rassismus nees an aller Mond. A genee dofir ass dem Nana Kwame Adjei-Brenyah säin Debütroman liesenswäert, den Auteur ännert eise Bléckwénkel. En hält eis de Spigel virun d’Nues.

Mir mussen eis mat enger anerer Perspektiv ausernee setzen – an dat ass net einfach. Matkréie wat d’Affer erlieft an erdroe muss; Dag fir Dag a Schold ass déi falsch Hautfaarf. Oder d’Astellung bei den aneren.

Wéi fillt et sech un e jonken, schwaarze Bierger an Amerika ze sinn? Wéi eng Spueren hannerléisst de Rassismus bei de Personnagen? D’Äntwert fanne mir an den 12 Kuerzgeschichten, se sinn all speziell. A brutal, d’Liese fillt sech voyeuristesch un. D’Geschichten hunn meeschtens en oppene Schluss, ma ass dat gutt oder schlecht? Besteet nach Hoffnung? Ka sech nach eppes zum Gudde wenden oder sinn dat just Dreemereien?

Amerika – d’Land vun den dausend Méiglechkeeten …

Wierklech? Ech verbanne just Gewalt an en inkompetente President mat deem Land. Den Auteur schwätzt d’Konsumverhalen un, dat gëtt ëmmer méi, doriwwer muss och geschwat ginn. Déi Uspillung fënnt een am Buchtitel, de Black Friday ass jo bekanntlech deen Dag wou d’Amerikaner Schlaang sti fir Schnäppchen ze kafen an duerchzedréien.

Dem Auteur seng Schreifweis ass esou wéi se soll sinn – riicht eraus, en hëlt kee Blat virun de Mond a schwätzt näischt schéin. Et ass eng intensiv Erfarung, et bleift net aus, sech iwwert d’Tatsaache Gedanken ze maachen! Hien stellt eis op d’Prouf. Firwat versteet da keen, dass mir all gläich sinn? Esou schwéier ass dat dach net! Wien muss nach dofir stierwen?

Ech géing Iech uroden d’Geschichten een nom aneren ze liesen – maacht eng Paus dertëschent. Et ass kee Buch wat tréischt oder d’Liewe schéi schwätzt, et rëselt op. Ustrengend an éierlech. Kritesch. Jo, ech hunn iwwert dës Ongerechtegkeet misse kräischen.

Fiktiv hin oder hier, e Kär Wourecht stécht dran, dat ass eng Horrorvirstellung. An duerch dat Wësse sinn d’Erzielungen an d’Personnagen authentesch. Wat kënnt nach op eis oder op déi schwaarz Bierger duer? Kënnen si d’Angscht iergendwann ofleeën? Oder ass dat ze riskant?

Randnotiz: Dëse Liestipp ass zemools fir Besserwësser a Rassisten, villäicht léieren si jo eppes draus.

Ähnlech Sujeten Debütroman, Friday Black, Kuerzgeschichten, Nana Kwame Adjei-Brenyah, Rassismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel