Search

You may also like

D’Mobilitéit an der EU hëlt zou
International Neiegkeeten

D’Mobilitéit an der EU hëlt zou

An engem anere Land liewen a schaffen, wéi dat, an

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
International Neiegkeeten

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?
International Neiegkeeten

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?

An der online Zeitung „nature climate change“ huet e Grupp

Fridays for Future: Den digitale Protest

Fridays for Future: Den digitale Protest

Freides ass virun der Covid19-Pandemie op der ganzer Welt fir de Klima protestéiert ginn. An der éischter Rei d‘Jugend, mee och d‘Wëssenschaft an vill Erwuessener stäipen de Mouvement. Mee wéi protestéiert een an Zäite wou et ee Versammlungsverbuet besteet an e Sécherheetsofstand muss agehale ginn? D‘Äntwert liwweren déi nei Technologien an esou ass de Protest viral gaangen…

Besonnesch bei eisen däitschen Noperen hunn sech d‘Aktivisten extrem kreativ gewisen, firwat een dem éischten digitale Klimastreik säin Erfolleg net ofschwätze kann. Iwwer Stonne konnt een esou live op Facebook, Twitter oder YouTube „live“ mat derbäi sinn. Bedeelegt hu sech Kënschtler a Wëssenschaftler, mee et ware virun allem déi jonk Aktivisten déi sech géigesäiteg iwwertraff hunn.

FridaysZu Berlin huet et déi gréissten Aktioun ginn, déi ënnert dem Motto „FightEveryCrisis“ vun den Firdays for Future Aktivisten organiséiert ginn ass. Op der Wiss virum „Reichstag“ goufen dausende Banner, Biller a Plakater ausgeluecht déi d‘Aktiviste soss op den Demonstratiounen duerch d‘Stroosse gedroe ginn. Dëst Material ass vu 70 lokale Gruppen „agereecht“ ginn.

Sënn an Zweck vum ganzen? Der Bundesregierung soll iwwert dëse Wee verständlech gemaach ginn, datt wéinst dem Covid19, d‘Klimakris net dierf a Vergiessenheet geroden. Déi géif am Géigesaz zur sanitärer Kris net nëmmen d‘Mënschen treffen déi elo op der Welt liewen, mee si wier och eng Gefor fir déi zukünfteg Generatiounen. A villen anere Groussstied gouf et och Aktiounen.

Fridays

Mee et gouf natierlech net nëmme bei eisen Noperen „protestéiert“. An iwwer 100 Länner weltwäit haten sech d‘Aktivisten zesummegeschloss, fir hir Regierungen opzefuerderen, déi sanitär Kris als Start an eng nei Gesellschaftsform ze notzen. Dat gesinn d‘Acteure vu Finanz a Wirtschaft dann awer eppes anescht. Fir d‘Ekonomie ze relancéieren, misst een elo éischter d‘Gesetzer Lackeren.

mat indymedia/ber

Foto Op der Wiss virum Reichstag zu Berlin, war ee grousse Patchwork mat de Plakater an de Biller vun den Aktivisten aus 70 lokale Gruppéierunge gemaach ginn. Ob de Message bei der Politik ukomm ass?  © Fridays for Future Germany (via Twitter)

Related topics digitale Protest, Fridays for Future, Klimakris, Klimanoutstand, Klimawandel
Next post Previous post