Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!
exclusive dating sites in kenya

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral

https://moien.lu/mbarara-dating/
exclusive dating sites in kenya

questions to ask girl dating site

Am Kontext vun engem kulturellen Austauschofkommes tëschent dem Henan Museum

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?
exclusive dating sites in kenya

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?

Bis 2020 soll d’Akerbauschoul op Gilsdref plënneren. An hirer laanger

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) war den Toun entspaant an d‘Atmosphär eng Frëndlech. Et kennt ee sech an et weess ee sech ze schätzen, firwat een dat neit Joer gemälleg ugaangen ass.

Et huet ee sech iwwert e sëlleche Gesetzprojeten ënnerhalen, déi scho vun der virechter Regierung op den Instanzewee bruecht goufen. Dorënner och de Punkt deen sech op d‘Zäitspuerkonte vun de Salariéeën aus dem Privatsecteur bezitt, d‘Modalitéite fir de Reklassement an d‘Reglementatioun vun de Stagen an den Entreprisen, déi vu Studente geleescht ginn.

D‘Vertrieder vum OGBL hu begréisst datt de Mindestloun gehéicht ginn ass, wann och net an deem Ausmooss deen dem reelle Besoin entsprach hätt. Zefridden huet sech den OGBL och doriwwer gewisen, datt et zur Erhéijung vun de Congésdeeg komm ass, an de 9. Mee, als Dag vun Europa, elo zu Lëtzebuerg e gesetzleche Feierdag gëtt. Esouwäit de Luef.

Bei villem besteet Klärungsbedarf

Wann ee sech bei dësem éischten Treffe ganz manéierlech beholl huet, esou soll den Dan Kersch net dovunner ausgoen, datt déi gréisste Gewerkschaft am Land him eng laang Léngt léisst. Den OGBL ass wuel éischter zouversiichtlech wat de Regierungsprogramm betrëfft, weist awer drop hin, datt nach e puer Reformen am Aarbechtsrecht noutwenneg sinn.

Reforme bei deenen den OGBL selbstverständlech wëll e Wuert matschwätzen, an ee sech erhofft, vu datt sech kennt an op Aenhéicht matenaner verhandele kann, och entspriechend Fortschrëtter fir d‘Salariat zu Lëtzebuerg erziele wëll. Fir dësen zukünftege Gespréicher e konstruktiivt Fundament ze bidden, huet ee sech drop gëeenegt, sech reegelméisseg ze gesinn.

Foto: (v.l.n.r.) Carlos Pereira, Véronique Eischen, Jean-Luc de Matteis, Nico Clement, Dan Kersch (Aarbechtsminister), Änder Roeltgen (OGBL-President), Frédéric Krier an Nora Back. © MTEES

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Änder Roeltgen, Carlos Pereira, Dan Kersch, Frédéric Krier, Jean-Luc de Matteis, Nico Clement, Nora Back, OGB, OGBL-President, Veronique Eischen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel