Bessere Marketing fir gudde Wäin
Mat enger méi grousser Konkurrenz, Clienten déi nei oder aner
Mat enger méi grousser Konkurrenz, Clienten déi nei oder aner
Un a fir sech ass den Toddbrook Reservoir en onscheinbare
Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“
Net fir näischt huet d’Weltgesondheetsversammlung d’Roll vun de Medezinner a Personal am Gesondheetssecteur als wichtege Beitrag zum Erhalt an zur Fërderung vum Fridden ervirgehuewen. Just duerch hir Aarbecht konnt de Gesondheetssystem oprecht erhale ginn.
De Virus huet d’Regierungen an d’Gesellschaft weltwäit zum Ëmdenke bruecht. A Sécherheets ze liewen a sozio-ekonomesch Entwécklung ze erliewen ass net selbstverständlech. Dobäi ass d’Gesondheet vun der Bevëlkerung eng fundamental Konditioun fir Fridden a Sécherheet op der ganzer Äerd ze garantéieren. Ofhängeg ass si Fridden, Gesondheet a Sécherheet dobäi vun der Zesummenaarbecht vu Staat an der Eenzelpersoun.
Och déi Lëtzebuerger Union des Médecins pour l’Education et la Promotion de la Santé asbl UNIMEDPROSANTE, déi op de Friddensmarsch vu muer opmierksam mécht, erënnert un seng Aufgab, fir professionell a sozio-sanitär Ressourcen a Kompetenzen zesummenzebréngen, dës mat de verschidde Kollaborateuren – vu Wëssenschaftler, iwwert Fuerscher, bis hin zu Medeziner an Techniker – ze deelen an auszeschaffen, fir esou d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren an d’Bevëlkerung an enger sanitärer Kris ze stäipen.
Aktuell entwéckelt UNIMEDPROSANTE e Projet am Kader vum Programm Horizon. Hei huelen Spideeler, Gesondheetsagencen a verschidden Universitéiten deel, fir op d’Erausfuerderunge vum aktuelle Gesondheetssystem opmierksam ze maachen.