Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister
https://moien.lu/hookup-bloomington-il/

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

„Rock’n’Roll ass definitiv näischt fir al Leit, dat ass bewisen.

matchmaking agency company
https://moien.lu/hookup-bloomington-il/

does persistence pay off in dating

Zwee Deeg virum Referendum zur Onofhängegkeet a Katalounien, dee vun

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess
https://moien.lu/hookup-bloomington-il/

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

D‘Land a Mëttelamerika steet virum Biergerkrich. Trotz allem ass dem

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll

Komm maach mat a stell dech der Oprëschtung an de Wee!

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll

Déi lénk rifft déi ganz Bevëlkerung op, sech muer Samschdeg de 6. Abrëll dem Marsch fir de Fridden unzeschléissen, an esou mat haarder Stëmm géint d‘Militariséierung ze protestéieren. Kommt a loosst eis d‘Unhänger vun enger onvergläichlecher Sécherheetspolitik verdamen, zu Gonschte vun der Solidaritéit, der Zesummenaarbecht an dem Fridden.

Rëschtungswettlaf, Annulatioun vum INF-Vertrag, Militärinterventiounen a Kriminaliséierung vun de Migranten: et haut dréngend néideg sech géint déi securitär politik ze mobiliséieren, déi op alle Niveaue progresséiert. De Bléck ofwennen oder de Kapp „hänke“ loossen ass net méi méiglech. De Widderstand kann nëmme vun deene Fraen a Männer, geleescht ginn, déi sech fir Fridden asetzen, an d‘Majoritéit an eiser Gesellschaft ausmaachen.

Et ass dann och an dëser Optik wou déi lénk mat vill Enthusiasmus den Opruff vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform an dem OGBL begréissen, a mir ouni eis dësem ouni ze zécken zesumme mat der Zivilgesellschaft uschléissen.

Lëtzebuerg ass dann och keen „Observateur“ an dëser Course ëm d‘Oprëschtung. Eist Land bedeelegt sech aktiv dorunner, wat erkläert datt de Verdeedegungsbudget stänneg ugehuewe gëtt an en Enn net a Siicht ass: 365 Milliounen Euro eleng fir 2019 (zur Erënnerung 2014 waren et 210 Milliounen). Bei dësem Tempo, gi mir geschwënn méi Geld fir d‘Arméi aus, wéi mir es fir déi international Zesummenaarbecht an de Grapp huelen.

Kënnt nach derbäi, datt d‘Regierung sech ganz oppe fir d‘Entwécklung vun engem Militär-Komplex zu Lëtzebuerg ausgeschwat huet, si sech fir d‘Opstelle vun enger europäescher Interventiounsarméi asetzt, an elo och nach e Gesetzprojet op de Wee bruecht huet, deen et der Lëtzebuerger Arméi erméiglecht un all méigleche militäreschen Aventuren deelzehuelen, och ouni internationaalt Mandat.

Amplaz brav a gefälleg dee vun der NATO an de Lobbyiste vun der Waffenindustrie gezeechente Wee ze beschreiden, muss sech d‘Regierung besënnen an e couragéiert Géigebeispill sinn. Oprëschtung féiert zum Krich. Ass datt net gewollt, a wëll een de Fridde sécherstellen, da muss een sech fir déi international Zesummenaarbecht, de Kampf géint d‘Äerderwiermung, de Klimawandel a géint d‘Ongläichheeten asetzen.

Matgedeelt vun déi lénk, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Karikatur: © Schneider/FriSol

Ähnlech Sujeten déi lénk, Fridden, Friddensmarsch, FriSol, Ofrëschtung, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel