Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen
International Neiegkeeten

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen

Déi enorm Néierlag vu CSU (-10,4%) an SPD (-10,9%) bei

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt

All Joer um 5. Juni gëtt de weltwäiten Dag vun

An elo Här Premierminister?
International Neiegkeeten

An elo Här Premierminister?

Déi dräi um nationale Plang representativ Gewerkschaften, d‘CGFP, de LCGB

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Virun der geplangter Staatsvisite vum (nach) israelesche Regierungschef Benjamin Netanyahu zu Washington, wëll den US-President säi Friddensplang fir den Noen Oste virstellen. Am Kontext vum US-Wahlkampf ass verständlech, datt de Milliardär grouss Erwaardungen un den Accord stellt.

E Friddensplang fir den Noen Osten huet den Donald Trump schonn eppes méi laang ugekënnegt an elo soll deen zäitno, méiglechst virum Besuch vu sengem israeleschen Homolog virgestallt ginn. De Begrëff „Noen Osten“ ass allerdéngs eppes iwwerzunn, geet dem US-President dach hei an éischter Linn ëm e Friddensaccord tëscht Israel a Palestina. Woubäi et him hei net ëm de Fridde geet…

U Bord vun der Air Force One, huet de gréissten Diplomat an der Mënschheetsgeschicht der Press erkläert, datt hien iwwerzeegt ass, datt de Friddensplang sech opgoe kann. Et hätt ee och kuerz mat de Palestinenser geschwat an et soll zu weidere Gespréicher kommen. Den Donald Trump: „Ech si sécher si wäerten den éischten Ament negativ reagéieren, mee et ass fir si de beschten Deal“.

FriddensplangHien huet och confirméiert, datt hie sech vun häerze wënscht dësen Accord an ee sécheren Hafen ze bréngen, och oder vläicht grad, well et dee schwieregste Friddensvertrag iwwerhaapt ass. Beim Treffen tëscht dem Vizepresident Mike Pence an dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu zu Jerusalem, gouf d‘Aluedung bestätegt, woubäi festgehale gouf, datt och de Benny Gantz mat derbäi soll sinn.

Offiziell heescht dann och, datt bei dësem Treffen, déi regional Themen zu Diskussioun stinn. Am Mëttelpunkt steet dann och d‘Aussiicht op de „Fridden am Hellege Land“. En „Hellegt Land“ an deem an ee puer Wochen déi 3. Parlamentswahl bannent engem Joer ofgehale gëtt, an wou den US-President et nawell gäre geséich, wa säi Kumpel, awer korrupte Politiker, d‘Renne géif maachen.

An et ass dann och den Donald Trump selwer, deen als éischten iwwerrascht ass, datt béid Géigner matten am Wahlkampf zesummen an d‘Wäisst Haus kommen. Woubäi de Benjamin Netanyahu dem Mike Pence zu Jerusalem sot: „Ech mengen et ass wichteg, datt mir allebéid dës historesch Geleeënheet net verpassen“. Et geet also och hinnen ëm de Wahlkampf a manner ëm de Plang…

FriddensplangWéi realistesch sinn d‘Aussiichten, datt dem Milliardär – deen eng däitlech pro-israelesch Politik verfollegt, um Golan eng Siidlung mat sengem Numm huet an d‘Annexioun vum Westjordanland als legitiméiert betruecht – säi Plang bei de Palestinenser ukënnt? Zanter Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt gouf an d‘US-Ambassade dohinner verfracht huet ass d‘Vertraue verflunn.

Zudeem ass de Plang dee Washington virleet, keng „Propose“ iwwert déi verhandelt ka ginn, mee ganz kloer drop ausgeriicht, datt dat wat nach vu Palestina iwwreg ass, ni als eegestännege Staat soll bestoe kënnen. De Spriecher vum Palestinenserpresident Mahmud Abbas, huet zum Treffe vun en Dënschdeg, d‘Positioun vu senger Regierung nach emol erläutert.

Esou heescht säitens dem Nabil Abu Rudeinah: „Falls dem Trump säin Deal déi scho refuséiert Konditiounen enthält, wäerte mir als palestinensesch Autoritéit Moossnamen ergräifen, fir eis legitim Rechter ze sécheren. Da muss Israel senger voller Verantwortung als Besatzungsmuecht nokommen“. Iert dat awer zoutrëfft, dierft den Iran Israel als legitimme Staat unerkannt hunn…

mat indymedia/was/tlv

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Friddensplang, Israel, US-Wahlkampf 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel