Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dateschutzgremium fir Facebook
International Neiegkeeten funny dating adverts

https://moien.lu/singapore-mandatory-dating/

Et ass net well Facebook sech ganz rezent en neien

Militärmanöver mat Atomwaffen?
International Neiegkeeten funny dating adverts

Militärmanöver mat Atomwaffen?

„Et soll een net mam Feier spillen“, sot meng Mam.

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
International Neiegkeeten funny dating adverts

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

US-Milliardär versprécht Palestinenser en eegene Staat

Zweestaateléisung mat Jerusalem als Haaptstad vun Israel a vill Gebittsverloschter fir Palestina

US-Milliardär versprécht Palestinenser en eegene Staat

Den US President huet hënt säi Friddensplang fir den Noen Oste virgestallt an erwaardungsgeméiss hunn déi palestinensesch Autoritéiten ofleenend reagéiert. Den Donald Trump selwer ass natierlech iwwerzeegt, den hellege Gral an der Hand ze halen.

„Mir maachen haut ee grousse Schratt a Richtung Fridden“, esou den US-President, wei hie mat sengem Frënd Benjamin „Bibi“ Netanyahu dee mat Spannung erwaarte „Friddensplang“ presentéiert huet. Am Kär gesäit dësen eng fir d‘Amerikaner realistesch Zweestaateléisung vir, mee Jerusalem soll déi ongedeelten Haaptstad vun Israel bleiwen. Doriwwer eraus erkennt den Donald Trump d‘Souveränitéit vun Israel iwwer déi jiddesch Siidlungsgebidder am Westjordanland un.

E Viruert vu Jerusalem, Abu Dis, géif dann zur Haaptstad vu Palestina. Fir der palestinensescher Autoritéit den Deal „schmackhaft“ ze maachen, gesäit dem Milliardär säi Plang vir, de Palestinenser erhieflech Finanzmëttel zur Verfügung ze stellen. Den Donald Trump huet erkläert, datt dat Geld den Däiwelskrees aus Wuelfaart an auslänneschen Hëllefen ze beendegen. D‘Palestinenser hätten elo d‘Méiglechkeet sech „ee richteg onofhängegen a wonnerbare Staat“ opzeriichten.

Et ass déi eenzeg Offer

Den Donald Trump, deen zur Virstellung vum „Plang“ just den amtéierende Premierminister vun Israel a säin Erausfuerderer Benny Gantz agelueden hat – vun de Palestinenser war keen uwiesend – huet allerdéngs och eng Warnung ausgeschwat. Déi palestinensesch Autoritéite wiere gutt beroden, dee virgeluechte Plang unzehuelen, et wier gutt méiglech, datt et sech hei ëm déi lescht Geleeënheet handelt, déi hinnen en eegene Staat abrénge kann. Dat kléngt net no Matsproocherecht…

Palestinenser„Et war ee laangen a schwierege Prozess dëse Friddensplang auszeschaffen“, esou den US-President, dee nach emol betount, datt et déi éischte Kéier ass, wou Israel sech géif bereet erklären, beim Territoire e Kompromëss anzegoen. Gutt méiglech, mee och heizou gëtt et wéineg Detailer a mat der Unerkennung vun der Souveränitéit iwwert d‘Gebidder am Westjordanland, wou Israel illegal Siidlunge gebaut huet, sollt emol virgeluecht ginn, wéi op wat d‘Israelie verzichte wéilten.

Trump-Diplomatie an US-Wahlkampf

Den Zäitpunkt fir d‘Presentatioun vum Friddensplang – deen d‘Palestinenser an dëser Form sécher net wäerte kënnen unhuelen – huet manner mat der Absicht ze dinn, tatsächlech de Palestinenser en eegene Staat an esou eppes wéi Fridden ze bréngen, wéi mam Fait datt et sech beschtens an den US-Wahlkampf afüügt. A kee ka sech besser oute wéi den Trump selwer: „All d‘Regierunge sinn um Noost-Konflikt gescheitert. Ech sinn awer net gewielt gi fir déi kleng Saachen ëmzesetzen“.

PalestinenserHien ass sech wuel bewosst, datt d‘Palestinenser dëse Plang nach mussen unhuelen, a gëtt sech also zouversiichtlech. Et wier ee ganz komplexe Friddensplang, mee wann en ugeholl géif ginn, da wier et eng Chance d‘Regioun méi Sécher ze maachen a Wuelstand erbäizeféieren. Dëse Friddensplang wier zweiwelsfräi fir béid Parteien eng „Win-Win“ Situatioun. Dat géif jo och d‘Zoustëmmung vum Benjamin Netanyahu an dem Benny Gantz ënnersträichen, esou den Donald Trump.

De Bibi vu pro-israelescher Léisung begeeschtert

Fir den amtéierende Ministerpresident vun Israel, ass d‘Initiativ vum US-President eng grouss Chance. Mam amerikanesche Friddensplang ginn d‘Uspréch vun Israel am Westjordanland unerkannt. Den Donald Trump géif hei enger grousser Ligen en Enn bereeden. Domadder wier erwisen, datt et sech bei béiden „Uertschaften“ net ëm vun Israel besatem Gebitt handelt. Hie wier ënnert dësen Ëmstänn elo och bereet mam „Géigner“ iwwert e palestinensesche Staat ze schwätzen.

Palestinenser

Eigentlech ass et dem Donald Trump egal op d‘Palestinenser säi „Plang“ unhuelen oder eben och net. Hien huet mat sengem Virstouss e grousse Schratt am US-Wahlkampf higeluecht, an dat war oder ass dat eigentlecht zil vum Ganzen. Spéitstens nodeems gewosst war, datt d‘Palestinenser net um Ausschaffe vum Plang bedeelegt waren, war de Refus vum Mahmoud Abbas sécher. © White House

Offiziell heescht et, datt Ost-Jerusalem palestinensesch Haaptstad soll sinn. E Widdersproch vum Milliardär, firwat de Benjamin Netanyahu preziséiert: „Déi palestinensesch Haaptstad soll zu Abu Dis entstoen, engem Viruert vu Jerusalem. Ech wäert bei der nächster Cabinet-Sëtzung e Gesetz abréngen, fir israelescht Recht am Jordan-Dall, dem nërdleche roude Mier an de Siidlungen am Westjordanland anzeféieren. Israel bitt de Palestinenser um Enn vum Prozess eng bedéngt a begrenzt Souveränitéit un“.

Vull friess oder stierf…

Datt dee vum Donald Trump virgeluechte Friddensplang keng „Propos“ ass, mee faktesch déi palestinensesch Autoritéit zu engem Vertrag zwénge soll, erkläert schonn domadder, datt kee Vertrieder vun der palestinensescher Féierung an d‘Ausschaffe vum Plang agebonne war. De President Mahmoud Abbas hat dann och scho virun der Presentatioun, dëse Plang zréckgewisen. Zu Recht, well et verstéisst net nëmme géint UN-Resolutioune mee géint och d‘Vëlkerrecht.

Palestinenser

Esou verwonnert et net, datt de Mahmoud Abbas vun der „Joerhonnertklatsche“ schwätzt an de Plang als e „feindlechen Deal“ bezeechent. „Haut schloe mir den éischten Nol an de Sarg vun dësem Plang. Mir wäerte keen Ersatz fir Jerusalem als Haaptstad vum palestinensesche Staat akzeptéieren“, heescht et och säitens dem Hamas-Vertrieder, Kahlil al-Hayya, bei enger Kundgebung zu Gaza-Stad. Hei hunn se zu Dausende géint den amerikanesche Plang demonstréiert.

Och d‘Noperen si wéineg begeeschtert

Aus Jordanien – an alliéierte vun den USA – kënnt d‘Warnung un Israel, sech net ermonteren ze loossen a palestinensescht Gebitt ze annektéieren oder de Bau vu Siidlungen am Westjordanland ze erweideren. Eesäiteg Moossnamen déi eenzeg d‘Zil hätte Fakten ze schafen, wiere geféierlech, esou de jordaneschen Ausseminister Aiman al-Safadi. Jordanien hält och weiderhin un enger Zweestaateléisung, mat engem palestinensesche Staat am ganze Westjordanland, fest.

PalestinenserEng interessant Ausso, wann ee bedenkt, datt den Donald Trump iwwerzeegt war, datt Jordanien an Egypten sengem Plang géifen zoustëmmen. Déi egyptesch Regierung ass dann och eppes méi „konsensbereet“. Kairo huet d‘Israelien an d‘Palestinenser gläichermoossen dozou opgeruff, sech de Plang ganz genee unzekucken. D‘Zil misst et sinn en ëmfaassenden a gerechte Fridden, wéi och en onofhängege Palestinenserstaat ze schafen. E Sonndeg gëtt et op Ufro vun de Palestinenser eng Drénglechkeetssëtzung vun der arabescher Liga, wou de Sujet soll berode ginn.

Wie soss nach säi Pefferkär bäigedroen huet

Vun Teheran gëtt et och eng „Meenung“ an hei huet den iraneschen Ausseminister Javad Zarif via twitter däitlech gemaach: „Déi sougenannte Visioun fir de Fridden ass den Dram-Projet vun engem bankrotten Immobilie-Promoteur, mee et ass och den Albdram fir d‘Regioun an déi ganz Welt. An hoffentlech e Ruff un all d‘Moslemen, déi um Holzwee waren, endlech ze erwächen“. Dem Iran gëtt nogesot, datt si déi reliéis extrem Hamas finanziell a „militäresch“ ënnerstëtzt.

PalestinenserOch vun der UNO gouf et eng Reaktioun. Hei huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres nach emol op d‘UN-Resolutioune verwisen. D‘Positioun vun de Vereenten Natiounen hätt sech iwwert d‘Joren opgrond vu Beschlëss entwéckelt a wiere fir hie verflichtend. Zil ass eng Zweestaateléisung an de Grenze vun 1967. Also virum 6-Deeg-Krich, wou Israel sech d‘Sinai-Hallefinsel, d‘Westjordanland mat Ost-Jerusalem an d‘Golanhéichten „gekroopt haten“.

mat indymedia/was/tlv a Palestine News Network

Foto: Si si Kumpel a weisen dat och. De Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet zu Éiere vum US-President eng Siidlung op den Golanhéichten no him benannt, an den Donald Trump stellt sécher, datt déi Gebidder déi säi Frënd beusprocht och ënnert d‘Souveränitéit vun Israel falen. Also falls d‘Palestinenser den eesäiteg virgeluechte Friddensplang unhuelen. © Ivanka Trump

Ähnlech Sujeten Annexioun, Friddensplang, Israel, Jerusalem, Ostjerusalem, Palestina, Souveränitéit, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel