Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan
International Neiegkeeten

China onzefridde mat Presidentewahl an Taiwan

Déi chinesesch Zentralregierung zu Peking besteet op hir territorial Integritéit,

D‘Joer 2020 aus der Siicht vun der CSL
International Neiegkeeten

D‘Joer 2020 aus der Siicht vun der CSL

D‘Nora Back steet un der Spëtzt vun der gréisster Gewerkschaftsorganisatioun

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen
International Neiegkeeten

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

„Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun (PLO) zu Ramallah, wou drëms gaangen ass eng politesch Äntwert op déi unilateral Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel ze fannen, huet um Sonndeg de palestinensesche President Mahmoud Abbas, eng däitlech Ausso gemaach.

Hien huet déi vum Donald Trump gemaachten „Offer“ fir de Fridden, als „Schlag an d‘Gesiicht“ bezeechent. De Mahmoud Abbas huet hei och nach emol widderholl, datt eng amerikanesch Mediatioun am Friddensprozess net méi erwënscht ass.

D‘Suspendéierung vun der Unerkennung vun Israel (am Joer 1988) war eng vun den Optiounen déi am palestinenseschen Zentralrot – en Organ vun der PLO dat international als Vertriedung vun de Palestinenser aus den Territoiren an der Diaspora unerkannt ass – zur Diskussioun stoung.

„Mir soen dem Donald Trump, datt mir säi Friddensplang net wäerten unhuelen. D‘Geschäft vum Joerhonnert huet sech zum Schlag an d‘Gesiicht gemausert“ ënnersträicht de Mahmoud Abbas, dee beim palestinensesche Sommet den Toun virginn huet. Domatter kéint de palestinensesche President sech och op de Wonsch vum US-President bezéien, dee gären d‘Presidence vum „ultimativen diplomateschen Accord tëscht Israel a Palestina“ iwwerholl hätt.

„Oslo“ faktesch vum Dësch

Nom Refus vun all Form vun US-Mediatioun, en historesche Pilier vum Friddensprozess, huet de Mahmoud Abbas verséchert, datt Israel d‘Accorde vun Oslo (1993), zu der palestinensescher Autonomie an d‘Referenz fir d‘Friddensverhandlungen, „zerrappt“ huet.

„Ech soen et gëtt keen Oslo méi, Israel huet Oslo beendegt“, esou de palestinensesche President, deen drop higewisen huet, datt Entscheedunge fir d‘Zukunft op dësem Sommet musse getraff ginn.

Zur Erënnerung: den 13. September 1993, no laange sechs Méint vu Geheimverhandlungen zu Oslo, haten sech Israel an d‘PLO géigesäiteg unerkannt. Zu Washington war et a Presenz vum US-President Bill Clinton zu der historescher Ënnerschrëft ënnert „d‘Deklaratioun iwwert d‘Prinzipie vun der palestinensescher Autonomie“ fir eng Transitiounsperiod vu fënnef Joer komm.

An egal wéi eng Schlussfolgerung déi iwwer 120 Membere vum Zentralrot wäerte virleeën, a leschter Instanz ass et dem Mahmoud Abbas seng Entscheedung déi zielt. Zudeem sollt een erkennen, datt déi méiglech „Riposte“ vun de Palestinenser, d‘Ausmooss vun der „Roserei“, déi duerch dem US-President seng Entscheedung vum 6. Dezember ausgeléist ginn ass, verdäitlecht.

Wat erreecht ginn ass

Duerch déi vum Donald Trump ausgeléisten, wann net esouguer provozéierten Oprou, sinn an Tëschenzäit mindestens 16 Palestinenser ëm d‘Liewe komm. Déi iwwer Joerzéngte gewuessen diplomatesch Bezéiunge, sinn opgrond enger eenzeger – a vun der internationaler Communautéit net novollzéibarer – Entscheedung zerstéiert ginn.

D‘Relatiounen tëscht der palestinensescher Féierung an der Trump-Administratioun sinn „agefruer“. Et ass net dovunner auszegoen, datt iergendee palestinensesche Leader sech op eng Entrevue mam US-Vizepresident Mike Pence, deen den 22. an 23. Januar zu Jerusalem erwaart gëtt, wäert aloossen.

Un der Spëtzt vun der palestinensescher Autoritéit zanter 2005, hat den 82 järege Mahmoud Abbas am Virfeld betount, datt sech d‘USA als Intermediaire fir Friddensgespréicher disqualifizéiert hunn.

Op der Sich no der Zweestaateléisung

Fir déi palestinensesch Leader ass d‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel, de Beweis, datt d‘USA ganz kloer fir den zionistesche Staat Partei ergraff hunn. Eng Positioun, déi sech schonn ofgezeechent hat, wéi Washington sech géint d‘Schafe vun engem palestinensesche Staat ausgeschwat hunn.

Och d‘Tatsaach, datt een zu Washington, déi israelesch Kolonialiséierungspolitik an de besate palestinensesche Gebidder, net wëll a Fro stellen, wier en eendeitegt Zeechen. Zudeem dierf drop higewise ginn, datt den Donald Trump sech staark gemaach huet (an och nach mécht) fir d‘Representatioun vun der PLO zu Washington zouzemaachen.

Um Sonndegowend war de Mahmoud Abbas net op d‘Unerkennung vun Israel agaangen, mee huet däitlech „d‘Fortféiere vum Kolonialiséieren“ als eng Ofleenung vun der Zweestaateléisung bezeechent. Datt, esou net nëmmen d‘UNO, ass awer schlussendlech déi eenzeg Méiglechkeet, ee vun den eelste Konflikter op dëser Welt friddlech ze léisen.

„Déi wou sech en Abléck an eng nei palestinensesch Strategie erhofft haten, déi zu engem Enn vun der Besatzung, oder dem alenken zur Schafung vun engem gemeinsame Staat féiere sollt, dierften enttäuscht sinn“, esou den Hugh Lovatt, EU-Coordinateur fir Israel a Palestina.

mat AFP

Foto: De palestinensesche President Mahmoud Abbas huet um Sonndeg zu Ramallah ënnerstrach, datt Israel d‘Accorde vun Oslo zerrappt hunn. Och un enger weiderer Mediatioun vun den USA fir de Fridden, kéint een ënnert dësen Ëmstänn net méi festhalen. © Abbas Momani/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Israel, Mahmoud Abbas, Palestina, PLO, USA, Zweestaateléisung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel