Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
Neiegkeeten

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

Och en Diktator wëll vereedegt ginn
Neiegkeeten

Och en Diktator wëll vereedegt ginn

Nodeems – et muss een och an enger Diktatur de

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch, fir 15 Richteger an eisem Lückentext ze kréien?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch, fir 15 Richteger an eisem Lückentext ze kréien?

Ech weess jo net, op iech d’Lückentexter an der Schoul

D’Fro vum Dag: Wisou ëmmer dat schlecht Gewëssen?

D’Fro vum Dag: Wisou ëmmer dat schlecht Gewëssen?

Am Alldag leeft leider net ëmmer alles ronn. E schlecht Gewëssen a quälend Gedanken schläiche sech all ze oft an, ob begrënnt oder och onbegrënnt. Dobäi ass et gutt ze héieren, datt een net eleng ass. Mee wat kann een an esou enger Situatioun maachen?

Et wëll e roueg sinn, well e krank ass a keng Kraaft fir Haushalt a Kanner opbrénge kann. Sech këmmere geet leider net ewéi gewënscht. Den eegene Perfektionismus stellt sech engem an d’Féiss, et geléngt engem net säin Dageszil z’erreechen oder et huet een eppes Wichteges vergiess.

Hei just e puer Beispiller:

  • Wann d’Kanner selbststänneg ginn a si alles eleng maachen wëllen, eis Elteren awer domat den Androck vermëttelen, mir géingen alles falsch maachen
  • Oder wa si krank ginn a vill méi Zouwendung an Zäit ewéi normalerweis brauchen – a vläicht souguer méi, wéi Dir Iech leeschte kënnt
  • Wann Dir en Ament fir Iech braucht an dem Pappa d’Kanner fir e puer Minutten ofgitt
  • Villäicht och wann se träntelen, wat natierlech aus Kanneraen total entspaant ass – an Dir gitt rosen iwwer déi verlueren Zäit
  • Wann d’Kanner Iech an der Nuecht wakereg maachen an Dir am Hallefschlof genervt reagéiert
  • Wann d’Gedold fir e laangt Spill ze kleng ass oder wann Dir net genuch mat de Kanner ënnerhuelt
  • Wann een um Handy houng an duerno d’Gefill opkënnt, dem Géigeniwwer net genuch Opmierksamkeet ginn ze hunn

Dir wësst wat ech mengen, dat si just e puer Beispiller, bei deenen een e schlecht Gewësse verspiert an d’Lëscht kéint nach méi laang ginn. Mä wéi gëtt een dat schlecht Gewësse lass? Wat maachen? Wou läit d’Léisung verstoppt?

Ech denken, et ass wichteg all Dag drun ze schaffen: Probéieren sech ze berouegen. En anere Bléckwénkel anhuelen. Och emol ze akzeptéieren, wéi ee Gefill een do grad verspiert. Mir mussen eis mateneen austauschen, erausfannen ewéi de Géigeniwwer sech fillt. Kommunizéieren an sech och fir säi Verhalen entschëllegen.

Onst Ritual hëlleft ganz vill: Sech an den Aarm huelen. Esou geet keen am Sträit an d’Bett. A wann ech Iech dat schreiwen, ass et bestëmmt berouegend ze liesen, datt Dir net eleng mat dem Problem do stitt. Aneren Eltere geet et ähnlech, ech denken, datt dat en Deel vun eis ausmécht.

Och wa mir Mamma oder Pappa sinn, mir hunn och eisen eegene Charakter, dee mir onbewosst vernoléissegen. Mä wësst Dir wat? Huelt d’Erausfuerderung un. Sidd einfach Dir selwer, ouni dem schlechte Gewëssen ze vill Plaz ze ginn.

An denkt drun, dacks provozéieren d’Kanner dës Situatioun net aus Expressegkeet. Si léieren et eréischt.

Dat schlecht Gewësse lassginn, heescht eigentlech just, datt mir et unhuele mussen. Mir mussen domat ëmgoen. Et erkennen an him nolauschteren. An op kee Fall ënnerdrécken!

Opmaacherbild © Martino Pietropoli / Unsplash

Ähnlech Sujeten Akzeptant, Austausch, Elteren, Erausfuerderung, Fro vum Dag, Genervt, Kanner, Perfektionismus, Provokatioun, Ritual, schlecht Gewëssen, Zäitmangel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel