Search

You may also like

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler
Neiegkeeten

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler

Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen
Neiegkeeten

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Den 3. Februar ass um Geriicht d‘Uerteel an der Saach

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
Neiegkeeten

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger

Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger

Vill Froen am Stater Gemengerot

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol mat de Froe vun de Réit befaasst. Mee si hunn och een Abléck op d‘Sëtzung vum nächste Méindeg ginn, wou et exklusiv ëm d‘Schoulorganisatioun geet.

Froe gouf et der sëllecher. Den Tom Krieps (LSAP) wëll wësse, wéi et ka sinn, datt d‘Veräiner net informéiert gi wann d‘Wiss am Stade Josy Barthel nei gemaach gëtt. Déi zoustänneg Schäffin Simone Beissel (DP) huet dozou just gesot, datt iwwer dës Moossnam am Februar entscheet ginn ass. De President vum CAL Spora, Emile Hermes, huet am Mäerz Bescheed gesot kritt. Leschte Mount ass och nach ee Courrier un de Veräi gaange, fir drun ze erënneren. D‘Aarbechte fänken nächste Mount un an d‘Wiss sollt bis ugangs August net genotzt ginn.

e-Bikes a Plaz vu Vel’oh?

D‘Claudine Konsbrück (CSV) wollt du wësse, wéi et sech mat dem Service „Vel‘oh“ verhält a firwat déi net ganz oder op mannst zum Deel duerch e-Bikes ersat ginn. D‘Verkéiersschäffin Sam Tanson (déi gréng) huet drun erënnert, datt d‘Déngschtleeschtung vum aktuelle Bedreiwer bis Enn vum Joer leeft. Eng nei Ausschreiwung ass an Optrag ginn an et ass entscheet gi vum neien Déngschtleeschter ee Minimum vun 30% e-Bikes zur Verfügung ze stellen.

Fir den Armand Drews (LSAP) huet et ze vill Strummerten an der Avenue de la Liberté. Hie wollt emol wëssen op een deem net mat Streetworker kéint bäikommen. D‘Schäffin Viviane Loschetter (déi gréng) versteet d‘Suerge vum LSAP-Rot an erkläert, datt 14 Streetworker um Stadgebitt am Asaz sinn. Déi sinn den eenzelen ONG‘en ënnerstallt, déi mat der Situatioun vertraut sinn. Richteg wier, datt sech d‘Lag am Garer Quartier verschlechtert hätt an säitens der Gemeng alles gemaach géif gi vir der Situatioun Här ze ginn.

Da stoung nach Fro am Raum op ee net kéint wéi an der Leidelenger Gemeng d‘Carte Senior rembourséieren, datt aus sozialen an ëmweltverdréigleche Grënn. D‘Sam Tanson huet kuerz drop higewisen, datt dee „Geste“ mat ronn 290.000 Euro sech am Budget net gutt géif maachen an déi Carte Senior mat 100 Euro sécherlech keng Belaaschtung fir den Eenzelen duerstellt.

Dem Marceline Goergen (ADR) bereeden d‘Terrasse vun der Gastronomie Kappzerbrieches. Si wëll dofir wësse wéi et sech mat de Reglementer verhält a wéi d‘Sanktiounen zum Droe komme wann een dogéint verstéisst. De Patrick Goldschmidt (DP) äntwert entspaant a weist drop hin, datt d‘Pecherten dat iwwerwaachen. Bei engem éischte Verstouss géif et eng mëndlech Verwarnung, duerno eng schrëftlech Ermanung an wann dat dann net sollt duer goen, da gëtt op Käschte vum Gastronom geraumt.

Schoulrentrée 2017/18

D‘Colette Mart (DP) huet dem nächste Méindeg schonn emol de Virspann ofgeholl an ass mat engem entspaante Monolog op D‘Schoulorganisatioun vum nächste (Schoul-) Joer agaangen. Als Aleedung huet d‘Schäffin drop higewise, datt villes am positiven erreecht gi wier, besonnesch am Beräich vun den Infrastrukturen an der individueller Ënnerstëtzung vun de Kanner.

Ee gréissere Problem géif allerdéngs de „Cybermobbing“ duerstellen. Hei setzt de Schäfferot op Opklärung a Präventioun. Bei der Integratioun vu Flüchtlingskanner – och déi sougenannten „onbegleet“ – wier vläicht nach net alles 100%, mee jidderee géif hei säi bescht ginn, wat vum Schäfferot begréisst gëtt.

Wat d‘Zuelen ugeet, esou sollte viraussiichtlech eppes méi wéi fënnef dausend Kanner op 351 Klassen opgedeelt ginn, déi sech déi 19 Primärschoule vun der Gemeng deelen. Heivunner hu 40% déi Lëtzebuergesch Nationalitéit. Betreit ginn d‘Schüler vu 634 Enseignante, Chargéeën an Educateuren. Am Precoce sinn bis ewell 488 Kanner gemellt, de préscolaire huet där der 1.285. Den Effektiv vun de Klasse läit deemno am Cycle 1 am Schnëtt bei 15 Kanner, an de Cyclen 2-4 bäi 14 Schüler.

D‘Nofro fir eng Plaz am Foyer Scolaire geet stänneg an d‘Luucht an säitens der Gemeng gëtt alles versicht fir all Kand den Zougang ze erméiglechen. An de leschte Jore sinn eenzel Foyer‘en vergréissert ginn an et sollen nach neier gebaut ginn. Wat déi ausserschoulesch Aktivitéiten ugeet esou schéngt et bei der Nohëllef (Hausaufgaben) an de sozio-edukativen Aktivitéiten (Bambësch) keng weider Problemer ze ginn.

Eng Motioun fir d‘Kommissioun

Vun der Stater CSV gouf zum Enn vun der Sëtzung nach eng Motioun agereecht. An dëser fuerdert d‘CSV ënnert anerem de Schäfferot op een allgemengt Konzept fir d‘Foussgänger an der Stad virzeleeën. Hei geet et virrangeg ëm d‘Sécherheet, esou wéi dat am Koalitiounsofkommes tëscht DP an déi gréng versprach gi war.

De Maurice Bauer hat awer méi seng Doleancë virzedroen, wëll nach iert hie richteg zu Wuert komm ass, huet d‘Buergermeeschtesch d‘Motioun (wéi gewinnt) an déi zoustänneg Kommissioun verwisen. Well sech de Rot vun der CSV d‘Wuert awer net esou einfach verbidde gelooss huet, ass d‘Sam Tanson kuerz op d‘Interventioun agaangen. An der Kommissioun gëtt se dann elo am Detail besprach.

Wéi de Schäfferot mat esou Motiounen ëmzegoe weess huet „déi lénk“ op engem Blat Pabeier fir d‘Press duergestallt. Sechs Motioune vun de Réit Joël Delvaux an Guy Foetz sinn wuel an de Kommissiounen agaangen, do awer ni méi eraus komm. Déi eelst ass datéiert op den 24. November 2014 et gëtt och eng vum 7. Juli 2015 an déi läscht war den 22. Mee virgeluecht ginn. Wann d‘Vertrieder vun déi lénk da mengen et géif de Geck mat hinne gemaach, kann een hinnen net wierklech onrecht ginn.

Related topics Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad
Next post Previous post